Search

You may also like

Den EPP-Chef Weber a säi faschistesche Schützling
International Neiegkeeten

Den EPP-Chef Weber a säi faschistesche Schützling

Zanter Jore kann sech déi ungaresch Verwandtschaft bannent der grousser

What the Fakt – De weltwäiten Dag vun der Meteorologie
International Neiegkeeten

What the Fakt – De weltwäiten Dag vun der Meteorologie

Säit der Konventioun vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) am

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll
International Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg

Jair Bolsonaro verweigert Offer vun de G7

Brasilianesche President mécht sengem Ruff all Éier a bedreet d‘Existenz vum Amazonas-Reebësch

Jair Bolsonaro verweigert Offer vun de G7

Um G7-Sommet zu Biarritz hunn d‘Staats- a Regierungscheffen sech fir eng Direkthëllef an Héicht vun 20 Milliounen US-Dollar ausgeschwat. Geld dat derzou bäidroe soll, datt d‘Bëschbränn am Amazonasgebitt ënner Kontroll kënne bruecht ginn. De Faschist Jair Bolsonaro huet dat ofgewisen.

Et ass dem brasilianesche President säi Cabinetschef Onyx Lorenzoni, deen dem Noriichteportal G1 matgedeelt huet, datt déi vun de G7 ugebueden 20 Milliounen US-Dollar besser agesat géifen, wann domadder d‘Bëscher an Europa nees beplanzt ginn. Dem Jair Bolsonaro säi Büro huet de Refus vun der Hëllef bestätegt. Eng logesch Suite no de Beleidegunge géintiwwer dem Brigitte Macron.

Déi vun de G7 ugebueden Enveloppe an Héicht vun 20 Milliounen US-Dollar ass an éischter Linn geduecht fir Läschfliger an den Asaz bréngen ze kënnen. Dat ass net emol am Usaz eng Amëschung an intern Ugeleeënheeten, mee géintiwwer senge Landsleit verkläert de Jair Bolsonaro dës Offer. De Macron soll sech gefällegst ëm seng Problemer doheem an an de franséische Kolonië këmmeren.

Vill Gebraddels, wéineg Wierkung

Wann een et och engem Faschist net ka falsch maachen, de Souverän am eegene Land ze sinn an et och net ka sinn, datt ee sech an déi „intern Ugeleeënheete“ vu Brasilien anzemëschen huet, esou dierf awer festgestallt ginn, datt hie mat senge Sloganen, Rieden, politesche Programmer alles dru gesat huet, fir genee dat ze provozéiere wat elo zu enger weltwäiter Katastroph wäert féieren.

Laut dem Rosana Villar vu Greenpeace ass et net nëmmen e Bëschbrand mee schonn e Kierfecht. No engem Iwwerfluch vun der Regioun huet d‘Aktivistin nëmmen ee Fazit: „Alles wat mir gesinn ass dout. Dobäi ass den Amazonas fundamental fir de Waasserkreeslaf um ganze Kontinent. Ouni dëse Bësch, gëtt et an e puer Joer iwwerhaapt kee Reen méi am Süde vu Brasilien“. An d‘Folgen?

Datt de Jair Bolsonaro méi um finanzielle Profit interesséiert ass, wéi dann d‘Land als wierdege Partner vun der Weltgemeinschaft ze presentéieren, dat war gewosst. Datt hien déi eege Leit a ganz besonnesch déi indigen Vëlker mat haarder Hand an d‘Verdierwe féiere wëll ass u sech scho schlëmm genuch. Mat der Ofholzung duerch Brandrodung geréit d‘Welt aus dem Gläichgewiicht.

Feier um Brennen halen

Wann een et sécher muss als Weltpremière gesinn, datt sech de G7-Sommet eens war, datt déi Bränn am Amazonasgebitt eng Gefor fir d‘Weltgemeinschaft duerstellt, esou beweist dëse Schratt awer och, datt der berechtegter Skepsis vu schlecht informéierte Mënsche Rechnung gedroe ginn ass. A statt sech staatsmännesch ze ginn, mécht de brasilianesche President een op „Beleidegt“.

Dobäi mécht dat nees absolut Sënn. Hien huet dofir Suerg gedroen, datt Schutzmoossnamen net méi ugewannt ginn an d‘Agrarkonzerner kaum nach musse mat Strofe rechnen. Hien hat a senger Wahl-Campagne versprach de „Bësch ze raséieren“ an d‘Landwirtschaft – vum Soja bis zur Véizuucht – mat risege Flächen op en neie Level am Kontext vun der Weltwirtschaft ze bréngen. Egal wéi…

Déi vum G7 proposéiert Finanzhëllef verkläert de Faschist als „Affront“. Interessant ass dann awer datt grad de Jair Bolsonaro seet: „De Macron versprécht d‘Hëllef vu de räiche Länner fir den Amazonas. Wéi wann iergendeen aarme Leit géif hëllefen ouni eng Géigeleeschtung ze erwaarden. Wien huet et op den Amazonas ofgesinn? Wat wëllen déi do?“ Dat ass Diplomatie am Faschismus.

Aus Konflikter Kapital schloen

Et wier gutt fir d‘Welt, d‘Brasilianer an déi indigen Vëlker, wann dëst südamerikanescht Land nees e President géif kréien, dee sech dem Amt entspriechend behëlt. Wann een nach iwwert de Virworf vum „franséische Kolonialismus“ ewechblécke kann, esou muss déi sexistesch verbal Attack op Facebook entspriechend veruerteelt ginn. Bosseg hei: de Bolsonaro zelebréiert den Dissens…

Dozou muss ee wëssen, datt de Jair Bolsonaro säi politescht Kapital eenzeg an eleng op Konflikter opgebaut huet. Seng Rhetorik baséiert ganz entschidden op der Angscht an der Konfrontatioun, wat verdäitlecht wéi wichteg him de Sträit mam Macron ass. Esou ka verhënnert ginn, datt Brasilien déi bestoend Ëmweltpolitik nei ausriichte muss. Säi politesche Programm war ni ëmweltfrëndlech.

Wien de Reebësch schütze wëll, esou déi erkläerte Positioun vum Bolsonaro a sengen Handlaanger, ass ee „Feind vun der Wirtschaft an dem Wuesstem“. Elo awer dreet dem President seng Haltung géintiwwer der Weltgemeinschaft selwer zur Bedreeung ze verkommen. Esou ass et sengem Beholl geschëlt, wann d‘Fräihandelsofkommes mat de Mercosur-Staaten net sollt ratifizéiert ginn.

mat indymedia/ccs/bog/par

Foto: © Daniel Beltra/Greenpeace

Related topics Amazonas, Bëschbränn, Faschismus, G7, Jair Bolsonaro, Mercosur, Reebësch
Next post Previous post