Search

You may also like

Interessekonflikt bei der Familljeministesch? (eng kommentéiert Analys)
Kultur Neiegkeeten

Interessekonflikt bei der Familljeministesch? (eng kommentéiert Analys)

An engem „oppene Bréif“ – dee vun allen Oppositiounsparteie gemeinsam

National 5G Strategie: Op der Sich no Projeten
Kultur Neiegkeeten

National 5G Strategie: Op der Sich no Projeten

Fir eng zweete Kéier lancéiert de Medien- a Kommunikatiounsservice en

De Kampf vun de leschten Trumpianer
Kultur Neiegkeeten

De Kampf vun de leschten Trumpianer

Déi kommend Woch sollen am Kongress d‘Walresultater bestätegt ginn an

Offshore Film Festival: Sand, Mier a Waassersport am Kinepolis

Loscht op d'Mier an e bësse Vakanzefeeling?

Offshore Film Festival: Sand, Mier a Waassersport am Kinepolis

Ab dem 8. September erreechen Summer, Strand a Mier d’Kinoen a Frankräich, dat am Kader vum Offshore Film Festival. Mam Zil de Mënschen d’Mier a senger ganzer Schéinheet méi no ze bréngen, ginn ënnert anerem ënnerschiddlech Dokumentatiounen zu de Waassersportaarten, wéi Kajak, Surfen, Tauchen a Seegele presentéiert.

An enger gemittlecher Atmosphär léiert ee geheimnisvoll Plazen an Indonesien kennen, et seegelt ee mat der éischter weiblecher Mannschaft ëm d’Welt oder et taucht een an d’Kapsel Under the Pole fir d’Ënnerwaasserliewe kennenzeléieren.

Ma, och Lëtzebuerg hëlt un dësem besonnesche Filmfestival deel. Esou wäert den 29. September am Kinepolis um Kierchbierg de Sand tëscht den Zéiwe kribbelen an en Hauch vu Mieresloft am Kinossall schwiewen. Weider Informatiounen an Tickete zu dëser Seance fannt Dir HEI.

Méi zum Offshore Film Festival gitt Dir op www.offshore-festival.fr gewuer.

Related topics Dokumentatiounen, Ënnerwaasserliewen, Kajak, Kierchbierg, Kinepolis, Mier, Offshore Film Festival, Surfen, Tauchen
Next post Previous post