Search

You may also like

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr
International Neiegkeeten

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr

De 6. November waren d‘Gewerkschafte LCGB (Majoritär) an OGBL vun

Institutiounen déi d‘Welt (esou) net brauch
International Neiegkeeten

Institutiounen déi d‘Welt (esou) net brauch

Et gëtt Institutioune vun deenen een erzielt kritt, si wieren

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen
International Neiegkeeten

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen

Beim leschte Kaffi-Croissant mam Stater Schäfferot, stoungen nieft klenger Sujeten,

„New Start“-Ofkommes tëscht Russland an den USA

„New Start“-Ofkommes tëscht Russland an den USA

Moskau schéngt bereet Washington beim Ofrëschtungsaccord entgéintzekommen. Russland wier elo bereet d‘Unzuel un Atomsprengkäpp, fir d‘Dauer vun engem Joer, net weider eropzesetzen.

An déi schwiereg Verhandlungen, betreffend d‘Verlängerung vum leschte groussen atomaren Ofrëschtungsaccord tëscht Russland an den USA, ass nees eppes Schwong komm. Moskau soll sech zu Zougeständnesser bereet erkläert hunn, heescht aus dem US-Ausseministère. Washington huet matgedeelt, bereet fir en Treffen ze sinn, fir en iwwerpréifbaren Accord mat de Russen opzesetzen.

D‘Russen hunn d‘Ausféierunge vun den Amerikaner confirméiert. Esou wier Moskau dann elo och bereet, Unzuel vun den nukleare Sprengkäpp fir d‘Dauer vun 12 Méint anzefréieren. Sollten d‘USA net a leschte Minutt mat zousätzleche Fuerderunge kommen, sollt den „New Start“-Ofkommes verlängert ginn. Et ass wuel net déi allerbeschte Léisung, mat deem US-President ass net méi dran.

An d‘Zäit drängt. Schonn am Februar 2021 leeft dësen Accord aus. E Freideg hat den Zar Vladimir Putin den Amerikaner eng Prolongatioun virgeschloen. Zäit déi béid Kontrahente kéinten notzen, fir d‘Verhandlunge weiderzeféieren. Eng Propos déi dann awer vun den Amerikaner zeréckgewise ginn ass. Si hu vun de Russen d‘Zousécherung gefuerdert, datt d‘Arsenal net weider ausgebaut gëtt.

Den „nach“ gültegen „New Start“-Vertrag begrenzt d‘Zuel vun den Atomwaffen – esouwuel fir d‘Russe wéi fir d‘Amerikaner – op jee 800 Trägersystemer an 1.550 (asazbereet) Sprengkäpp. Sollt dëst Ofkommes net verlängert ginn, an/oder et kënnt zu engem neien Accord, kéim et zu engem neien atomare Wettrëschten. Datt géif och aner Länner ermonteren hir Arsenaler auszebauen.

Zur Erënnerung: d‘Russen, zesumme mat den Amerikaner, besëtzen (offiziell) ronn 90% vun allen Atomwaffen op der Welt. Et sinn iwwregens d‘Russen déi et gäre geséichen, datt d‘Ofkommes mat den Amerikaner verlängert gëtt. Dat kéint och längst erleedegt sinn, wier do net den Donald Trump, deem een hei ënnerstelle muss, aus strikter Wahlkampfstrategie, d‘Gespréicher behënnert ze hunn.

mat indymedia/was/mow

Illustratioun: © Humphrey Muleba / unsplash

Related topics Atomwaffevertrag, New Start Ofkommes, Nukleart Arsenal, Russland, USA
Next post Previous post