Search

You may also like

D‘Sozialisten zéien de Bilan
Neiegkeeten

D‘Sozialisten zéien de Bilan

Ënnert dem Motto: „Mi hu Wuert gehalen“ huet d‘LSAP e

Netzneutralitéit däerf net stierwen!
Neiegkeeten

Netzneutralitéit däerf net stierwen!

Geld regéiert net nëmmen d‘Welt mee ganz kloer och den

Kanadescht Parlament stëmmt e Gesetz fir Bréifdréierstreik ze beendegen
Neiegkeeten

Kanadescht Parlament stëmmt e Gesetz fir Bréifdréierstreik ze beendegen

D‘Service vun der Post sollten op dësem Dënschdeg nees „normal“

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt

Oflauschtere vu Sproochassistenten ass der Police erlaabt

Viru knapp engem Mount, huet den Deputéierte Sven Clement (Piratepartei) bei de Ministere fir bannenzeg Sécherheet (François Bausch) a Justiz (Felix Braz) nogefrot, wéi et de Legislateur zu Lëtzebuerg virgesinn huet, mat den Daten déi beispillsweis vu „Siri“ oder „Alexa“ an der Cloud gespäichert ginn, ëmzegoen an et ouni nei Gesetzer mat enger „Perquisitioun“ scho gedoen ass?

An senger parlamentarescher Fro wollt den Deputéierten zudeem wësse, op d‘Regierung Aschätzt datt d‘Oflauschtere vun engem Sproochassistent vun nationalen oder europäesche Gesetzer géif ofgedeckt ginn. Natierlech huet de Sven Clement och nogefrot op et schonn ugewannt ginn ass, falls jo wéi oft an bei ëm wéi eng Apparater huet et sech dobäi gehandelt? D‘Äntwert ass elo do.

Vun de Ministere François Bausch a Felix Braz heescht an der schrëftlecher Äntwert, dat laut hirem Wëssen nach kee Sproochassistent ofgelauschtert ginn ass. Et wier allerdéngs entspriechend dem Artikel 88-1 vun der Strofprozessuerdnung méiglech. D‘Ministere stelle weiderhi fest, datt d‘Police nach kee Sproochassistent am Kader vun enger Enquête matgeholl an/oder ausgewäert hunn.

Interessant och, datt säitens der Police an/oder Justiz bis haut nach keng Operateuren hu missen ugefrot ginn, fir Daten aus der Cloud zur Verfügung ze stellen. Gewosst ass elo och, datt nieft den Telefonen déi ofgelauschtert goufen och schonn „Datentrafic“ ofgegraff ginn ass. Dat awer ëmmer am Respekt vun de Gesetzer. Pro Joer ginn eng 300 dëser Moossname vun de Justiz ordonnéiert.

D‘Police mécht et net, mee Apple a Google maachen et

Wien dann elo mengt: „Dann ass jo alles an de Rei!“ dee kéint sech, zumindest wat d‘Sécherheet vu sengen Date betrëfft, elo eppes schudderen. Schliisslech ass längst bekannt, datt Amazon, Google an Apple genee déi Daten opzeechnen an dann och nach auswäerten. Natierlech alles ganz legal a mam Averständnes vun den User… Et gëtt ebe „Klicks“ déi si méi bedreelech wéi déi ganz Justiz.

Esou kann e Polizist nëmmen dann op engem User seng Daten am Netz zougräifen, wann zum engen ee Riichter dat ordonnéiert an den Operateur (dee ganz oft ausserhalb der EU sëtzt) esou frëndlech ass, den Autoritéiten „entgéint“ ze kommen. Apple (déi aner awer och) zum Beispill, späichert déi deels ganz intim Gespréicher of an déi ginn uschléissend vu Mataarbechter bewäert.

Dat wier „noutwenneg“ fir de Service ze verbesseren, esou den offizielle Wuertlaut vun de genannte Konzerner. Elo ass awer gewosst, datt net nëmme vertraulech Gespréicher tëscht Dokter a Patient, oder den verbal-eroteschen Echange tëscht Frënd a Frëndin opgezeechent an ausgewäert goufen. Si hunn hei och Zougrëff op Kontakt- a Standuertdaten, esou op Daten aus den Applikatiounen

Krass dann och d‘Feststellung, datt esou „Opzeechnunge“ vun de Leit déi „ofgelauschtert“ ginn, net vun dëse gewollt waren. Déi entstinn duerch falsch Aktivéierung. Verschidde Produkter déi engem ugebuede ginn, schalten sech beispillsweis an, wann een eng Tirett an hirer Noperschaft op oder zou mécht. Anerer schalten sech an, well se sech mat weideren Apparater verbanne wëllen…

Foto: © Intervista

Related topics Alexa, Dateschutz, Justiz, Oflauschteren, Police, Siri, Sproochassistenten
Next post Previous post