Search

You may also like

Bei der CGFP gëtt een esou lues ongedëlleg
International Neiegkeeten

Bei der CGFP gëtt een esou lues ongedëlleg

Aus dem Communiqué vum Daachverband vun de Gewerkschaften aus dem

Situatioun am Venezuela weiderhin ugespaant
International Neiegkeeten

Situatioun am Venezuela weiderhin ugespaant

Eis däitsch Noperen, déi hir wirtschaftlech Interessen a Südamerika verdeedege

Den Zar bréngt seng Scheewercher an d‘Dréchent
International Neiegkeeten

Den Zar bréngt seng Scheewercher an d‘Dréchent

Hien ass wuel net dee feinsten ënnert den zäitgenëssesche Staatscheffen

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie

De Spuenesche Premierminister dréit mat der Justiz

Katalanescht Parlament fuerdert Ofschafe vun der Monarchie

Nom scheitere vun den Onofhängegkeetsbestriewungen, war et eppes méi roueg ëm Katalounien ginn. Ze roueg kéint ee mengen, well en Donneschdeg huet dat katalanescht Parlament enger Resolutioun zougestëmmt, déi net manner wéi d‘Ofschafe vun der Monarchie a Spuenien fuerdert.

Dorops hin ass de sozialistesche Premierminister Pedro Sanchez „aus der Këscht gesprongen“ an menacéiert dat katalanescht Parlament mat juristesche Mesuren. Hien huet d‘Resolutioun vum katalanesche Parlament als „inakzeptabel“ bezeechent.

Et sinn d‘Separatistebewegungen an d‘Koalitioun vun der „anti-Onofhängegkeet“ En Comu Podem déi hir Mandater zesummegeluecht hunn, fir en Faveur vun enger Resolutioun ze stëmmen, mat där „d‘Interventioun vum Kinnek am katalanesche Konflikt“ condamnéiert, an „d‘Ofschafe vun enger Institutioun déi zäitlech iwwerholl an net demokratesch ass“ gefuerdert gëtt.

De spuenesche Kinnek Felipe VI ass a Katalounien net beléift. Hien hat sech riedlech beméit dës Kritik erauszefuerderen. Seng Ried am Hiecht 2017, mat där hien eng „streng Haltung“ géintiwwer den Independentisten erausgefuerdert hat, war déi berühmt Drëps déi d‘Faass iwwerlafen deet.

D‘Sozialisten an d‘Monarchie

Fir de Premierminister, dee bis heihinner mat grousser Vir- a Récksiicht mat de katalaneschen Independentisten en Dialog opgebaut huet, eng Enttäuschung. Wann hien engem Referendum zu méi Autonomie zougestëmmt huet, esou verweigert och hien sech der Onofhängegkeet.

De Pedro Sanchez, gouf den 1. Juni zum Regierungschef ernannt, nodeems de Mariano Rajoy, vun der Unioun aus: der lénker radikaler, baskeschen Nationalisten a katalaneschen Independentisten aus dem Amt verjot ginn ass. Fir ze regéieren, ass de Sozialist op hir Ënnerstëtzung ugewisen.

En Donneschdeg huet de Pedro Sanchez op de Vott vum katalanesche Parlament reagéiert. An engem Tweet huet de spuenesche Premierminister gesot, datt „déi haut de Mëtteg am katalanesche Parlament gestëmmte Resolutioun ass inakzeptabel. Dës Regierung wäert déi entspriechend juristesch Mesuren ergräifen, fir seng Verfassung a staatlech Institutiounen ze verdeedegen“.

mat AFP

Foto: De Spuenesche Premierminister, Pedro Sanchez, stellt sech als Sozialist virun d‘Monarchie an dréit dem katalanesche Parlament, an deem eng Resolutioun zur Ofschafung vun eben dëser Monarchie gestëmmt ginn ass, juristesch Moossnamen ze ergräifen, fir d‘Verfassung an déi spuenesch Institutiounen ze verdeedegen. © Javier Soriano/AFP

Related topics Felipe VI, Katalounien, Monarchie, Onofhängegkeet, Pedro Sanchez, Resolutioun
Next post Previous post