Search

You may also like

No der Faillite vu „Mille-Services Sàrl“
Neiegkeeten

No der Faillite vu „Mille-Services Sàrl“

Den Elektriker-Betrib Mille-Services Sàrl ass den 22. Juni Offiziell als

money
De STATEC huet ee Rass an der Kristallkugel
Neiegkeeten

De STATEC huet ee Rass an der Kristallkugel

Déi sougenannten Experte vum nationale statisteschen Déngscht (STATEC) hunn ee

Mediatioun tëscht SLEG a Regierung mat Propose ouni Alternativ ofgeschloss
Neiegkeeten

Mediatioun tëscht SLEG a Regierung mat Propose ouni Alternativ ofgeschloss

Um Méindeg hat d‘Gewerkschaft vun den graduéierten Educateuren (SLEG) seng

Strikt Moossnamen fir d’Ofschlossexamen 2021

Strikt Moossnamen fir d’Ofschlossexamen 2021

Um 17. Mee fänken d’Ofschlossexamen an de Lycéeën un a fir datt de Schüler déi gréisst méiglech Sécherheet gebuede ka ginn, huet den Educatiounsministère elo 5 Moossname presentéiert, duerch déi een déi Jonk virum Covid-19 schütze wëll.

Fir eventuell Infektiounsketten ze vermeiden kritt als Schüler vun enger Ofschlossklass eng Invitatioun fir an de Large Scale Testing ze goen. Dobäi gëtt et en Kit mat 5 Schnelltester, sou datt si sech zu all Ament Doheem teste kënnen. Ënnersträiche wëll den Educatiounsministère hei nach emol, datt déi Tester op fräiwëlleger Basis duerchgefouert ginn an ee keen negativen Test virweise muss, fir un den Epreuven deelzehuelen.

Zousätzlech dozou ginn d’Examenssäll esou ausgeluecht, datt d’Distanz vun 2 Meter tëscht all Dësch garantéiert gëtt. Méi wéi 100 Schüler dierfen net an engem Raum sëtzen. Wärend der ganzer Zäit muss d’Mask ubehale ginn.

Ass ee Schüler um Coronavirus erkrankt, gëtt dësen isoléiert an erhält eng Ordonnance vun der Gesondheetsdirektioun. Uschléissend gëllen, wéi och bei anere Krankheetsfäll, d’Bestëmmungen vum Artikel 6.3 vum groussherzogleche Reglement vum 31. Juli 2006: E Schüler, deen een Dag absent ass, kann den d’Prüfung um 3. Juni 2021 als Noexamen schreiwen. Wien méi wéi een Dag net present ass, gëtt an d’Epreuven am Hierscht verréckelt.

Befënnt e Schüler sech a Quarantän, da kann dës duerch eng Demande bei der Gesondheetsinspektioun (recours-covid@ms.etat.lu) fir d’Examen opgehuewe ginn. Dobäi dierfe si net den ëffentlechen Transport sëtzen, mee musse sech mam private Gefier deplacéieren. Dës weidere wäerte si an ee separate Sall gesat ginn, sou datt si net mat anere Schüler a Kontakt kommen. D’Surveillanten mussen hei eng FFP2-Mask droen.

Zu gudder Lescht gouf decidéiert, datt déi dräi lescht Schouldeeg – den 10., 11. an 12. Mee 2021 – iwwert Distanzunterrecht oflafen. Eenzeg fir Prüfungen an/oder Orallen mussen d’Schüler an de Lycée kommen.

Opmaacherbild: © Emma Shulzhenko / unsplash

Related topics Covid-19, Distanz, Educatiounsministère, Large Scale Testing, Lycée, Maskeflicht, Noexamen, Ofschlossexamen, Quarantän, Schnelltest
Next post Previous post