Search

You may also like

Problemer verlageren ass keng Léisung a sech
Neiegkeeten

Problemer verlageren ass keng Léisung a sech

Beim Syndikat ëffentlech Déngschter/Landesverband vum OGBL, ass ee saierlech bis

IKEA mécht et méiglech: 700 Moslemen bieden ënnert fräiem Himmel
Neiegkeeten

IKEA mécht et méiglech: 700 Moslemen bieden ënnert fräiem Himmel

Mat Ofstand, dofir awer all vereent: Zu Wetzlar, enger Stad

MoveWeCarry: Einfach a gratis d’Gepäck transportéiere loossen
Neiegkeeten

MoveWeCarry: Einfach a gratis d’Gepäck transportéiere loossen

Zënter dem 23. Juni 2020 kann ee vum neie Service

Daume gedréckt: 3.380 Schüler schreiwen hir Ofschlossexamen

Daume gedréckt: 3.380 Schüler schreiwen hir Ofschlossexamen

E Méindeg fänken zu Lëtzebuerg fir 3.380 ageschriwwe Schüler d’Ofschlossexamen un, an dat natierlech ënnert strikte Covid-Sécherheetsmoossnamen.

Si ënnerdeele sech an 1.976 (58,5 %) Fraen an 1.404 (41,5%) Männer. Am Ganze kommen 1.578 Schüler (901 Fraen a 677 Männer) aus dem Secondaire Classique, beim Secondaire Général sinn et 1.785 Schüler (1.062 Fraen an 723 Männer). Des weideren hunn och 17 Schüler aus den Owescoursen hiren Ofschlossexamen, dovunner sinn 13 jonk Fraen.

Am Ganze wäerten sech 1.385 Memberen aus der Examenskommissioun mat de schrëftlechen, mëndlechen a prakteschen Exame befaassen.

Weider Informatioune fannt Dir op www.men.public.lu.

Opmaacherbild: © Akshay Chauhan / unsplash

Related topics Classique, Covid-19, Examenskommissioun, General, Lycée, Ofschloss 2021, Owescoursen, Schüler, strikt Sécherheetsmoossnamen
Next post Previous post