Search

You may also like

Italien huet nees eng Regierung
Neiegkeeten

Italien huet nees eng Regierung

Gëschter am Nomëtteg war et endlech esouwäit. Nodeems de Chef

QuattroPole – een neie Videoclip
Neiegkeeten

QuattroPole – een neie Videoclip

E puer Méint no der éischter Publikatioun zum QuattroPole ass

Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camionen
Neiegkeeten

Kontrolle vun der Ladungssécherheet vu Camionen

An der Woch vum 22. Februar 2021 huet d‘Douanesverwaltung verstäerkt

Ofschlossexamen fir Technique a Classique: 3.479 Schüler trieden un!

Ofschlossexamen fir Technique a Classique: 3.479 Schüler trieden un!

Um 20. Mee fänken déi schrëftlech Ofschlossexamen am Enseignement Classique an Technique un. Dëst Joer sinn 3.479 Kandidaten ugemellt.

Dovunner sinn 1.928 weiblech (55,4%) an 1.551 männlech (44,6%). Bei den Ofschlossexamen am Enseignement Classique schreiwen insgesamt 1.684 Schüler, dovunner 918 weiblech an 766 männlech. Am Technique sinn 1.799 Schüler mat dobäi, déi sech an 1.007 jonk Fraen an 772 jonk Männer ënnerdeelen. Mee och vun den Owescoursen aus ginn ganzer 16 Schüler an den Examen, wouvun der 3 jonk Fraen an 13 jonk Männer sinn

Souwuel déi schrëftlech, wéi och déi praktesch Examen an d’Oralen ginn vun 1.224 Memberen aus 198 Examenscommissiounen ausgewäert. De ganze Programm kann ee sech ënnert www.men.public.lu ukucken. Mir drécken de Schüler d’Daumen!

Related topics Enseignement Classique, Enseignement Technique, Lycee, Ofschlossexamen, Schüler
Next post Previous post