Search

You may also like

What the Fakt – Virun 41 Joer stierft de King of Rock’n Roll
Neiegkeeten

What the Fakt – Virun 41 Joer stierft de King of Rock’n Roll

Mat senger neier Interpretatioun vum Rhythm and Blues a sengem

Editorial: All Liewen zielt!
Neiegkeeten

Editorial: All Liewen zielt!

Den Dout vum George Floyd an den USA, war déi

Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
Neiegkeeten

Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al

D‘Mëttelalterfest vun Useldeng ass net dat eenzegt Fest a sengem

Winterlights 2020: Wantermaart an Animatioun falen aus

Winterlights 2020: Wantermaart an Animatioun falen aus

Mëtt Oktober hat d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an d’Schäffe Serge Wilmes a Patrick Goldschmidt mat Freed de Programm vun de „Winterlights 2020“ presentéiert. D’Stänn vum Wantermaart an d’Animatioun sollten duerch d’Stad verdeelt ginn fir esou méi Plaz ze bidden. Dobäi sollten och streng sanitär Moossnamen gëllen. Gëschter gouf schliisslech de komplette Programm, duerch déi steigend Infektiounszuelen, ofgesot ginn.

Déi lescht Entwécklunge weisen, datt de Virus nees méi present ass. D’Stad Lëtzebuerg géif et als onverantwortlech empfannen, ënnert dësen Ëmstänn e Wantermaart ze organiséieren.

D’Lydie Polfer erkläert, datt een alles dru gesat hätt, datt déi dësjäreg Editioun vum „Winterlights“ net ausfält, an awer muss ee sech elo leider der Pandemie beugen. Elo gëllt et d’Gestes Barrières streng anzehalen, opmierksam ze bleiwen an déi sanitär Moossnamen ëmzesetzen. „D’Organisatioun vun engem Wantermaart géif d’Gesondheet vun de Residenten a Visiteure vun der Stad op d’Spill setzen. De Gemengen- a Schäfferot huet dofir d’Decisioun getraff an dësem Joer op d’Wantermäert an d’Animatioun an der Haaptstad ze verzichten.“

Fir awer e bësse festlech Stëmmung an d’Stroosse vun der Stad Lëtzebuerg ze kréien, wäert ee mat Beliichtung an Dekoratioun net spueren.

Weider Informatioune ginn et op pandemie.vdl.lu.

Opmaacherfoto: De Stater Wantermaart fält dëst Joer duerch d’Pandemie aus. Kuckt ee sech d’Foto mat de Mënschemassen vum leschte Joer un, ass dës Decisioun awer méi wéi verständlech © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Animatioun, Covid-19, Gestes Barrières, Lydie Polfer, Ofso, Pandemie, Patrick Goldschmidt, sanitär Moossnamen, Serge Wilmes, Winterlights 2020
Next post Previous post