Search

You may also like

Vereedegung vu Lëtzebuerger Zaldoten: 35. Zeremonie mam Henri Kox
Meenung Neiegkeeten

Vereedegung vu Lëtzebuerger Zaldoten: 35. Zeremonie mam Henri Kox

Um vergaangene Freideg ass am Centre Culturel zu Ierpeldeng op

Wéi gutt kenns du ons Haaptstad?
Meenung Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du ons Haaptstad?

[onionbuzz quiz-id=31][/onionbuzz] D’Stad Lëtzebuerg ass souwuel national wéi international vun

Erliefnis Baggerweier: E Paradäis fir Naturfrënn, Schwëmmer a Fëscher
Meenung Neiegkeeten

Erliefnis Baggerweier: E Paradäis fir Naturfrënn, Schwëmmer a Fëscher

Haut de Moie stoung beim Premier- a Staatsminister Xavier Bettel

Dem ëffentlechen Déngscht déngen?

Stellungnam vun der ADESP zum Wort-Interview mam Policeminister Henri Kox, verëffentlecht um 26. Oktober 2020

Dem ëffentlechen Déngscht déngen?

D’ADESP Asbl (Association du personnel policier détenteurs d’un diplôme de fin d’études secondaires de la Police Grand-Ducale) an de Syndikat vum ëffentlechen Déngscht vum OGBL wëllen nodréiglech verschidden Aussoe richtegstellen, déi säitens de Ministeren Henri Kox (déi Gréng), François Bausch (déi Gréng) a Marc Hansen (DP) am Wort-Artikel vum 26. Oktober 2020 gemaach gi sinn.

2018 gouf bei der Police déi mëttels Karriär (B1) agefouert, déi et bis zu dësem Zäitpunkt, am Géigesaz zum restlechen ëffentlechen Déngscht, bei der Police net ginn ass. Allerdéngs stell sech den als „Out/In“ bezeechenten Zougang zu dëser Lafbunn, den exklusiv de Primaner virbehalen ass, noweislech als ongerecht fir zirka 600 Polizisten eraus, well en ënnert anerem erhieflech finanziell Abousse mat sech zitt. Zirka 200 vun dëse Polizisten hunn doropshi hiert Recht an der selwechter Saach beim Verwaltungsgeriicht ageklot.

Ulässlech enger Aarbechtssitzung vun der ADESP mam ehemolege Policeminister François Bausch huet hien d’Problematik erkannt, spréch Ongerechtegkeeten, an huet Nobesserunge versprach. Hien huet weider ugekënnegt, datt hien d’ADESP bei engem Aarbechtstreffe mat dem Minister fir den ëffentlechen Déngscht Marc Hansen ënnerstëtze wëlle géif

Ob Wonsch vum Minister François Bausch gouf doropshi säitens der ADESP an enger Zesummenaarbecht mat der Police-Generaldirektioun e Gesetzesentworf betreffend engem „Reklassement“ opgestallt. Dëse gouf um 31. Mäerz 2020 vun der Police-Generaldirektioun, als optimale Léisungsvirschlag kommentéiert, un de Ministère fir bannenzeg Sécherheet weidergeleet.

Um 6. Juli 2020 koum et zu engem Aarbechtstreffen an der selwechter Ugeleeënheet mam Minister Marc Hansen, deen eis erkläert huet, hie kéint de vun eis gefuerderte „Reklassement“ net ënnerstëtzen, well e kee Prezedenzfall fir aner Verwaltungen ënnerhalb vum ëffentlechen Déngscht schafe wéilt. Ofschléissend huet de Minister Marc Hansen eis en technescht Aarbechtstreffe mat senge Regierungsréit zougestanen, fir méiglech Alternativen auszeloten.

Enn Juli 2020 huet de Minister François Bausch de Police-Ressort u säi Parteikolleg Minister Henri Kox iwwerginn.

Beim Aarbechtstreffen mat de Regierungsreéit vum Minister Marc Hansen um 5. August 2020 gouf nogewisen, datt déi am Wort-Artikel vum Minister Henri Kox ugekënnegt Opstigsméiglechkeete fir Primaner ab mëttlerem Déngschtalter onvirdeelhaft sinn a souguer erhieflech finanziell Perte mat sech zéien.

Opgrond dovu kënnen d’Minister Henri Kox, François Bausch a Marc Hansen d’Existenz vum am Wort-Artikel vun hinnen als „inexistent“ duergestallte Gesetzesentworf net verneenen.

Ofschléissend wëlle mir drop hiweisen, datt d’Police net iwwert „vill Opstigsméiglechkeete“ verfüügt, entgéint dem vum Minister Henri Kox am Wort-Interview senger Ausso. Well vergläicht een d’Police mat anere Verwaltunge vum ëffentlechen Déngscht, ass éischter de Géigendeel de Fall: Déi oppe Karriär gouf trotz gesetzlecher Basis bei der Police nach ëmmer net agefouert, d’“Voie expresse“ ass zäitgläich limitéiert a just den déngschteelste Beamte virbehalen an déi drëtt Opstiigsméiglechkeet „Out/In“ zitt finanziell Perte mat sech.

Aus dësem Grond weist d’ADESP op dëser Plaz mat Nodrock drop hin, datt de vun de Ministere verleugnete Gesetzesentworf eng gerecht Léisung fir d’Police duerstellt.

Mir bedaueren zudeem, datt d’Politik et virzitt, nei Beamten vun der B1-Lafbunn ze rekrutéieren, amplaz erfuere Beamte mam gläiche Scholofschloss an déi hinnen och zoustoen Grupp B1 anzestufen.

Matgedeelt vun der ADESP an dem Syndikat Ëffentlechen Déngscht vum OGBL/Landesverband

Déi offiziell Matdeelung fannt Dir HEI

Related topics ADESP, Beamten, Francois Bausch, Henri Kox, Karriär B1, Marc Hansen, OGBL, Out/In, Primaner
Next post Previous post