Search

You may also like

Neien Temperaturrekord zu Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten

Neien Temperaturrekord zu Lëtzebuerg

Mat 35,2°C déi gëschter de 15. September zu Steesel gemooss

AliExpress – legal, illegal?
Meenung Neiegkeeten

AliExpress – legal, illegal?

AliExpress ass bestëmmt jidderengem ee Begrëff. Déi chinesesch Plattform ass

Zesumme mat China wëll Lëtzebuerg d’Stären erfuerschen
Meenung Neiegkeeten

Zesumme mat China wëll Lëtzebuerg d’Stären erfuerschen

Lëtzebuerg gräift zënter Méint no de Stären. An ëmmer méi

Den OGBL begréisst déi jéngst Decisioune vun der Regierung

Den OGBL begréisst déi jéngst Decisioune vun der Regierung

Den OGBL huet déi substantiell Ännerungen vum groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz 2020, zu de Mesuren am Kampf géint de Covid-19 an zum État de Crise, déi um 6. Mee 2020 vum Regierungsrot ugeholl goufen, zur Kenntnis geholl.

D’Reglement gesäit vir, datt den Artikel 3, deen déi kommerziell Aktivitéite betrëfft déi viru fonctionnéieren duerften, duerch een neien Artikel ersat gëtt, dee sech op déi kommerziell Aktivitéite limitéiert, déi verbuede waren. Och den Artikel 4, deen déi essentiell Secteuren definéiert huet, gëtt duerch een neien Artikel zu de medezineschen Aktivitéiten ersat. D’Reglement gesäit vir, datt dës béid Artikelen um 11. Mee a Kraaft trieden.

Aus dësem Grond trëtt d’Possibilitéit, déi ee Refus vun all Demande u Congé säitens dem Employeur, sou wéi d’Méiglechkeet schonn accordéiert Congéen ze annuléieren – wou den OGBL sech dogéint gewiert hat – ausser Kraaft. Et muss e bedenken, datt dës Ausnam, déi duerch eng Decisioun vum Minister virgesi war, och op dës Secteure limitéiert war.

Duerch déi zukünfteg Absence vun der Definitioun vun den essentielle Secteuren ass dat groussherzoglecht Reglement vum 27. Mäerz, dat et erméiglecht huet d’Schaffzäit vun 12 Stonnen pro Dag a 60 Stonne pro Woch ze erhéijen, veraalt.

D’Erhéijung vun der Schaffzäit a verschiddenen Entreprisen aus dësen essentielle Secteuren geet soumat um 10. Mee zu Enn. Den OGBL begréisst d’Decisioun vun der Regierung, déi der Demande entsprécht, fir esou schnell wéi méiglech dësen Ausnameregimm ofzeschafen an dat nach virum Enn vum Krisenzoustand.

Matgedeelt vum OGBL

Related topics Aarbechtszäiten, Coronakris, OGBL, Pandemie, Regierung, Schaffzäit
Next post Previous post