Nordsyrien: Flucht an d‘Ongewëssheet
Säit Ankara seng offensiv géint d‘Kurden an Nordsyrien ageleet huet,
Op dësem Freideg huet am Schlass zu Senneng op Drock
D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt duerch eng urgent Inspektioun vun der
Zesumme mam Departement vun de Jonke begréisst an ënnerstëtzt den OGBL d’Initiative vun de Lëtzebuerger Lycéesschüler, déi de 15. Mäerz um weltwäite Protest fir de Klima deelhuelen.
D’Gewerkschaft gëtt de Jonken vollkomme Recht, sech fir noutwenneg Aktiounen, fir géint de Klimawandel unzekämpfen, anzesetzen. De Klimaschutz ass dobäi eng existenziell Erausfuerderung vun der gesamter Mënschheet.
An dësem Kontext erënnere si drun, datt si déi international Zieler zur Reduktioun vum Zäregas, fir esou d’Äerderwiermung ëm 1,5°C ze verhënneren, vollkommen ënnerstëtzen. Et ass absolut noutwenneg, sou wéi et och d’Schüler froen, datt endlech Moossname getraff ginn, fir zu enger decarboniséierter Gesellschaft ze kommen. Zur gläicher Zäit muss een awer och drun denken, datt bei dësem Iwwergang keng Liewensqualitéit verluere geet oder nei sozial Ongläichheete geschaf ginn.