Search

You may also like

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire
Meenung Neiegkeeten

Géint déi ongerecht Besteierung vun den Celibataire

Datt et keng Steiergerechtegkeet ka ginn, déi dësem Ausdrock kéint

Venezuela: Dissident fänkt un ongedëlleg ze ginn
Meenung Neiegkeeten

Venezuela: Dissident fänkt un ongedëlleg ze ginn

Et soll elo endlech nees zu Gespréicher tëscht der venezuelanescher

D’Sarah de Nutte qualifizéiert sech fir d’Olympesch Spiller zu Tokio
Meenung Neiegkeeten

D’Sarah de Nutte qualifizéiert sech fir d’Olympesch Spiller zu Tokio

Dat sinn nawell exzellent Nouvellë: Déi Lëtzebuergesch Dëschtennisspillerin Sarah de

OGBL: De Frontalieren hir Zukunft bestäerken

OGBL: De Frontalieren hir Zukunft bestäerken

De Finanzministère vu Frankräich huet elo just d’Ënnerschreiwe vun engem Ofkomme mat der Belsch ugekënnegt, mat deem déi am d’Steierofkommes tëscht den zwee Länner virgesi Schwell vu 24 Aarbechtsdeeg ausserhalb vum Lëtzebuergeschen Territoire, bis zum 31 August ausgesat gëtt.

Dat si sécherlech gutt Noriichten. All Frontalier, soll längerfristeg souwuel a Bezuch op d’Besteierung, mä och a Bezuch fir déi sozial Sécherheet an iwwer hier berufflech Zukunft berouegt sinn. Domat sinn d’Grenzgänger all gemengt: D’Belsch, d’Fransousen an déi Däitsch.

Tatsächlech sinn d’Prognosen apropos vun enger positiver Entwécklung duerch d’Ausrottung vun der Pandemie, déi mir erliewen, net optimistesch. Aus dësem Grond huet den OGBL kierzlech, déi fir Steieren a sozial Sécherheet zoustänneg Lëtzebuerger Ministeren opgefuerdert, fir länger Zäit bilateral Ofkommessen mat den Nopeschlänner ze schléissen, fir esou d’Beschränkunge vun der Steierschwell opzehiewen a vun de 25 % fir déi sozial Sécherheet.

Iwwert d’COVID-19-Kris eraus setzt sech d’OGBL am Interessi an der Fairness fir all grenziwwerschreidend Aarbechter a fir d’Harmoniséierung vum bilateralen Ofkommes an dësen zwee Beräicher an. Schonn säit 2015 fuerdert OGBL d’Upassung vun den dräi Steierschwellen an déi duerch déi Europäesch Veruerdnung 883-2004 festgeluechte sozial Schwell, dat heescht 25 % vun der Aarbechtszäit.

Déi Pandemie, déi mir erliewen, huet eis gewisen, datt dat, wat virdrun net méiglech war, an Zäit vun e puer Deeg erreecht konnt ginn an Teletravail fir vill Mataarbechter Realitéit gouf. Et ass elo kloer, datt den Zougank zum Teletravail och iwwer d’COVID-Kris eraus eng Fuerderung vu ville Mataarbechter a Secteuren ass.

An dësem Fall, wäert den OGBL a Bezuch op de grondsätzleche Respekt vum Aarbechtsrecht a vum Wuelergoen vun den Aarbechter opmierksam bleiwen. D’Recht op Trennung, Aarbechtsbedéngung an de Respekt vum Privatliewe si besonnesch Aspekter vun der OGBL déi net zum Nodeel vun den Aarbechter dierfe ginn.

Matgedeelt vum OGBL

Opmaacherbild: © Werner du Plessis / Unsplash

Related topics Aarbecht, Belsch, Bilateralen Accord, Fairness, Frankräich, Grenzgänger, Ofkommes, OGBL, Privatliewen, sozial Sécherheet, Steierschwell
Next post Previous post