SIGI: Beschëllegungen si Ligen
Den interkommunale Syndikat fir d’Gestioun vun der Informatik (SIGI) reagéiert
Den interkommunale Syndikat fir d’Gestioun vun der Informatik (SIGI) reagéiert
Mat der Arrivée vun der 5. Etapp huet sech d‘Hierarchie
Haut de Mëtteg soll sech den OGBL eng lescht Kéier mat der Direktioun vu Guardian Luxguard virum Office national de conciliation zesummefannen, fir sech hoffentlech duerch Diskussiounen a Verhandlungen eens ze ginn. Nodeems um 31. August e Plang zur Erhalung vun den Aarbechtsplazen ausgeschafft ginn ass, huet d’Firma sech ëmentscheet, datt si awer e Sozialplang wëllen.
„Dës Decisioun ass fir den OGBL net ze akzeptéieren, well de Plang zur Erhalung vun den Aarbechtsplazen, deen Enn August ënnerschriwwe ginn ass, et perfekt erméiglecht hätt, wann een ëm dann Zäit ginn hätt, fir all sec Kënnegung an der Entreprise ze vermeiden.“
Ganzer 80 % hu fir e Streik gestëmmt. Den Exekutivcomité huet sech um 23. November zesummefonnt, fir dëse Vott ze ënnerstëtzten a säi Go ginn, sou datt demonstréiert dierf ginn, wann an den nächsten Deeg keng Eenegung fonnt gëtt.
Dat offiziellt Schreiwes vum OGBL fannt Dir HEI.
Opmaacherbild: © Martine de Lagardère / moien.lu