Search

You may also like

Editorial: Akzenter Setzen
Neiegkeeten

Editorial: Akzenter Setzen

De Rapporter vum Budget kënnt aus de Reie vun der

Vereedegung vum Sylvette Schmitt-Weigel, Berard Ries an Nora Forgiarini
Neiegkeeten

Vereedegung vum Sylvette Schmitt-Weigel, Berard Ries an Nora Forgiarini

No der ministerieller Veruerdnung vum 1. September 2020 sinn d’Sylvette

En neie Stroossebelag um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (19.-20.07.2020)
Neiegkeeten

En neie Stroossebelag um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte (19.-20.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéieren, datt vun e Sonndeg, den

Géint d’Massestierwen am Horesca-Secteur

Géint d’Massestierwen am Horesca-Secteur

Schonn zënter Méint leiden zuelräich Secteuren ënnert der sanitärer Kris. Besonnesch d’Hotellerie, d’Restauratioun an d’Caféen sinn duerch déi streng Restriktiounen an d’Fermeturen schwéier getraff ginn. Den OGBL fuerdert dofir méi konsequent ëffentlech Hëllefen an eng domat verbonne Garantie, dass den Mataarbechter hir Aarbechtsplaz erhale bleift.

E Méindeg hat sech hiren Exekutivcomité zesummefonnt, fir d’Situatioun an de verschidde Secteuren ze analyséieren. Déi ekonomesch a sozial Konsequenzen dinn un allen Ecker wéi. Virun allem den Horesca-Secteur, als ee vun den am schlëmmste betraffene Beräicher, bereet dem OGBL Suergen.

Vum 15. Mäerz bis den 29. Mee 2020 stoung déi éischt Fermeture un. Zënter dem 26. November 2020 sinn d’Dieren nees zou a bis ewell ass et den eenzege Secteur, deen no de Feierdeeg nach ëmmer vun der Fermeture betraff ass. Ma, och vu Mee bis November ass den Ëmsaz konsequent erofgaangen. De Client muss schliisslech den Ofstand anhale kënnen, wouduerch manner Persounen en Etablissement besichen dierfen.

D’Vertrauen ass gesonk – schliisslech besteet am Horesca-Secteur en héije Risiko zur Ustiechung. Fir d’Moossname vun der Regierung beschtméiglech ëmzesetzen si gläichzäiteg d’Käschten däitlech geklommen. An dësem Kader ass eng finanziell Hëllef net nëmme berechtegt, mee noutwenneg. D’Etablissement hu jo keen anere Choix, wéi weiderhin zou ze bleiwen.

Den OGBL freet sech, ob de Montant vun dëser finanzieller Hëllef wierklech konsequent genuch ass. A kritt een Hëllef versprach, soll de Staat dës esou schnell wéi méiglech un d’Entreprise bezuelen fir e „Massestierwen“ ze verhënneren.

Dës Ënnerstëtzung soll mat enger Garantie zur Aarbechtserhalung verbonne sinn. Entreprisen, déi vun der Moossnam profitéieren, sollen hire Salariéen net aus ekonomesche Grënn kënnegen dierfen. Aus dësem Grond proposéiert d’Gewerkschaft e sougenannten „Horecadësch“, bei deem sech all Acteure zesummefannen, fir iwwert en Aarbechtserhalungsplang ze diskutéieren.

Schonn am Dezember huet de Syndikat Alimentatioun an Hotellerie vum OGBL sech mat de Representante vun der HORESCA-Federatioun getraff an Iddien virgestallt, fir de Secteur ze schützen. Et besteet een ob eng weider Entrevue, dës Kéier mat den zoustännege Ministeren.

Duerch d’Pandemie stinn zuelräich Entreprisen an diverse Secteure virum Aus. Dofir soll generell d’Legislatioun zur de Faillitten iwwerschafft ginn. Och hei gëtt no Entrevue mat de Ministere gefrot.

Den offizielle Communiqué vum OGBL fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © Mika Baumeister / Unsplash

Related topics Aarbechtserhalungsplang, Fermeture, finanziell Hëllef, Horesca-Secteur, Hotellerie, OGBL, Pandemie, Restauratioun
Next post Previous post