Search

You may also like

Scooter a Bedrängness
Meenung Neiegkeeten

Scooter a Bedrängness

Do denks de der näischt Schlechtes, an dann trëfft dech

2020 sollt ee besser net Entrepreneur sinn
Meenung Neiegkeeten

2020 sollt ee besser net Entrepreneur sinn

Nodeems de STATEC schonn ugekënnegt huet datt de „wirtschaftlechen Opschwong

ADR: Iwwert d’Kombinatioun vu Wahlplakater
Meenung Neiegkeeten

ADR: Iwwert d’Kombinatioun vu Wahlplakater

Mat Verwonnerung huet d’ADR notéiert, datt sech an engem rezente

Géint de skandaléisen Ugrëff vun der UEL op de gesetzleche Mindestloun

Eng gemeinsam Stellungnam vum OGBL an LCGB

Géint de skandaléisen Ugrëff vun der UEL op de gesetzleche Mindestloun

Enn lescht Woch hat d’“Union des entreprises luxembourgeoises“ (UEL) an engem Pressecommuniqué seng Virstellungen iwwert d’Loungerechtegkeet zu Lëtzebuerg oppegeluecht. Dobäi geet et ëm net manner wéi eng Generalattack op de gesetzleche Mindestloun.

Am Uschloss un d’Ukënnegung vun der Regierung, fir de gesetzleche Mindestloun wéi gewinnt a fristgerecht zum 1. Januar 2021 un déi allgemeng Lounentwécklung vun de leschte Joren unzepassen, fuerdert d’Organisatioun vun den Employeuren d’Regierung op, dëse Schrëtt ze ënnerloossen.

Datt d’UEL wéi bei vergaangenen Upassungen vum Mindestloun an d’Flilleke klappt a mat Panikmaacherei de wirtschaftleche Kompetitivitéitsverloscht an de Ofbau vun Aarbechtsplazen ukënnegt, beonrouegt kee méi. Dës Behaaptunge waren ëmmer falsch – am Géigendeel, souwuel Beschäftegung wéi och den Ëmsaz vun de Betriber ass meeschten no de Mindestlounupassunge weider ugewuess.

Datt awer d’UEL d’Covid-19-Pandemie notzt, fir déi am häertsten, sozial a wirtschaftlech betraffen Employéen an hirer Lounentwécklung ze schiedegen, ass hefteg an ee feindlechen Affront vum éischte Grad géigeniwwer den Employéen. Dës Lounupassung steet de Mindestlounverdénger zou, well si jo näischt anescht ass, wéi déi zäitversat Upassung vum gesetzleche Mindestloun un déi allgemeng Lounentwécklung, déi duerchschnëttlech scho virun op mannst engem annerhallwe Joer fir déi aner Lounschichten stattfonnt huet. Virum Ausbroch vun der Covid-Pandemie also! Dës Informatioun huet d’UEL an hirer Pressematdeelung ausgelooss.

Genee esou wéineg geet si op déi ausseruerdentlech Hëllefen, déi d’Regierung gläichzäiteg mat der Mindestlounerhéijung fir déi besonnesch vun den Andämmungsmoossnamen getraffene Secteure virgesäit, an. Ganz ofgesi vun der Verlängerung vun der Kuerzaarbecht, déi jo eng wesentlech Entlaaschtung vun dëse Secteuren duerstellt. Datt d’UEL dëst verschweigt, ass op mannst onéierlech.

D’UEL schreckt och net viru Falschinformatioune mat falschem Zuelematerial zeréck: „Rien que sur les 2 dernières années, le SSM s’est envolé de plus de 7%!“. Wouer ass, datt vum 1. August 2018 bis den 31. Dezember 2020 sech de gesetzleche Mindestloung just ëm 4,56% erhéicht huet. Déi 4,56% setzen sech folgendermoossen zesummen: periodesch Upassungen an Héicht vun 1,1%, strukturell Erhéijungen ëm 0,9% (2019) an d’Indextranche (2,5%) um 1. Januar 2020.

Fir hir Behaaptung vun enger „cadence infernale“ vun der Mindestlounentwécklung wierkungsvoll un de Mann ze bréngen, verrennt sech d’UEL an ee Vergläich mam Joer 2000, fir eng Erhéijung vu 70 % ze monéieren. Hätt d’UEL Wäert op en zäitnoe Verglach geluecht a sech op déi lescht 10 Joer beschränkt, wiere vun de 70% manner „schrecklech“ 21,0% iwwereg bliwwen (all Indextranchen mat abegraff!). Doriwwer hannenaus verschweigt d’UEL, datt déi uewen a besonnesch déi iewescht Lounschichten méi héich Entwécklungsprozenter opweisen wéi déi duerchschnëttlech Lounentwécklung.

Op en neits erniddregt d’UEL d’Employéen vun den ënneschte Lounschichten mat der vëlleg haltloser an elitärer Behaaptung, datt de gesetzleche Mindestloun méi héich wier wéi d’Produktivitéit vun hirer Aarbecht. Net nëmmen ass dës Ausso wëssenschaftlech méi wéi bedenklech, grad dëst Joer huet sech och am Kader vun der sanitärer Kris erwisen, datt grad och d0Aarbecht vun de Beschäftegten an den Niddreglounsecteuren fir eis Gesellschaft onerlässlech ass an eis Wirtschaft ouni si net funktionéiere géif.

Den OGBL an den LCGB ruffen d’Regierung dozou op, dem skandaléisen Ugrëff vun der UEL op d’Léin vun de Mindestlounverdénger e politesche Refus ze erdeelen. D’Decisioun, de gesetzleche Mindestloun fristgerecht ab dem 1. Januar 2021 ëm 2,8% unzepassen, dierf ënnert kengen Ëmstänn a Fro gestallt ginn.

Eng offensiv Politik géint dat weidert Uwuessen vun de Lounschéieren, de sozialen Ongläichheeten, dem Aarmutsrisiko a géint d’Phenomen vun de „working poor“ muss zur politescher Leetlinn vun der Regierung ginn.

D’Covid-19-Pandemie dierf net um Réck vun der schaffender Bevëlkerung ausgedroe ginn. Hir Kafkraaft muss intakt an en integrale Bestanddeel vum „Neistart Lëtzebuerg“ bleiwen. An dësem Zesummenhang hunn den LCGB an den OGBL kloergestallt, datt si déi finanziell Ënnerstëtzung vun de Betriber begréisst hunn an dëst och weiderhi maachen. Allerdéngs ënnert der Bedingung, datt déi finanziell Hëllefen un der Säit vun den Employeuren un d’Verflichtungen zur sozialer Verantwortung géigeniwwer den Employéen gebonne sinn, besonnesch u Beschäftegungsgarantien. An dat schléisst Attacken, wéi déi vun der UEL op de gesetzleche Mindestloun, aus.

Wann och zum aktuellen Zäitpunkt net gewosst ass, wéi laang d’Covid-19-Pandemie eis Gesellschaft nach belaaschte wäert, sollt eent net vergiess ginn: Si ass esou oder esou zäitlech begrenzt a gëtt am Beschten mat sozialem Fridden a sozialer Gerechtegkeet iwwerwonnen. Der Säit vun den Employeuren muss elo verdäitlecht ginn, datt dës Kris net op déi schaffend Mënschen an op hir Famillen ofgewälzt gëtt.

Matgedeelt vum OGBL an LCGB

Déi offiziell Pressematdeelung vun de Gewerkschaften an däitscher Sprooch fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: ogbl.lu

Related topics Falschinformatiounen, Indextranche, LCGB, Loungerechtegkeet, Mindestloun, OGBL, UEL, Union des entreprises luxembourgeoises, Upassungen
Next post Previous post