Search

You may also like

Den 100. Gebuertsdag vun der Madamm Susanne Meyer-Doos
Neiegkeeten

Den 100. Gebuertsdag vun der Madamm Susanne Meyer-Doos

Um 23. September 2020 huet d’Madamm Susanne Meyer-Doos hiren 100.

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv am August
Neiegkeeten

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv am August

Et ginn op mannst zum Deel gutt Noriichten um Aarbechtsmaart:

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!
Neiegkeeten

“Kaméidi” um fréie Moien: D’Fête de la Musique ass lass!

D’Fête de la Musique ass lancéiert, dat säit de Moie

OGBL: Grousse Meeting vun de Beruffssyndikater

D‘Kollektivverträg musse besser am Aarbechtsrecht verankert ginn

OGBL: Grousse Meeting vun de Beruffssyndikater

An der „Maison du Peuple“, dem Sëtz vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg (OGBL), haten sech um Mëttwoch eng 120 Salariatsvertrieder aus alle Secteuren a Branchen, zu engem Gedankenaustausch zesummegesat. Et sinn dann och net d‘Erausfuerderungen déi hinnen ausginn.

Den OGBL-President, André Roeltgen huet dann och däitlech gemaach, datt d‘Tarifpolitik fir d‘Gewerkschaft eng Prioritéit duerstellt, firwat ee sech am Nomëtteg mat de „Koalitionären“ trëfft, fir e puer grondsätzlech Fuerderungen ze diskutéieren. Dozou gehéiert d‘Gewerkschaftsautonomie, an Europa souwisou, mee zu Lëtzebuerg ganz besonnesch. Eng Autonomie déi, am Kontext vun de Kollektivvertragsverhandlunge muss garantéiert sinn.

OGBL

D‘Evolutioun vun de Salairen zu Lëtzebuerg ass ze lues, an den André Roeltgen behaapt sech drop, datt et zu enger „Gehaltsoffensiv“ komme muss, déi sech op déi dräi Grondsätz vun der Lounberechnung bezitt: den Index (automatesch Upassung vum Loun un d‘Präisentwécklung), de Mindestloun (wou eng Erhéijung vu mindestens 10% gefuerdert gëtt) an de Kollektivvertrag. E gudde gesetzleche Kader fir d‘Kollektivverträg ass dobäi eng Noutwennegkeet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et géif villes a Fro gestallt, bedauert den André Roeltgen, deen ze bedenke gëtt, datt et elo un der Zäit ass d‘Aarbechtsrecht ze reforméieren. Eist Gesetz zu de Kollektivverträg géif der Evolutioun vum Aarbechtsmaart an der Wirtschaft net méi gerecht. „Et muss een d‘Gesetz reforméieren an de Gewerkschaften hir Verhandlungsrechter stäerken“, esou den OGBL-President. Vun engem gudde Kollektivvertrag géifen zudeem esouwuel d‘Salariéeën, wéi och d‘Entreprise profitéieren.

OGBL

De Nico Clement bedauert sengersäits, datt de Sujet „Kollektivvertrag“ net déi ëffentlech Opmierksamkeet erhält, deen him zousteet. Wéi wichteg a gerecht e Kollektivvertrag fir de Salarié ass, hunn dëst Joer eng Rei Sozialkonflikter gewisen, an et sollt een ëmmer drun denken, datt een als Gemeinschaft ëmmer méi Gewiicht huet, wéi als eenzelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wann d‘Gesetz vun 2004 un a fir sech net verkéiert ass, esou misst dëst awer mat der Entwécklung Schratt halen. Kënnt et net zu enger Upassung, misst een noutgedronge vun enger Verschlechterung fir d‘Salariat schwätzen. E Salariat, niewebäi bemierkt, datt längst net méi esou „organiséiert“ ass, wéi dat de Fall sollt sinn. Grad emol 50% vun de Mënschen déi eng Schaff hunn, sinn net an enger Gewerkschaft, an dat mécht dem Patronat et einfach seng Konditiounen duerchzesetzen.

OGBL

Den David Angel stellt fest, datt Aarbechtszäit och Liewenszäit ass. Déi bestänneg Fuerderung vun de Patronatsvertrieder, wéi beispillsweis vun der UEL, d‘Aarbechtszäit ze „flexibiliséieren“ – am Bausecteur konnt dat elo verhënnert ginn, mee beim Gardiennage, am Eenzelhandel oder bei de Buschaufferen ass et nach ëmmer en Thema – kann nëmmen duerch staark Gewerkschaften, am Sënn vum Salariat verhënnert ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir datt d‘Rechter vum Salariat gestäerkt ginn, brauch et Kollektivverträg. Den OGBL, deen sech op eng 200 Kollektivverträg beruffe kann, muss sech hautdesdaags op ëmmer méi komplex Firme geflechter astellen. Mat der gefuerderter Reform, soll et zu méi Kollektivverträg kommen, déi an Zukunft och sektoriell mussen Uwennung fannen. Et wier net méiglech mat all eenzele Betrib e Kollektivvertrag ze schléissen, esou den OGBL, dee sech hei op vill kleng a mëttel Betriber berifft.

OGBL

D‘Lena Batal stellt fest, datt e Kollektivvertrag och déi „qualitativ Aspekter“ vun engem Aarbechtsverhältnis stäerkt. Si weist drop hin, datt et beim Kollektivvertrag net nëmmen ëm de Loun u sech geet, mee an dësem och d‘Aarbechtskonditiounen definéiert ginn. Beruff a Famill dierfe kee Widdersproch, e Recht op „Ofschalten“ muss grondsätzlech an de Maintien an Aarbecht muss d‘Prioritéit sinn. © Martine de Lagardère/moien.lu

E Salarié awer, deen net duerch e Kollektivvertrag ofgeséchert ass, kann sech grondsätzlech just op d‘Aarbechtsrecht beruffen. Eng Evolutioun vun der Pai bestëmmt dann engersäits de Patron an den Index. Wou et kee Kollektivvertrag gëtt, reiwen sech d‘Patronen an d‘Aktionären d‘Hänn. Dofir, an et kann een et net oft genuch widderhuelen, sollt een als Salarié Member vun enger Gewerkschaft sinn. Déi bitt nieft Rot och Hëllef un, wat am Kader vun engem Dissens mam Patron wichteg ass.

OGBL

De Patrick Freichel, weist drop hin, datt eng offensiv Lounpolitik déi beschte Viraussetzung ass, der Spléckung vun der Gesellschaft entgéint ze trieden. Mam Kollektivvertrag géif verhënnert, datt d‘Patronat de wirtschaftleche Risk op de Schëllere vum Salariat ofleet. Hie fuerdert zudeem d‘Recht op Warnstreik, wat soll verhënneren datt d‘Patronat d‘Prozedur vun der Mediatioun mëssbraucht fir den Dossier ze verschleefen. © Martine de Lagardère/moien.lu

An dofir fuerdert den OGBL och d‘Verbesserung vun der Definitioun vum „kollektive Litige“. Eng weider Fuerderung: d‘Professionaliséierung vun der Schlichtung. Och am Bezuch op d‘Streikrecht géif een et begréissen, wann een d‘Notioun vu „Friddensflicht“ während der Mediatioun géif iwwerdenken, an de Warnstreik – esou wéi dat beispillsweis an Däitschland gehandhaabt gëtt – als zousätzlecht Drockmëttel bei Verhandlunge géif zouloossen, déi vum Patronat „verschleeft“ ginn.

Related topics Aarbechtsrecht, Flexibiliséierung, Kollektivvertrag, Mindestloun, OGBL
Next post Previous post