Search

You may also like

ANKAA Project: Formatiounszenter fir eng zweet Chance
Neiegkeeten

ANKAA Project: Formatiounszenter fir eng zweet Chance

E Projet, dee méi ass wéi nëmmen dofir ze suergen,

De Wee bei d’Poubelle kann dach net esou schwéier sinn
Neiegkeeten

De Wee bei d’Poubelle kann dach net esou schwéier sinn

Chirurgesch Masken a Schutzhändschen gehéiere weder an d’Natur oder op

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 15. Mäerz 2020
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 15. Mäerz 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Beim OGBL ass een éischter Zefridden

Nom Regierungsrot vum 8. Abrëll, gesäit d‘Gewerkschaft Mesuren déi an déi richteg Richtung ginn

Beim OGBL ass een éischter Zefridden

Beim OGBL, wou een ufanks net u Kritik, am Bezuch op déi vun der Regierung am Kontext vun der Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, getraffe Moossname gespuert huet, ass een an der tëscht nees eppes méi verséinlech. Dat awer soll net bedeiten, datt wann sech Saachen opdinn, déi och an der Kris net tolerabel sinn, ee sech géif de Mond oder Kritik verbidde loossen.

A bei senger Sëtzung vum 8. Abrëll huet d‘Regierung op en Neits eng ganz Rëtsch vu Mesure, Gesetzer a groussherzogleche Reglementer beschloss. Hei gëtt et, esou den OGBL, villes wat ee begréisse sollt, mee méi op d‘Gewerkschaft selwer bezunn, ass et de Fait, datt sech d‘Regierung d‘Fuerderung vum OGBL – de Krankeschäi während der Kris net an déi 26 Wochefrist, an deene d‘Salariéeë virun enger Kënnegung geschützt sinn – zu Häerze geholl huet.

Wou et dann nees kaum, fir net ze soe guer kee Versteesdemech gëtt, ass de Fait, datt d‘Regierung am selwechte Reglement de Licenciement fir „faute grave“ am Krankeschäin erméiglecht huet. Dat wier zu normalen Zäite laut Aarbechtsrecht (Artikel L.121-6 Ofsaz 3) esou jo schliisslech net ze maachen. Dat wier ee schlecht Signal, zudeem et grad elo fir déi betraffe Leit immens schwiereg wier, deem eppes entgéintzestellen. Zudeem ass d‘Absicht derhannert net verständlech.

An da gëtt et do natierlech och ëmmer nees Patronen, bei deenen de Coronavirus d‘Gehir getraff huet. Esou gëtt et vill Reklamatioune säitens den Affiliéierten, an deenen sech beschwéiert gëtt, datt „gewësse“ Patronen am Kontext vum „Congé aus familiäre Grënn“ oder am „Krankestand“ béides nëmmen zu 80% an der Paitut géife berécksiichtegen. Interessant, wa gewosst ass, datt den OGBL mam Verwaltungsrot vun der CNS sech op d‘Ausbezuele vun 100% gëeenegt hunn. (8. Abrëll)

Ofschléissend kann dann awer vun der Gewerkschaft nach begréisst ginn, datt fir all déi Aarbechter wou an engem Reklassement sinn, awer an de sougenannten essentieller Beruffer schaffen, déi hei zougehéiereg Primmen sech net op d‘Kompensatioun-Indemnitéit auswierkt. Zudeem sollen dës Primmen a Gratifikatiounen defiskaliséiert ginn. Weider gëtt guttgehalen, datt d‘Derogatioune fir Beamten oder Beruffschauffere sécherstellen, keng Nodeeler fir hir Rechter mat sech bréngen.

Illustratioun: Beim OGBL, wou een mëttels de neien Technologien den Kontakt zu de Militanten a Mataarbechter oprecht erhält, ass ee beméit d‘Demokratie an de Betriber och an dëse schwieregen Zäiten oprecht ze erhalen. Sollt et zu enger Reprise kommen, fuerdert den OGBL datt dem Salariat awer Infektiounstester sollen operzwonge ginn, iert se nees op hir Aarbechtsplaz ginn. Datt esou eng Fuerderung der Regierung gefalen dierft ass dat eent… Datt Zwang ëmmer de falsche Wee ass, ass dat anert. Dofir huet d‘OGBL-Presidentin elo en direkten Drot zum Groussherzog Henri, deen, esou d‘Message, ganz houfreg op déi gutt Aarbecht vun der Gewerkschaft ass © OGBL

Related topics Aarbechtsrecht, Coronavirus, Covid19, Kritik, Luef, OGBL
Next post Previous post