Search

You may also like

Neie Stadion gëtt net termingerecht fäerdeg
Neiegkeeten

Neie Stadion gëtt net termingerecht fäerdeg

Et ass sech also awer net mat der Zäit opgaangen.

Wéi gutt kenns du d’Uelzecht?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Uelzecht?

[onionbuzz quiz-id=198][/onionbuzz] Och d’Uelzecht ass ee vun de wichtegste Flëss

What the Fakt – den Internationale Fraendag
Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationale Fraendag

All Joer gëtt um 8. Mäerz den internationalen Dag vun

Wat gutt fir d‘Natur ass, gëtt belount

Wat gutt fir d‘Natur ass, gëtt belount

D’OIKOPOLIS-Betriber kompenséieren erëm hire CO²-Foussofdrock. D’Grupp spent jeeweils 11.977€ un dräi Veräiner zur Ënnerstëtzung vun der biologescher Landwirtschaft. Et ass scho s déi 7. Kéier, datt OIKOPOLIS- Betriber och dëst Joer erëm fräiwëlleg Ausgläichsleeschtunge fir den Energieverbrauch geleescht hunn.

Basis fir dës Kompensatiounen ass d’Berechnung vum gesamte Verbrauch an alle Gebaier an d’Faarte vu BIOGROS a senge Mataarbechter mëttels enger viru Jore mat Spezialisten entwéckelter Systematik.

Dës moossgeschneidert Software rechent déi negativ Begleeterscheinunge vun den OIKOPOLIS-Aktivitéiten, déi trotz aller Ustrengungen ëm nohalteg Prozesser net vermidde konnte ginn, a CO²-Equivalenten ëm.

2019 huet de Gesamtverbrauch bei 1.597 Tonne CO²-Equivalente geleeën. Trotz dem Wuesstem an alle Beräicher konnt eng Reduzéierung vum CO²-Verbrauch am Verglach zum Joer 2017 festgestallt ginn, wat dann och nees beweist, datt sech de bewossten Ëmgang mat Energie lount.

Esou wéi an de vergaangene Joren, ginn dës Kompensatiounen un Organisatioune verdeelt, déi sech fir eng biologesch Landwirtschaft asetzen, déi erwisenermoossen duerch hier Praxis Kuelestoff am Buedem bënnt. Am Virdergrond steet, déi ökologesch Landwirtschaft mat alle Mëttelen ze ënnerstëtzen an d’Zesummenaarbecht vun nohaltege Wirtschaftsstrukturen ze bekräftegen.

Pro Tonn spent OIKOPOLIS dëst Joer 22,50 €, aplaz den üblechen 20 €, fir de verréngerte Verbrauch auszegläichen. Domatter beleeft sech de Gesamtmontant vun de fräiwëllege Kompensatioune fir 2019 op 35.931€. Déi bewäerte Veräiner „Vereenegung fir Bio-Landwirtschaft Lëtzebuerg“, „IBLA“ an d’Sektioun fir Landwirtschaft am Schweizer Goetheanum an Dornach erhale vun de Filialen NATURATA, BIOGROS an OIKOPOLIS jeeweils 11.977 €, fir eng nogewisen, ëmweltfrëndlech Bewirtschaftung ze ënnerstëtzen. De verantwortungsvollen Ëmgang mat Naturgrondlagen ass fir Biolandbau verbonne Betriber selbstverständlech.

Eenzel Moossnamen, wéi dës fräiwëlleg CO²-Kompensatioune stinn dofir virbildlech fir en ëmfaassend Gesamtkonzept. Déi symbolesch Scheckiwwerreechung war den 4. September 2020.

matgedeelt vun OIKOPOLIS, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Foto: © OIKOPOLIS

Related topics Biogros, CO²-Emissiounen, Kompensatiounsmesuren, Naturata, OIKOPOLIS
Next post Previous post