Search

You may also like

Mir sinn Europa! Oder awer och net
Neiegkeeten

Mir sinn Europa! Oder awer och net

Der wäert zu Lëtzebuerg keng vun de Regierungsparteien a mat

No Blamage… hollännesch Regierung trëtt zréck
Neiegkeeten

No Blamage… hollännesch Regierung trëtt zréck

D‘Regierung vum hollännesche Premierminister Mark Rutte zitt d‘Konsequenzen aus enger

Covid19-Variante beonrouegen d‘Kanzlerin
Neiegkeeten

Covid19-Variante beonrouegen d‘Kanzlerin

An enger uniounsinterner Sëtzung huet déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel

Mat der Oktave kënnt déi schéi Joreszäit an um Knuedler a bei der Gëlle Fra gëtt gefeiert

Mat der Oktave kënnt déi schéi Joreszäit an um Knuedler a bei der Gëlle Fra gëtt gefeiert

D‘Oktave, déi eigentlech „Muttergottesoktav“ heescht, ass un a fir sech e kathoulescht Fest, bei deem d‘Maria, d‘Mamm vum Jesus, als Tréischterin am Leed, besonnesch geéiert gëtt. Eng Oktav gëtt an der kathoulescher Liturgie als eng Zelebratioun vun aacht Deeg bezeechent.

Bis zur Renaissance huet d‘Muttergottesoktav nach am Oktober stattfonnt, an 1679 ass decidéiert ginn, dëst Fest vum véierte bis zum fënnefte Sonndeg no Ouschteren ze verleeën. Och dësen Zäitraum huet sech gehalen, an zanter 1921 ass d‘Oktav op den drëtte Sonndeg no Ouschtere festgeluecht. Ofgeschloss gëtt d‘Oktav traditionell mat der Schlussprëssessioun.

Wann et richteg ass, datt säit 1974 déi Jonk méi an de Mëttelpunkt geréckelt sinn, esou hunn sech déi Deeglech 12 Massen, déi fir déi verschidde Paren, Schoulen oder Institutiounen ofgehale ginn, gutt gehalen a näischt vun hirer Unzéiungskraaft verluer.

Den Oktav-Mäertchen, eng éiweg Jonk Attraktioun

Am Volleksmond nach just „de Mäertche“ genannt, weess nach kaum een, datt et dësen Zanter 1625 gëtt. Hien huet säin Ursprong allerdéngs net um Knuedler, mee ass an der Géigend vun der Neipuertskapell ofgehale ginn. 1639, esou d‘Geschicht, ass de Mäertche bei d‘Jesuitekierch (déi haideg Kathedral) verluecht ginn.

Hei konnte sengerzäit d‘Pilger Hellegebiller, Medailen oder soss Devotionalië kafen. Mat der Zäit huet sech datt ganzt dann zum Volleksmaart entwéckelt. Hautdesdaags huet dann och méi vun enger Kiermes mat ville gastronomeschen Etablissementer, an dee reliéise Volet bleift an der Kathedral.

Um Knuedler huet sech den Oktav-Mäertchen 1842 endgülteg etabléiert, a konnt ënnert dem Vikar Jean-Theodore Laurent e neien Opschwong erliewen. Huet den Handel mat Devotionalien am 19. Joerhonnert nach d‘Haaptgeschäft ausgemaach, esou muss een haut scho gutt siche fir der ze fannen. An Zäite wou d‘Kierch ëmmer méi Afloss verléiert, huet de Mäertchen aner Attributer.

Wann eng méi lass ass, kann et enk ginn

D‘Oktav 2018 gëtt vum 21. Abrëll bis de 6. Mee esouwuel um Knuedler, wéi och bei der Gëlle Fra ofgehalen. Dat bréngt mat sech, datt de Wochemaart (Mëttwochs a Samschdes) an de Stadzentrum verréckelt gëtt (Rue de la Reine, Krautmaart, Clairefontaine-Plaz).

Mee och d‘Automobiliste sollten sech op dëst Evenement astellen. De Parking bei der Gëlle Fra ass logescherweis gespaart, fir d‘Touristebusser gëtt Parkraum an der Monterey-Avenue bereetgestallt. Wann et u sech ersiichtlech ass, datt doduerch och d‘Parkingen (Knuedler/Geriicht/Theater) dierfte méi wéi nëmmen „ausgelaascht“ sinn, esou ass et dach gutt beroden de Park & Ride ze benotzen.

Wéi an de vergaangene Joren, esou leet d‘Stad Lëtzebuerg och dëst Joer nees grousse Wäert, drop jidderengem e barrièrefräien Zougang ze erméiglechen. Den Accès ass vun der Associatioun „Info-Handicap“ kontrolléiert ginn, an et erhofft e sech esou och de Label EureWelcome ze erhalen.

All Restaurant ass mam Rollstull zougänglech, dofir hunn d‘Foraine gesuergt. Um Knuedler a bei der Gëlle Fra, gëtt et och dediéiert Toilettë fir Persoune mat spezifesche Besoinen. Fir d‘Urees an den Accès zu de Mäert an der Kathedral ze erliichteren, si fir d‘Ofsetzen Arrêten ageriicht ginn, an et gëtt och méi Behënnerteparkplazen. Detailer heizou ënner www.eurewelcome.lu (ab 21.4.)

Foto: © Luxembourg City Tourist Office (LCTO)

Next post Previous post