Search

You may also like

D’Jonk Sozialisten zu den Aarbechtskonditiounen vun den essentielle Secteuren
Neiegkeeten

D’Jonk Sozialisten zu den Aarbechtskonditiounen vun den essentielle Secteuren

Ugesiichts der sanitärer Kris, déi duerch de Covid-19-Virus bestëmmt gëtt,

OPGEPASST: Réckruff vum Produit „Tellines (Olives de la mer)“
Neiegkeeten

OPGEPASST: Réckruff vum Produit „Tellines (Olives de la mer)“

D’Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet gouf vun der Societéit Cora doriwwer informéiert, datt

Vinorama – een neie Magasinn fir de Lëtzebuerger Wäin
Neiegkeeten

Vinorama – een neie Magasinn fir de Lëtzebuerger Wäin

Passend zur Expogast, déi momentan vum 24. bis den 28.

Vakanzenzäit an Ausgangsspär passen net zu enaner

Vakanzenzäit an Ausgangsspär passen net zu enaner

Datt déi ominéis Ausgangsspär méi Gängelung wéi Schutzmoossnam ass, datt denoncéieren net nëmmen oprecht Oppositiounspolitiker, mee och faktuell erweist sech dës libertizid Moossnam als onhaltbar. Et sief, de professorale DP-Fraktiounschef Gilles Baum, géif de pandemesche Marathon fir eng Benefizveranstaltung halen.

Et ass jiddefalls erwisen, datt d‘Verstéiss géint dës Ausgangsspär den allergréissten Deel vun de Verstéiss géint d‘Covid19-Gesetz(er) duerstellen. An esou weist de Policebericht zu de Covid19-Kontrollen och dës Kéier nees verstäerkt an dës Richtung. Tëscht dem 29. Mäerz an dem 11. Abrëll huet d‘Police ronn 600 Kontrollen duerchgefouert, 270 Verstéiss géint d‘Ausgangsspär inklusive…

Do kommen engem déi 27 Protokoller fir net-anhale vun de sanitäre Virschrëfte scho bal lächerlech vir. An esou wéi et sech ukënnegt, dierft dat mat den Ausgangsspären nach en Ament Bestand hunn well engersäits ass et „praktesch“ an anersäits, ginn sech all déi schéi Virstellungen a Wënsch vun der Regierung, bis zum Summer nees geuerdent Verhältnisser ze hunn, fir ze vrecken net op.

Nach ee Méindeg, bei der Ouverture vum 5. Impfzenter um Findel, hat de Premierminister Xavier Bettel gemengt, datt mam Janssen-Impfstoff d‘Impfkapassitéite vu 55.000/Woch op dann: 95.000 Vaccinatioune pro Woch klamme kéinten, virausgesat d‘Logistik ka mathalen. Dorausser schéngt elo näischt méi ze ginn, an och soss huet et den Ament zimlech zolidd Kommunikatiounsdefiziter.

Fir d‘Police ännert dëse Constat näischt. Si mussen déi Decisiounen ausféieren, déi hinne virgesat ginn. Mee och déi Jonk (an deels manner Jonk) mussen erdroen, wat Gruftie fir si entscheeden an hunn es mëttlerweil eppes genuch op den Aarm geholl ze ginn. Zum engen hunn se ee besseren Ëmgang mat der Informatioun wéi datt vläicht erwaart gëtt, a si wäerten dat 2023 beweise kënnen

Illustratioun: Also bezunn op d‘Zuelen, kann een nach ëmmer drop hiweisen, datt d‘Regierung alles ënner Kontroll huet. Ass jo och erfreelech, wa wéinstens d‘Vollek stëll hält an der Elite hir essentiell Privilegien net a Fro stellt, oder? © Barthelemy de Mazenod / unsplash

Related topics Ausgangsspär, Covid19-Gesetz, Gängelung, Police, Regierung, Widderstand
Next post Previous post