Search

You may also like

Fortschrëtt an der Migratiounspolitik?
Kultur Neiegkeeten

Fortschrëtt an der Migratiounspolitik?

Beim EU-Sommet vun den Inneminister zu Malta huet et ee

corona.letzshop.lu: Déi nei Online-Verkafsplattform fir vulnerabel Persounen
Kultur Neiegkeeten

corona.letzshop.lu: Déi nei Online-Verkafsplattform fir vulnerabel Persounen

Um haitegen Dag lancéieren de Minister fir Mëttelstand Lex Delles

Kulturtipp: De „Beaufort Festival“ geet lues awer sécher op en Enn
Kultur Neiegkeeten

Kulturtipp: De „Beaufort Festival“ geet lues awer sécher op en Enn

No zéng Joer Paus presentéiert sech den „Art in Beaufort“

De Festival On Stéitsch sicht dech!

De Festival On Stéitsch sicht dech!

D’Editioun 2020 vum Festival On Stéitsch ass nees op der Sich no neie jonken Talenter. An elo bass du gefrot: Hues du eng Passioun fir ee besonnesche Beräich, da schéck nach bis den 1. Mee deng Kandidatur an.

Zënter 2008 existéiert d’Evenement a feiert een immense Succès am musikalesche Beräich. Mat enger eenzegaartege Programm, lokalen a regionalen Artisten, enger Panoplie u verschiddensten Animatiounen an enger festlecher waarmer Atmosphär gëtt all Goût häerzlech empfaangen. Et ass de Rendez-Vous fir jonk Kreateuren, déi sech zur Schoulrentrée einfach weiderhin amuséiere wëllen.

On Stéitsch

Den SNJ wennt sech dofir un all jonke Kënschtler, Sportler, Museker, passionéiert Persoun an Associatioun aus dem Jugendsecteur, fir sech iwwert onsteitsch-lu ze mellen an dës 13. Editioun onvergiesslech ze maachen. De Festival fënnt um 19. September 2020 an de Rotondes zu Bouneweg statt.

Interesséiert Persoune sollen hir Kandidatur bis spéitstens den 1. Mee 2020 iwwert www.onsteitsch.lu areechen.

Opmaacherfoto: (c) Hype

Related topics Appell zur Kandidatur, Festival, Jonk Talenter, Konscht, Kreateur, Musék, On Steitsch
Next post Previous post