Search

You may also like

Route d’Esch – Chantier vum 22. Juli bis de 14. September 2020
Neiegkeeten

Route d’Esch – Chantier vum 22. Juli bis de 14. September 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch Aarbechten um ëffentleche Versuergungsnetz

Venezuela: Propagandisteschen Nationalfeierdag
Neiegkeeten

Venezuela: Propagandisteschen Nationalfeierdag

Am venezuelanesche Muechtkampf huet d‘Oppositioun bis ewell keng substantiell Victoire

Éischt Impfungen an de Fleegeheemer: „Ech hunn dëse Vaccin ongedëlleg erwaart“
Neiegkeeten

Éischt Impfungen an de Fleegeheemer: „Ech hunn dëse Vaccin ongedëlleg erwaart“

Gëschter kruten d’Residenten vum Haus St Jean de la Croix

Onerwaarten Austrëtt bei de Piraten

Onerwaarten Austrëtt bei de Piraten

Den Alain Knaff huet gëschter, fir vill Leit onerwaart, via Facebook matgedeelt, datt hien d‘Pirate-Partei verléisst. Hei war dann och gewuer ze ginn, datt hien sech dës Entscheedung net liicht gemaacht huet, a laang driwwer nogeduecht huet.

Als President vun der Sektioun Stad, Vizepresident fir de Bezierk Zentrum a Beoptraagte fir d‘Informatik, ass et dann och „eng Entscheedung déi ech schwéieren Häerzens treffen, well och ech hu 6 Joer vu mengem Liewen heiranner gestach, während deenen ech vill flott Momenter erlieft hunn“, esou den Alain Knaff.

Hie begrënnt säin Austrëtt: „Eis Parteispëtzt hëlt Sujet’en wéi d’Fräiheeten op de moderne Kommunikatiounsmedien, d’Weiderbrénge vum Open Source, d’Transparenz an d’Basisdemokratie manner eescht wéi eis schwedesch Grënner dat virgesinn haten, a wéi den Numm dat eigentlech versprécht“.

Wann och aus der Matdeelung erauszeliesen, datt den engagéierte Politiker bis zur Lescht d‘Hoffnung hat et géif sech zum Bessere veränneren, esou wier hien hei enttäuscht ginn. „(…) viru kuerzem gesäit een och esouguer Defiziter wat d’Inklusioun an d’Toleranz vis-à-vis vu Minoritéiten ubelaangt. D’Fusioun mat der PID ass da just nach d’Kiischt um Kuch…“, bedauert den Alain Knaff.

Mam Austrëtt vum Alain Knaff, verléiert d‘Pirate-Partei ee vu sengen engagéiertste Militanten. An och de President vun der Pirate-Partei, Sven Clement, huet um Facebook-Post kommentéiert: „ech soen der VILLMOLS Merci wat s de déi läscht Jore mat eis zesummen opgebaut hues a wat s du geleescht hues. Grad däi Géigewand wäert mer heiansdo wuel feelen“.

Bei de ville Kommentaren déi den Alain Knaff op säi „Post“ erhalen huet, erhält hie vill Zousproch, besonnesch am Bezuch op déi politesch Ausriichtung. Politik ass dann awer a bleift eppes Dynamesches, a Verännerungen an der „politescher Linn“ sinn dem Reservoir u Militante geschëlt, déi d‘Parteiaarbecht matgestalten.

Wien an elo d‘Relève vum Alain Knaff bei der Stater Sektioun wäert iwwerhuelen ass nach net gewosst, an et bleift der Partei ze wënschen, datt dësen Austrëtt begrenzt bleift. Et dierft awer vill Gespréichsbedarf an der Parteizentral ginn, besonnesch well ee sech op d‘Chamberwahle virbereede muss, an hei och e handfeste Programm muss virleeën.

Related topics Alain Knaff, Piratepartei, Sven Clement
Next post Previous post