Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 17. Juli
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis de 17. Juli

Vu Musek a Konscht, iwwert Atelieren a Workshops, bis hin

President Duterte ännert d‘Sécherheetsstrategie
Neiegkeeten

President Duterte ännert d‘Sécherheetsstrategie

Et ass net méi just dem Donald Trump säi Privileg,

Mir maachen eise Gesondheetssystem nees fit
Neiegkeeten

Mir maachen eise Gesondheetssystem nees fit

D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Sozialminister Romain Schneider si wuel

Lëtzebuerg: D‘ONG „Dokteren ouni Grenzen“ geet vun Dier zu Dier

Lëtzebuerg: D‘ONG „Dokteren ouni Grenzen“ geet vun Dier zu Dier

Déi Lëtzebuerger Antenn vun den ONG Dokteren ouni Grenzen (MSF) start dëse Méindeg seng Summercampagne. Bis den 30. September geet MSF vun Dier zu Dier, fir d‘Awunner vu Lëtzebuerg ze sensibiliséieren. Zil vun dëser Aktioun ass et, nei Fonge fir hir Projeten ze erhalen.

MSF weist drop hin, datt an dësem Kontext mat „Partner“ zesummegeschafft gëtt, déi awer liicht ze erkenne sinn, well si eng entspriechend Ugedoe sinn an en offizielle Badge vun der ONG hunn. Hei kann een drop higewisen, datt déi Leit, déi da méiglecherweis och un ärer Dier schellen, vun MSF forméiert gi sinn. Esou soll eng respektvoll Approche vun de Bierger séchergestallt ginn.

Ganz wichteg, am Fall wou dir esou e Besuch kritt, MSF hëlt kee Boergeld un! D‘Mataarbechter proposéiere méiglechen an interesséierten Donateuren, en Dokument auszefëllen, mat deem ee sech engagéiere kann, all Mount eng fix Zomm ze spenden.

Op dëser Plaz ass et zudeem noutwenneg ze betounen, datt „Médecins sans Frontières“ hir Projeten zu 96% vun dëse Spende finanzéiert. Sue vu Regierunge gi prinzipiell net ugeholl, well MSF sech seng Onofhängegkeet an Onparteilechkeet wëll erhalen. Hei gëtt also eigentlech nëmme mat Privat-Spende geschafft. An dës Campagne ass e wichtegt Element fir de Maintie vun dëse Wäerter.

Wou se wéini higinn:

  • Leideleng (31/07),
  • Bartreng (01 & 02/08),
  • Nidderaanwen (vum 03 bis 07/08),
  • Biwer (08/08),
  • Diddeleng (vum 09 bis 11/08),
  • Biermereng (13/08),
  • Bech (14/08),
  • Schengen (vum 16 bis 18/08),
  • Ettelbréck (21 & 22/08),
  • Rouspert (23 & 24/08),
  • Fiels (25/08),
  • Stroossen (29/08),
  • Munneref (30/08 & 01/09),
  • Biissen (04 & 05/09,
  • Biekerech (vum 06 bis 08/09),
  • Wëntger (11/09),
  • Miersch (vun 12/09 bis 15/09,
  • Lëntgen (18/09),
  • Hiefenech (19/09),
  • Kielen (vum 20 bis 22/09),
  • Tënten (26/09),
  • Betzder (27 & 28/09),
  • Bouneweg (29/09).

Note: dës Lëscht ass „net a Stee gemeesselt“ a ka falls erfuerderlech geännert ginn

Wien elo net wëll waarde bis MSF virun der Dier steet, oder eventuell grad dann an der Vakanz ass, an awer e Bäitrag leeschte wëll, dee kann sech HEI online „engagéieren“.

Related topics Dokteren ouni Grenzen, Médecins sans Frontières, Spenden
Next post Previous post