Search

You may also like

Stad Lëtzebuerg: vill Chantiere féieren zu Behënnerungen am Verkéier
International Kultur Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: vill Chantiere féieren zu Behënnerungen am Verkéier

D‘Stad Lëtzebuerg ass voll an der Verännerung, an d‘Chantieren déi

Wéi wierken déi gréng zu Ettelbréck?
International Kultur Neiegkeeten

Wéi wierken déi gréng zu Ettelbréck?

Ettelbréck geet et wéi ville klenge Stied an Europa: Hier

Déi Demokratesch Republik Kongo huet den EU-Ambassadeur ausgewisen
International Kultur Neiegkeeten

Déi Demokratesch Republik Kongo huet den EU-Ambassadeur ausgewisen

Déi europäesch Unioun huet um Donneschdeg d‘Entscheedung vun den Autoritéite

No Vax Tax bei Concert: Net-geimpfter sollen de 55-fache Präis bezuelen

No Vax Tax bei Concert: Net-geimpfter sollen de 55-fache Präis bezuelen

Fir um 26. Juni beim Concert vun der Punkrock-Band Teenage Bottlerocket dierfen dobäi ze sinn, bezuele geimpfte Fans knapp 18 US-Dollar fir hiren Ticket, wärend Ongeimpfter ganzer 999,99 US-Dollar blechen dierfen. Beschriwwe gëtt dëst als „massive Rabatt fir geimpfte Persounen“, déi erëm bei Live-Optrëtter wëllen dobäi sinn…

Wierklech elo? Mir verspieren et éischter als lächerlech Präiserhéijung fir déi Persounen, déi nach kee Vaccin erhalen hunn, en net kréie kënnen oder sech dogéint entscheeden. Amplaz net-geimpfte Persounen d’Entrée ze verweigeren, gestalt een d’Evenement einfach onattraktiv fir si. Ma, den Organisateur Paul Williams wëll tatsächlech Visiteuren ouni Impfung ofschrecken. Hie wéilt nëmmen dat Bescht fir d’Band, d’Ekipp an d’Fans a seet „Ech verweigere kengem d’Entrée. Ech offréiere just eng Erméissegung.“

An engem Interview mat CNN erkläert de Ray Carlisle, Sänger a Gittarist vun Teenage Bottlerocket, datt si d’Konzept vum Organisateur ënnerstëtzten. Wien duerch seng net virhanden Impfung sech den Ticket net leeschte kann, deen dierft jo och op en anere Concert vun der Band kommen. Do géifen esou Moossnamen nämlech net gëllen.

Déi Bier wier geschielt

Ma, dës 55-fach Präiserhéijung gëtt zurecht als Diskriminéierung empfonnt. De Shirtstorm huet net laang op sech waarde gelooss a fir vill Fans stoung fest, datt si kee Concert vun der Band méi besiche géifen. Geimpfte Persounen kriten esou dach Virdeeler.

Wärenddeem erkläert de Ron DeSantis, Gouverneur vu Florida, d’Moossnam als kloere Schrëtt géint d’Reegelen. „Individuelle Persounen e méi héije Präis ze froen, déi keen Impfbeweis virleeë kënnen, ass eng onfair Diskriminéierung géigeniwwer de Leit, déi duerch d’Gesetz a Florida Rechter hunn“, ënnersträich d’Christina Pushaw, Pressespriecherin vum Gouverneur.

Fir de Williams bleift d’Präiserhéijung eng sécher Taktik. Mat esou enger hefteger Géigereaktioun hätt hien net gerechent. Der Washington Post géigeniwwer huet hien gesot: „Ech wousst net datt d’Virsuergt fir meng Gemeinschaft mech zum Hitler géif maachen.“ Zesumme mat der Band wéilt hie rechtlech Schrëtt géint Dreeungen aleeën, déi him zougeschéckt goufen.

Fir de Ray Carlisle steet fest, datt ee sech elo net duerch e Concert sollt genéidegt fillen, sech impfen ze loossen. Et misst een agesinn, datt dëst eng Akt fir sech selwer a fir d’Gesellschaft wier. Bei Teenage Bottlerocket hätt jidderee sech Impfung erhalen.

Ähnlech wéi an Däitschland variéieren och an den USA d’Konzepter am Kader vun der Pandemie. A Florida sinn aktuell 10.344.328 Persounen geimpft, dovunner 8.322.901 komplett (Stand 01.06).

Opmaacherbild: © Alex Motoc / unsplash

Related topics Concert, Diskriminatioun, Impfung, massive Rabatt, Musek, net-geimpfte Persoune, No-Vax-Tax, Pandemie, Paul Williams, Präiserhéijung, Ray Carlisle, Sécherheet, Teenage Bottlerocket, USA
Next post Previous post