Search

You may also like

Lëtzebuerg start Mobilitéits-Woch am Stau
Business Neiegkeeten

Lëtzebuerg start Mobilitéits-Woch am Stau

Pünktlech zur Schoulrentrée start déi europäesch Mobilitéits-Woch. Wei all Joer

money
EU a Griicheland fannen en Accord beim leschten Entworf vum Hëllefsprogramm
Business Neiegkeeten

EU a Griicheland fannen en Accord beim leschten Entworf vum Hëllefsprogramm

Déi europäesch Institutiounen a Griicheland sinn zu engem techneschen Accord

Prabbeli Wolz: E super Programm bis Enn 2020!
Business Neiegkeeten

Prabbeli Wolz: E super Programm bis Enn 2020!

Fir seng nei Saison huet de Prabbeli zu Wolz e

Et dreet Ongemaach fir eis Krapperten

De Beruffsverband vun de Gestionnaire vun de Educatiouns- a Accueilsdéngschtleeschter FELSEA deelt mat, datt d‘Crèchen an déi „privat“ Foyeren op der Felg dréinen

Et dreet Ongemaach fir eis Krapperten

Schonn déi lescht Woch hat d‘FELSEA denoncéiert, datt hir Strukturen net vun der Regierung géife gläichbehandelt ginn, awer gläichens aneren edukativen Institutiounen, mat de selwechte Problemer ze kämpfen hunn. De FELSEA-President Arthur Carvas, stellt kloer, datt weder de Beruffsverband, nach d‘Memberen zousätzlecht Geld vum Educatiounsministère fuerderen, mee Gläichbehandlung.

Et gëtt dann alt nees drop higewisen, datt engersäits déi strukturell Problemer net nei sinn, anersäits elo ufänken eng inakzeptabel Dimensioun unzehuelen. Am Mëttelpunkt vun den Divergenzen déi d‘FELSEA an de Minister Claude Meisch entzweeë steet de „Scheck Service-Accueil“. De Wäert vun dësem Scheck gëtt unhand dem Akommes vun den Elteren/Erzéiungsberechtegte berechent.

Dat féiert derzou, datt déi staatlech Subventiounen „variabel“ sinn. Wann d‘Eltere wéinst Covid19 hir Kanner doheem behalen – an dat wier aktuell de Fall – kommen d‘Gestionnairen an d‘Struewele wat déi finanziell Gestioun vun hirer Struktur betrëfft. Doriwwer eraus gëtt et zolidd Differenzen, jee nodeem ob sech esou eng Struktur an enger favoriséierter oder defavoriséierter Regioun befënnt.

Vu säitens FELSEA gëtt eng equitabel Verdeelung vun de Subventioune gefuerdert. Generell sollt all Haus zu 70% vun de Betribskäschten duerch de Staat ofgedeckt kréien. De Arthur Carvas weist nach drop hinn, datt all dës Strukture keen Usproch op de partielle Chômage hunn. Dat ass wuel logesch, well si dierfe jo hir Aktivitéiten oprecht erhalen. Anersäits gëtt et aus Grënn hei ee Besoin.

Ass dat alles berechtegt?

Wann et richteg ass, datt déi der FELSEA ugeschlosse Strukturen net eligibel sinn, bezunn op d‘Kuerzaarbecht, esou dierf awer drop higewise ginn, datt all d‘Strukturen, am Kontext vun der administrativer Fermeture och vun de Staatshëllefe berécksiichtegt goufen. D‘Subventiounen, am Kader vum Scheck Service-Accueil sinn an am vollem Ëmfang un d‘Beneficiaire bezuelt ginn.

Et heescht dann och, datt d‘Vertrieder vun der FELSEA ee feste Bestanddeel vun der Task-Force Covid19 sinn. Et gëtt och bestätegt, datt d‘FELSEA widderholl de finanzielle Volet wollt gekläert gesinn. Um Ministère gëtt een hei ze bedenken, datt et bal onméiglech wier sech ee Gesamtbild vun den eenzele Problemer an de Strukturen ze maachen. D‘Ënnerscheeder wieren einfach ze grouss.

Fir den Ament, esou zumindest d‘Duerstellung vum Ministère, géif et säitens eben dëse Strukture wéineg Feedback betreffend „Problemer“. Fir den Educatiounsministère heescht dat da wuel, datt déi meeschte Strukturen dat Ganzt – ëmmer déi sanitär Situatioun berécksiichtegend – zimlech gutt geréiert kréien. Et géif awer d‘Reklamatioun vun de FELSEA eescht huelen an alles iwwerpréiwen.

Illustratioun: © Sharon McCutcheon / unsplash

Related topics Accueil-Strukturen, Crèchen, Educatiounsministère, FELSEA, MENJE, Scheck Service-Accueil
Next post Previous post