Search

You may also like

Haut geet et ëm de Brexit
International Neiegkeeten

Haut geet et ëm de Brexit

Den EU-Kommissär Michel Barnier soll laut diplomatesche Quellen, gëschter Owend

De Steeseler Blues Festival 2019
International Neiegkeeten

De Steeseler Blues Festival 2019

Frënn vun der gudder Musek an der gudder Laun, sollten

Taifun Faxai verwüst Tokio
International Neiegkeeten

Taifun Faxai verwüst Tokio

Masseg Reen an hefteg Wandstéiss huet den Taifun Faxai an

Ongemaach op der Insel

No der Messerattack zu London, ass e Sträit ëm déi virzäiteg Entloossungen aus der Haft entbrannt

Ongemaach op der Insel

E Freideg hat en 28 järegen Islamist op der London Bridge an der britescher Haaptstad op Passanten agestach a war uschléissend vun de Police erschoss ginn. Zwee vu sengen Affer hunn hir Blessuren net iwwerlieft. Elo ass Sträit iwwert déi virzäiteg Entloossung vu (geféierlechen) Häftlingen.

Beim Attentäter huet sech ëm den Usman Khan (28) gehandelt, dee virun engem Joer virzäiteg op Bewährung aus dem Prisong entlooss ginn ass. Hie war 2012 wéinst engem geplangten Uschlag op déi Londoner Bourse zu 16 Joer Prisong veruerteelt ginn. Et heescht weider, datt den Terrorist am pakistanesche Kaschmir e Trainingslager wollt Grënnen. E soll och Kontakt zu Terrorgruppe gehat hunn an hätt eng elektronesch Foussfessel gedroen.

InselDéi islamistesch Terrororganisatioun „Islamesche Staat“ (IS) huet – wéi se dat esou oft maachen – den Uschlag fir sech „beusprocht“. Iwwer hir üblech Kanäl huet den IS behaapt, datt den Attentat op der London Bridge vun engem „Kämpfer vum Islamesche Staat“ duerchgefouert ginn ass. Dëse „Communiqué“ gëtt vun den zoustännegen Autoritéiten net a Fro gestallt, mee et sollt een awer bedenken, datt et sech heibäi leedeglech ëm eng „Behaaptung“ handelt.

De BoJo fuerdert drastesch Moossnamen

„Wéi konnt een esou ee Lafe loossen?“ ass déi Fro déi ganz Groussbritannien beschäftegt. Laut den zougänglechen Informatiounen, wier dem Usman Khan seng Entloossung op Bewährung eng ganz normal Prozedur, quasi Routine. Déi zoustänneg Kommissioun (déi iwwert Bewährung entscheet) wier net un der Decisioun bedeelegt gewiescht. De britesche Premierminister huet beim Besuch vum Tatort méi haart Strofe fir Schwéier- a Gewaltverbriecher gefuerdert.

De Boris Johnson huet sech zudeem géint virzäiteg Haftentloossungen ausgeschwat. „Mir wëllen, datt déi Leit hir Prisongsstrof, zu där se veruerteelt goufen och ofsëtzen“, esou de Regierungschef, deen d‘Asazkräften an déi couragéiert Passanten, déi gehollef haten den Terrorist onschiedlech ze maachen, an héchsten Téin gelueft huet.

Fir de Buergermeeschter vu London – deen der Oppositiounspartei Labour ugehéiert – stellt sech hei awer och d‘Fro, ob déi zoustänneg Autoritéiten och déi néideg Moyenen hunn fir geféierlech Persounen ze iwwerwaachen. Wéi eng Repercussiounen dat elo op de britesche Wahlkampf wäert hunn, konnt awer op Nofro och de Sadiq Kahn net mat Bestëmmtheet soen. Labour wéi Tories hu versprach 20.000 nei Polizisten astellen ze wëllen.

Aus Respekt virun den Affer, waren all d‘Wahlveranstaltungen um Samschdeg ofgesot ginn. D‘Brite wielen den 12. Dezember en neit Parlament an den Ament gesäit et gutt aus fir dem Premierminister seng Partei. De Boris Johnson wëll onbedéngt nach emol Premier ginn, fir dann d‘Scheedung (Brexit) mat der EU endlech duerchzesetzen.

Wat et soss nach ze soe gëtt

No Komplize sicht d‘Police zur Stonn net, woubäi natierlech gepréift gëtt ob net aner Persounen un der Dot bedeelegt waren, esou Scotland Yard. Déi huet nach weider Detailer zum Verlaf vun dësem Terroruschlag ginn: esou soll den Usman Khan gedreet hunn, d‘Fishmongers Hall (den historesche Fëschmaart) an d‘luucht ze joen. Hie soll hei un enger Konferenz zur Resozialiséierung deelgeholl hunn an e soll och hei ugefaangen hunn op d‘Leit anzestiechen.

InselHei solle scho Persoune versicht hunn sech den Terrorist ze kropen, mee dee konnt sech a Richtung London Bridge ofsetzen. E Grupp Männer konnt mathalen, een vun hinnen hat sech ee Feierläscher, en aneren hat sech de Stousszant vun engem Narwal gegraff (deen an der Hall zur Dekoratioun un der Mauer gehaangen huet). Den Usman Khan huet d‘Läschmëttel an d‘Gesiicht gesprutzt kritt, wären deen aneren him de Stousszant op d‘Broscht gedréckt huet.

Et ass hinnen heibäi gelongen, dem Attentäter zwee Messer ofzehuelen, déi dësen sech mat Gaffer-Tape un den Hänn „befestegt“ hat. Wéi si bemierkt hunn, datt de Mann eng Sprengvest um Kierper gedroen huet – si konnte jo net wëssen datt et eng Attrapp war – hu se vun him ofgelooss. D‘Police war an der Tëscht op der Plaz ukomm, a fir all Risk vun enger (méiglecher) Selbstsprengung aus de Féiss ze goen huet déi den Täter „onschiedlech“ gemaach.

mat indymedia/lon

Foto: De britesche Premierminister Boris Johnson war ee Samschdeg op der Plaz an huet sech vum Chef vun der Police iwwert déi lescht Erkenntnisser opkläre gelooss. Hie fuerdert elo, datt all Schwéierverbriecher, Gewalttäter a besonnesch Terroristen hir Strofe bis zum leschten Dag mussen ofsëtzen. Eng Fuerderung déi vir vill Gespréich an de Pub‘s suergt. © Team Boris

Related topics Boris Johnson, London, London Bridge, Sadiq Khan, Terror, Usman Khan
Next post Previous post