Ongléck a sibirescher Kuelegrouf

Beim schwéierste Grouwenongléck zanter Joren, sinn an enger russescher Minn 52 Mënsche gestuerwen

An der Kuelegrouf am Weste vu Sibirien, hat sech Moies aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach eng Explosioun erginn. Betraff ass de Schacht „Listwjachnaja“. D‘Biergwierk ass am Kusnezker Kuelebecke (Autonom Industriekolonie Kusbass) geleeën, déi zur Kemerevo Regioun gehéiert.

Vun den Autoritéite gëtt matgedeelt, datt den Zivilschutz zäitno agräife konnt an 233 Mineuren aus dem Schacht Listwjachnaja befreit huet. Iwwer véierzeg Aarbechter sinn deels schwéier blesséiert op d‘Spideeler an der Ëmgéigend verdeelt ginn. 52 Affer sinn ze bekloen, dorënner sechs Mann vun de Rettungsdéngschter. Iwwer Stonnen ewech war d‘Situatioun an der Kuelegrouf „komplizéiert“.

E Sanitäter huet de Kolleege vu Ria Novosti (РИА Новости) erkläert, datt d‘Galerie wéinst der Explosioun voller Damp waren, an d‘Mineuren am Schacht keng Méiglechkeet haten sech selwer aus dem Geforeberäich ze huelen. D‘Biergungsaarbechten 250 Meter ënnert der Uewerfläch hate kuerz nom Ufank vum Asaz, wéinst enger weiderer Explosiounsgefor missen ënnerbrach ginn.

Vu Moskau aus huet de russesche President Vladimir Putin de Famillje vun den Affer säi Bäileed ausgedréckt an ugeuerdent, datt den Hannerbliwwenen an Iwwerliewende gehollef soll ginn. Et brauch bei däraartegen Tragedien ëmmer och ee Schëllegen, firwat d‘Autoritéiten de 47 järegen Direkter vum Biergwierk, säi Stellvertrieder an ee Chef vum Déngscht, op der Plaz festgeholl hunn.

D‘Grënn si bekannt, geschéien deet wéineg

Hinne gëtt, esouwäit d‘Bestätegung vun der regionaler Staatsanwaltschaft, wéinst Verletzung vun den Aarbechtsrichtlinnen, onfräiwëllegen Homicide virgeworf. D‘Gebitt ronderëm d‘Biergwierk ass wäitraimeg ofgespaart ginn. De Gouverneur Sergej Ziwiljow huet d‘Kontroll vun alle Grouwen an der Géigend ordonéiert. Vun haut bis ee Sonndeg gëllt an der Regioun eng Aart Staatstrauer…

An de russesche Grouwen huet et aus wirtschaftleche Grënn schonn ëmmer eng gewësse suizidär Astellung vun de Grouwenaarbechter gebraucht. Elementar Sécherheetsvirschrëften huet et wuel, leider sinn dës éischter vun theoretescher Natur, firwat Accidenter eigentlech d‘Norm an de russesche Biergwierker sinn. Rechent een nach d‘Korruptioun derbäi, dierf Absicht ënnerstallt ginn.

De Grond firwat et widderholl zu Explosiounen an de Kuelegrouwe kënnt: Duerch d‘Aarbechte setzen d‘Mineure Methangas fräi. Ee liicht entzündlech an explosiivt „Gemësch“ dat eigentlech, wann et de Richtlinnen entspriechend géif Entlëftungen an de Galerie ginn, sollt „evakuéiert“ ginn. Wéinst der Belëftung hat et an dëser Kuelegrouf 2004 scho geknuppt, 13 Mineure waren Dout…

mat indymedia/mow

Dernières nouvelles