Search

You may also like

Käerjenger Chrëschtmaart 2020 ofgesot
International Neiegkeeten

Käerjenger Chrëschtmaart 2020 ofgesot

De Schäfferot vun der Käerjenger Gemeng huet a senger Sëtzung

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!
International Neiegkeeten

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!

[onionbuzz quiz-id=105][/onionbuzz] D’Lëtzebuerger Muséeslandschaft ass de vergangenen 20 Joer opgebléit.

Giel Gileten Akt XV: Nëmmen net noloossen!
International Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XV: Nëmmen net noloossen!

Et war de 15. Samschdeg an der Folleg, datt de

Online Cannabis kafen: an Israel e Nischemaart

Online Cannabis kafen: an Israel e Nischemaart

Et brauch um een um Handy nëmmen e puer Klicks fir an d‘Welt vun de Marihuanahändler ze geléngen. Hei bidden dës „Geschäftsleit“ hir Produiten un, deels mat grousse Biller déi d‘Wuer an engem gudde Liicht soll duerstellen. Online bestellen ass net nëmme praktesch mee och bequem.

„Et ass wéi eBay, et gëtt dausende Biller“ freet sech e „Notzer“ deen et virzitt anonym ze bleiwen. „Telegrass“ eng Plattform déi een iwwert eng israelesch App erreeche kann erfreet verständlecherweis d‘Konsumenten, mee huet och den Alarm bei der Police an den Erzéier ausgeléist.

An d‘Plattform, déi mat wéinege Klicks iwwert déi geséchert Messagerie „Telegramm“ erreecht ka ginn, schéngt seng Virdeeler ze hunn. D‘Keefer schécken dem Vendeur ee Message (dee sech vum selwe läscht) vir en Rendez-vous auszemaachen an d‘Liwwerung entgéint ze huelen.

Wie stécht derhannert?

Gegrënnt ginn ass d‘Plattform am Mäerz vum Amos Dov Silver, engem US-Bierger. Den drëssegjäregen huet dann och säi Wunnsëtz an den USA, well hie fäert an Israel verhaft ze ginn, esou d‘Dageszeitung Haaretz.

„Mir wëssen net genee wéi vill User mir hunn, mee et hu sech wäit iwwer 100.000 Leit ageschriwwen“, esou den Amos an engem Online-Gespréih mat der AFP. „Mir erwaarden eis awer nach besser Zuele fir d‘Zukunft“, versprécht de Geschäftsmann.

D‘Säit selwer ass integral op hebräesch, ganz esou wéi dem Grënner seng Facebooksäit, déi oppen zougänglech ass. Hei gëtt et e Forum wou sech d‘Konsumenten austausche kënnen, iwwert de Cannabis u sech an déi sëllechen Uwendungsméiglechkeeten.

Alles ënner Kontroll

„Mir hunn eist Geschäft an Israel ugefaangen, et ass d‘Häerzstéck vun der Aktivitéit, mee mir wëllen eis international entwéckelen“, esou den Amos weider. E „Konsument“ deen eenzeg iwwert seng Initial „J“ identifizéiert ass, erkläert datt hie Cannabis, ganz anonym an ouni Risiko kafe kann.

De Keefer muss sech wuel beim Verkeefer identifizéieren, mee deen huet all Interessi drun d‘Informatioun „verschwannen“ ze loossen a keng Trace vu senger Aktivitéit ze hannerloossen. D‘Plattform ass iwwregens an der Relatioun mam Verkeefer sécher, esou den „J“.

„Wann‘s de vun engem Verkeefer ugeschass gëss – du bezils soe mer fir fënnef Gramm, kriss der awer nëmmen dräi geliwwert – kann‘s de dech beschwéieren“, seet den „J“. Déi Verantwortlech vun Telegrass kennen d‘Identitéit vum Vendeur a kënnen se „eraushuelen“.

Wéineg Spillraum fir d‘Police

Ouni d‘Plattform ze ernimmen, muss de Spriecher vun der Police, Micky Rosenfeld, zouginn, datt den Online-Trafic an Israel e Phänomen ass. „D‘Police hëlt Mesurë géint déi Leit déi sech eng App zu notze maache vir Marihuana ze kafen oder ze verkafen“, verséchert de Spriecher vun der Police.

„Mir iwwerwaachen d‘Handye vun all deenen déi et versichen iwwert dëse Wee Transaktiounen ze tätegen an déi schëlleg gi verhaft“, esou de Micky Rosenfeld weider. Mee den Amos verséchert sengersäits, datt hien net um Geld interesséiert ass, mee esou fir eng Legaliséierung an Israel antrëtt.

An tatsächlech ass et esou, datt Israel eng gewëssen Toleranz géintiwwer dem Cannabiskonsum affichéiert. D‘Regierung huet am Mäerz eng partiell Entkriminaliséierung beim „privaten“ an dem „Fräizäit“ Gebrauch ugeholl. Privilegiéiert gi Geldstrofen an Therapien. Den Ubau an den Handel bleiwen eng Strofdot.

De falschen Androck erwächt

„De Plang selwer ass nach net a Kraaft, mee en huet de falschen Androck hannerlooss, datt eng Legaliséierung imminent wier“, esou d‘Orit Sternberg vun der Antidrogen-Autoritéit. D‘Grënnung vun Telegrass zum selwechten Ament wier awer keen Zoufall.

„Obwuel am Gesetz zu kenger Verännerung komm ass, mengen déi Jonk datt elo alles an der Rei ass an Telegrass notzt dat „Gefill“ voll aus“, esou dem Orit Sternberg seng Analys. Laut enger Etüd vun dëser Autoritéit, konsuméiere 27% vun den Israelien op mannst ee mol am Joer Cannabis. Bie jonke Leit tëscht 18 a 25 Joer klëmmt dëse Pourcentage op 41%.

Fir seng Géigner, gëtt Telegrass den Händler an de Keefer e Gefill vu Sécherheet dat et esou guer net ka ginn. Ganz am Géigendeel, géifen sech déi Leit, déi sech enregistréieren, dem Risk aussetze kënnen erpresst ze ginn.

Den Unhänger vun Telegrass allerdéngs, ass den Akaf via d‘App eng besser Variant, wéi sech op Geschäfter op der Strooss oder enger Disco anzeloossen. „Hien ass derbäi en Held ze ginn, dëse Robin Hood vum Cannabis, wéi wann hien ee bessert a méi séchert Liewen unzebidden hätt“, bedauert d‘Orit Sternberg.

mam Stephen Weizman/AFP

Related topics Cannabis, Israel, Marihuana, Onlinehandel
Next post Previous post