Search

You may also like

6. MakerFest – Digital Kreativitéit fir jiddwereen!
International Neiegkeeten Stories

6. MakerFest – Digital Kreativitéit fir jiddwereen!

Et ass ewell déi 6. Editioun vum MakerFest, déi um

CARE nom Äerdbiewen zu Haiti: “Logistesch Hürde fir d‘Nouthëllef“
International Neiegkeeten Stories

CARE nom Äerdbiewen zu Haiti: “Logistesch Hürde fir d‘Nouthëllef“

Port-au-Prince/Lëtzebuerg – Méi wéi zwou Wochen nom desastréisen Äerdbiewen am

Tréinen a Freet leie no beieneen
International Neiegkeeten Stories

Tréinen a Freet leie no beieneen

A Frankräich ass den 4. September Schoulrentrée. Ongeféier 12 Milliounen

Onofhängegen Ënnersichungsmechanissem fir Myanmar

D‘Junta huet d‘Muecht fest an der Hand a vill méi wéi Beweiser zu de Mënscherechtsverbrieche sammele kann d‘UNO net

Onofhängegen Ënnersichungsmechanissem fir Myanmar

Wéi déi burmesesch Arméi 2017 mat alle „Mëttel“ géint d‘ethnesch Minoritéit vun de Rohingya virgaangen ass, hu vill Observateure vun engem Vëlkermord geschwat. Am Kontext vun enger Pressekonferenz gouf den UN-Generalsekretär elo op déi ethnesch Säuberung ugeschwat.

Den Antonio Guterres, ee Mann dee seng Wierder ze moosse weess, hat op d‘Fro vum Journalist mat enger Géigefro geäntwert: „Wann en Drëttel vun der Rohingya-Communautéit flüchte muss, gëtt et do ee bessert Wuert fir de Sachverhalt ze beschreiwen, wéi ethnesch Säuberung?“. An elo hunn d‘Vereenten Natiounen ee Gremium agesat, deen déi ganz Situatioun analyséiere soll.

Et heescht, datt dëse Gremium mat der Bezeechnung „Onofhängegen Ënnersichungsmechanissem fir Myanmar“, dee vum Amerikaner Nicholas Koumjian presidéiert gëtt, d‘Missioun huet, Beweiser fir déi schlëmmste Verbrieche géint d‘Mënschheet ze sammelen. An den Amerikaner huet domadder eppes Erfarung, hir war Procureur an den USA a bei villen internationalen UN-Geriichter.

Säi Job ass et elo an enger éischter Phas eng Ekipp vu ronn 50 Leit zesummenzesetzen: Juristen, Enquêteuren, politesch Analysten an Techniker. Bis ewell leien der UNO schonn iwwer 210.000 Informatiounen an Temoignage vir, schrëftlech, mat Fotoen an/oder Videoen. Gehollef kritt de Gremium vu Facebook. Den Zuckerberg-Konzern huet sech bereet erklären „Daten ze liwweren“.

D‘Chinese spille mat

Et mussen elo all dës „Informatiounen“ zortéiert, bewäert an iwwerpréift ginn, da wéi ee risege Puzzel zesummegesat ginn, fir méiglechst um Enn ee verständlecht Gesamtbild vun der Situatioun opzeweisen. Onmëttelbar benotzen/verwende loossen sech des Evidenzen dann allerdéngs nach net, och wann d‘Offizéier vun der Junta längst sollte beim ICC zu Den Haag ugeklot gi sinn.

Dat awer geet net, well grad wéi d‘USA (also dem fir de „Mechanissem“ zoustännege Chef seng Heemecht) huet Myanmar den ICC ni unerkannt an ass dësem folgerichteg och ni bäigetrueden. Dem internationale Geriichtshaff sinn domadder d‘Hänn gebonnen. Sécher, et wier méiglech awer eng Uklo um ICC anzereechen, wann den UN-Sécherheetsrot dat esou beschléisse géif.

Eng strikt „theoretesch“ Méiglechkeet, well engersäits leeft an dësem marode Rot zanter Joren näischt méi, well d‘Veto-Muechten hir privat Streidereien natierlech och an dësem Gremium ëffentlech ausdroen. An Anersäits huet et wirtschaftlech wei geostrategesch Grënn, firwat sech d‘Natiounen am UN-Sécherheetsrot guer net wëllen arrangéieren. Hei sinn et d‘Chinesen…

China investéiert Milliarden a Myanmar, mee och an déi militäresch Junta, hält vun Demokratie éischter näischt (Hong Kong ass ee gutt Beispill) a méi generell: wann et d‘Amerikaner veriergert, da war de Veto gutt agesat. Aus de selwechte Grënn dierften d‘Russen de Veto vu China stäipen. Esou kann d‘UN d‘Junta net zwéngen, UN-Inspekter op der Plaz recherchéieren ze loossen.

Alles ergëtt säi Sënn

Wann elo awer d‘UN-Inspekter net op der Plaz ermëttele kënnen/dierfen, esou heescht dat net, datt ee keng Beweiser kéint d‘Verbriecher an Uniform sammele kéint. Beweiser déi jo wichteg sinn, sollt et awer enges Daags méiglech sinn, déi Beschëllegt viru Geriicht ze bréngen. Sécher muss ee berécksiichtegen, datt wann et bis esouwäit sollt sinn, de Prozess éischter Symbolfunktioun huet.

Dat ass dann nees dem Fait geschëlt, datt meeschtens esouvill Zäit verstrach ass, datt d‘Zeien entweder verstuerwe sinn oder hir Erënnerung hinne Streecher spillt. Ënnerlage goufen zerstéiert, Beweiser si rar geséit. Dat ass der Junta, déi mat esou engem Ëmgang vill Erfarung huet, éischter egal, si huet kaum bis guer keng Interessen u Bezéiunge mat der EU oder den USA.

Anersäits weisen esou Veruerteelungen, wéi déi vum Slobodan Milosevic, datt et méiglech ass d‘Täter ze bestrofen. Ob et eng Warnung fir d‘Junta ass? Ugesiichts dem Constat, datt zur Stonn d‘Junta am Myanmar massiv géint déi eege Bevëlkerung virgeet, dat nodeems déi demokratesch Regierung ofgesat an agespaart gouf, sollt een net dovunner ausgoen, datt si „Bedenken“ hunn.

mat indymedia/nyc

Illustratioun: © Manuel Elias / UN Foto

Related topics Burma, ethnesch Säuberung, Junta, Myanmar, Rohingya, UN-Sécherheetsrot, UNO
Next post Previous post