Search

You may also like

Gréngen Dram zu Stolzebuerg: Déi 20.Editioun vum Planzen- a Gaardefest
International Neiegkeeten

Gréngen Dram zu Stolzebuerg: Déi 20.Editioun vum Planzen- a Gaardefest

Um Weekend vum 11. an 12. September wäert sech Stolzebuerg

International Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill MELLIS

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

30 Joer Mauerfall: Ee Jubiläum fir d’Vereenegung!
International Neiegkeeten

30 Joer Mauerfall: Ee Jubiläum fir d’Vereenegung!

Den 9. November sinn et genau 30 Joer hier, datt

30. Onofhängegkeetsfeier fir d‘Ukrain

Vill Pomp an Uniformen, si wollten onbedéngt en Zeeche setzen a Russland stäerkt demonstréieren

30. Onofhängegkeetsfeier fir d‘Ukrain

Et ass net nëmmen ee Jubiläum, mee wierklech ee Volleksfest ass et och net. Virun 30 Joer huet d‘Ukrain sech vun der zerfallener Sowjetunioun lassgeléist. Dräi Joerzéngten an deenen de Chaos politiséiert a sech der Europäesch Unioun un den Hals gehaange gouf. Déi territorial Souveränitéit huet gelidden, a wirtschaftlech huet sech d‘Ukrain ofhängeg gemaach.

Drësseg Joer ass elo och net wierklech „laang“ – et kënnt engem just esou vir – an als onofhängege Staat, dee fréier an engem enke Corset verfaange war, muss ee sech wuel emol fannen. Déi éischt ukrainesch Regierung huet déi „geierfte“ strategesch Atomwaffe géint masseg US-Devisen an och Sécherheetsgarantie getosch, a sech zäiteg fir ee Rapprochement un d‘Unioun staark gemaach.

2004 huet dee vu Washington a Bréissel finanzéierten a politesch gefërderten Nationalist Viktor Yushchenko. De Comptabel a fréiere loyale Kommunist, hat no der Onofhängegkeet d‘Mandat als President vun der ukrainescher Nationalbank iwwerholl (1993/99), iert hie Ministerpresident gouf (1999/2001). Säi politescht Mandat war no engem Mësstrauensvott dann awer emol gedoen…

Hien huet weidergemaach a gutt Bezéiungen zu den „Organisateure vun der Rouserevolutioun“ ënnerhalen. No vill Wal-Gemauschels an enger „Oranger-Revolutioun“ huet de Yushchenko dann d‘Mandat vum President iwwerholl. D‘Ukrain war do schonn eng gespléckten Natioun: de Süden an den Osten hat sech majoritär fir de prorussesche Kandidat Viktor Yanukovych entscheet.

Déi wichtegst Protagoniste vum „Orange Lager“, de Viktor Yushchenko an d‘Yulia Tymoshenko, waren sech awer net wierklech eens, firwat weder d‘Verspriechen ëmgesat nach d‘Wirtschaft konnt opgebaut ginn. 2010 huet sech d‘Vollek du fir de Viktor Yanukovych „ëmentscheet“. Dat huet weder den Amerikaner, nach dem europäesche Bündnis gefall, firwat déi sech agemëscht hunn.

Euromaidan: Offiziell de Kampf géint Korruptioun

2013 hunn eng Rei vun den USA an der EU finanzéiert Gruppéierungen sech breet gemaach. Grond dofir war d‘EU-Assoziéierungsofkommes, datt ënnert dem Drock vu Moskau ausgesat gi war. 2014 gouf et eng „Eenegung“ an de Viktor Yanukovych huet missen den Hutt huelen. 2014/16 huet den Arseniy Yatsenyuk d‘Iwwergangsregierung geleet, an déi bis 2010 gülteg Verfassung nees agesat.

Well d‘Ukrain eppes vill Scholden (Gas) bei de Russen hat, sech ëmmer méi der EU zougewannt huet, an déi russesch „regional“ Majoritéiten sech net zwéngend als nei Europäer gesinn hunn, et zudeem ganz gutt geopolitesch a geostrategesch Grënn hat (Schwaarzmier-Flott zu Sewastopol) huet Moskau den Zaren hir Wäibierger an déi derzougehéiereg Hallefinsel einfach annektéiert.

Mam Geschäftsmann a Milliardär Petro Porochenko (2014/19) hat d‘Ukrain nees e President, deen nationalistesch orientéiert war. Hien huet méi zu Onwee gemaach wéi seng amerikanesch Frënn vun him verlaangt hunn, an net genuch Demokratieverständnis gehat wéi et vu Bréissel erwaart gouf. Hien huet 2019 géint ee Komiker dat schlechtste Walresultat an der ukrainescher Geschicht agefuer.

De Wolodymyr Selenski ass och en erkläerte Fan vun der Europäescher Unioun, där hie gäre wéilt zougehéiereg sinn. Hie wëll d‘Ukrain och an d‘NATO abréngen an ënnerhält – egal wien d‘Rudder am Grapp hält – och enk Kontakter zu den USA. Hie wëll d‘Gaspipeline NordStream2 verhënnere well him soss d‘Milliarde verluer ginn, déi d‘Ukrain fir de Gas-Transit Russland-EU kasséiert.

Antrëtt an d‘Neizäit mat Muechtdemonstratioun

Interessant – well ee jo éischter géif unhuelen, datt ee Komiker als Mann vun der Konscht, méi pazifistesch ausgeriicht wier – datt de Wolodymyr Selenski, sech um 30. Onofhängegkeetsdag eng (bal) richteg Militärparad gënnt. Hien dee nach ee Sonndeg erkläert huet, datt d‘Ukrain militäresch net an der Lag sech dem Russ entgéintzestellen, wollt onbedéngt militäresch Stäerkt weisen.

Et ass méiglech, datt seng Beroder aus Washington a Bréissel him dozou geroden hunn, woubäi de Russ jo an der Lescht och zimmlech Drock gemaach huet. Fir ee Komiker deen ëmmer vu sech behaapt huet, näischt vu Gewaltdemonstratiounen ze halen, alles a Beweegung ze setzen, wat d‘Arsenal ze bidden huet, éischter net esou “witzeg“. Mee et muss ee senge „Frënn“ gefalen.

Zudeem huet et no der Inauguratioun vun der Krim-Plattform, engem Event dat een als „Virspill“ zum militäresche Som-Ergoss um Onofhängegkeetsdag bewäerten dierf, eppes fir d‘Galerie an d’Wielvollek gebraucht. Et ass net esou, datt déi sech an engem onerkläerte Krich mat Russland befëndlech Populatioun awer elo iwwerméisseg, fir Uniforme, Panzer a Kampffliger interesséiert.

D‘Muskele goufe fir déi interesséiert Frënn a Partner gestrafft, dem Vollek dogéint gouf Kultur ugebueden. Engersäits gehéiert et sech fir d‘Ukrainer, op dësem Dag Famill a Frënn ze besichen, wou éischter opulent gefeiert gëtt. Donieft huet et am (bal) ganze Land vill Veranstaltungen an Concerten. Et war en Dag wou déi meeschten Ukrainer, déi bestoend Konflikter ausgeblend hunn.

mat indymedia/iev

Related topics Kiew, Militärparad, Onofhängegkeetsdag, Ukrain, Wolodymyr Selenski
Next post Previous post