Den onperfekte Kreschtmaart

D’Sich nom perfekte Chrëschtbeemchen an der passender Dekoratioun ass fir verschidde Mënschen eng richteg Erausfuerderung. Ze kromm, ze kleng oder grouss, keng schéi Spëtzt oder och ze vill kal Plazen sinn d’Haaptkrittären wisou e Beemchen ausgeschloss gëtt. Ma, bei dësem onperfekte Chrëschtmaart soll dës Denkweis sech änneren.

Esou fënnt den 11. Dezember vun 9 bis 12 Auer bei Majerus Geimer Constructions zu Housen dësen eenzegaarteg, neien a virun allem onperfekte Chrëschtmaart statt. Am Virdergrond stinn déi Dännebeemercher, déi Feeler hunn an esou riskéieren, keen Doheem iwwert d’Feierdeeg ze kréien.

Organiséiert gëtt d’Evenement iwwregens vun der Ekipp vun on.perfekt. Mat hirer Iddi eng Epicerie opzemaachen, an där onperfekt Produiten, ofgelafe Liewensmëttel déi awer nach genéissbar sinn an där mat Schéinheetsfeeler ungebuede ginn, hunn d’Aline, d’Fabienne an d’Julia dës Joer déi 1. Plaz beim Concours „Äre Projet (m)am Naturpark“ besat.

Hiert Konzept gouf elo vun de Liewensmëttel och op d’Traditiounen vun de wanterlecher Feierdeeg iwwerdroen. Heibäi hunn de Marius Heck an Yves Richter vun ‘Tannengrün GbR’ den Ureiz geliwwert.

Weider Informatioune ginn et op www.onperfekt.lu.

Dernières nouvelles