Search

You may also like

Politesch Kultur am Wahlkampf
International Neiegkeeten Stories

Politesch Kultur am Wahlkampf

An de leschte Wochen an Deeg goufe vu verschidde Säiten

D’Braderie vun den Diplomer ass keng Léisung!
International Neiegkeeten Stories

D’Braderie vun den Diplomer ass keng Léisung!

Den 11.Mee ass per Internet eng Informatioun public gemaach ginn,

Kannerbuch-Illustrateure presentéieren hiert Bild vun Europa
International Neiegkeeten Stories

Kannerbuch-Illustrateure presentéieren hiert Bild vun Europa

D‘Tilly Metz, Europadeputéiert vun déi gréng, hat de leschte Freideg

Onrou bei NATO-Sommet

Nieft de Russe maachen elo och d‘Chinesen der transatlantescher Allianz Kappzerbrieches

Onrou bei NATO-Sommet

Um grousse Familljentreffe vun den 30 NATO-Partner, hunn och de Staatsminister Xavier Bettel (DP) an de Krichsminister François Bausch (déi gréng) deelgeholl. Wéi bei alle leschte Sommete (G7 an EU) war déi kommunistesch Volleksrepublik nees ee vun den zentralen Diskussiounsthemen.

Dat bescht dann awer fir unzefänken: bis op den tierkesche Sultan Recep Tayyip Erdogan, waren all d‘Staats- a Regierungscheffen, jo esouguer de Generalsekretär Jens Stoltenberg inklusiv Ekipp ganz frou datt nees en amerikanesche President mat um Dësch gesat huet, dee sech zumindest verbal ze behuele weess. De Joe Biden huet sech zudeem och nees zum transatlantesche Bündnis bekannt.

Et geet ëm Bäistandsflicht zur Allianz an Europa, eng fir de Joe Biden „helleg Flicht“. Dem Senior war et wichteg Europa d‘Message ze hannerloossen, datt d‘USA nees do sinn. Gemengt ass hei net eng geeschtlech Absence am Trump-Kontext, villméi gëtt hei kloergestallt, wien am Club vun de Falleken den Toun ugëtt. Bezunn op de Fait datt d‘NATO sech ee Reform-Debat gënne muss, wuel eng Viraussetzung, fir all den Erausfuerderungen Här ze ginn, déi d‘Géigewaart eis bereet hält.

Wärend d‘Welt eigentlech gutt berode wier, sech enger Léisung vun der globaler Covid19-Kris an dem Klimawandel unzehuelen, schéngt sech op een neie Konflikt virbereet ze ginn. Ass et schonn een Zeechen, datt aus de genannte Krisen ee bewaffente Konflikt entstoe kéint? Net wierklech mee richteg ass och, datt déi wou d‘Konflikter erbäiféieren net un der Front de Kapp duerhale mussen.

Russland a China

Wann natierlech och iwwer den Ofzuch vun den Truppen aus dem Afghanistan diskutéiert, sech iwwert déi ëmmer méi heefeg optriedend Cyberattacke berode gouf, an d‘Russen – aus Grënn – selbstverständlech net ausgelooss goufen, esou war dem Räich vun der Mëtt mat senger Diktatur vill Bedeitung bei dësem NATO-Sommet zougemooss ginn. Woubäi der NATO sinn Hong Kong an d‘Uiguren egal. D‘Militärbündnis ass duerch dat kommunistescht Atomwaffenarsenal beonrouegt.

Donieft mécht de wuessenden Afloss vun de Kommunisten, déi aussepolitesch Ausriichtung, esou wei d‘Ofsécherung vun neie Mäert (Afrika, Südamerika, Osteuropa a Asien), déi d‘G7 (déi sinn all NATO) fir sech beusprochen, schlecht Stëmmung. An der Ofschlosserklärung heescht et: „De wuessenden Afloss vu China a seng international Politik kënnen Erausfuerderunge verbiergen, déi mir als Bündnis zesumme mussen ugoen“. Et geet awer nëmmen ëm Sécherheetsinteressen…

Wien hei wirtschaftlech Interesse vermutt, nodeems d‘G7 um Sonndeg erkläert hunn, datt een elo och gewëllt wier, beispillsweis an Afrika, de Vëlker net nëmmen d‘Ressourcen ofzeknäppen, mee hinnen och Stroossen an Infrastrukturen ze bauen, versteet séier datt et just ëm Humanismus geet. Ëm esou méi wichteg war et och an Ofschlosserklärung festzehalen, mat wéi enge Methoden, wéi engem Verhalen, d‘Chinese proaktiv un enger Destabiliséierung vum Weltfridde schaffen.

Déi giel Gefor…

Elo ass et absolut richteg, datt d‘Volleksrepublik China net nëmme wirtschaftlech d‘USA an Europa iwwerholl huet, mee och militäresch den „Uschloss“ fonnt huet. Wann d‘G7 aus Grënn China nach ëmmer als „Schwelleland“ verklären, sech awer vun dësem an allen Hisiichte wirtschaftlech eppes ofhängeg gemaach hunn, esou suergt sech d‘NATO ëm déi militäresch Schlaagkraaft vu Peking.

Laut der NATO sinn de séieren Ausbau vum Atomwaffenarsenal, déi stänneg Desinformatioun an d‘Verstéiss géint grondleeënd Wäerter eng ganz reell Bedreeung fir de Weltfridden. Mee denken hei all d‘Memberen esou? Net wierklech, mee déi dreiwend Kraaft hannert der neier Ausriichtung vum transatlantesche Bündnis sinn d‘Amerikaner. Mee och d‘Europäer, hu mëttlerweil erkannt datt de „Produktiounsatelier“ am Begrëff ass d‘Direktioun ze iwwerhuelen. Dat geet jo elo awer och net…

Fir da géintiwwer de Leit an den NATO-Länner als „Friddensbündnis“ opzetriede gëtt behaapt, datt een Interessi un engem konstruktiven Dialog huet, hei besonnesch betreffend de Klimaschutz. Dozou de Generalsekretär Jens Stoltenberg: „Mir trieden net an en neie kale Krich an, a China ass net eise Géigner an net eise Feind“. Gutt, mee wat der Däiwel ass China dann elo fir d‘NATO?

mat indymedia/bru

Foto: © NATO

Related topics Francois Bausch, NATO, NATO-Sommet, transatlantescht Verdeedegungsbündnis, Xavier Bettel
Next post Previous post