Search

You may also like

Gianni Agnelli, de sportbegeeschterten Industriekapitän
Neiegkeeten

Gianni Agnelli, de sportbegeeschterten Industriekapitän

Virun 100 Joer – de 12. Mäerz gouf de Giovanni

Fondation EME: Äre Concertsvideo fir Altersheemer!
Neiegkeeten

Fondation EME: Äre Concertsvideo fir Altersheemer!

Déi rasant Ausbreedung vum Coronavirus zwéngt Lëtzebuerg zum reegelrechte Stëllstand.

surprise
Viru 40 Joer: déi iranesch Revolutioun
Neiegkeeten

Viru 40 Joer: déi iranesch Revolutioun

An de Kannerae vum Mohammad Hassan Sharifizadeh huet d’Revolutioun, déi

ons stad N°118 – Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich

ons stad N°118 – Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich

Et ass de Kulturmagazinn mat historeschen a kulturelle Beiträg zur gesellschaftlecher Entwécklung vun eiser Haaptstad. Säit Juni 1979 gëtt dräi Mol am Joer „ons stad“ och gratis Heem geschéckt. Elo ass déi 118. Ausgab eraus komm. An dëser Commemoratiounsperiod fir un d’Enn vum Éischte Weltkrich ze erënneren ass „ons stad“ ee wichtegen Deel vun der Stad Lëtzebuerg.

Ufank August sinn däitsch Truppen an eist Land amarschéiert, hunn Iwwerwaachungsposten installéiert an hu missen iergendwou ënnerbruecht an erniert ginn. Ënnert de ville Problemer, déi dat mat sech bruecht huet, war d’Versuergung vun de Leit gravéierend. De Konflikt huet sech verstäerkt a sou ass mat der Zäit Iesse rare an deier ginn, a gouf just nach mat spezielle Ratiounskaarten ausgedeelt.

De Serge Hoffmann analyséiert elo d’Nowierkunge vum Manktem u Liewensmëttel, wärend d’Marie-Paule Jungblut a sengem Artikel déi dramatesch Konsequenze vun de Loftugrëffer beschreift. D’Autoritéite vun der Zäit waren net nëmme mam Krich an enger schwéierer Situatioun an eiser Haaptstad konfrontéiert, mee missten och géint intern Kämpf tëscht de verschiddene politesche Fraktiounen ukommen, wat de Marc Ney eis beweist.

D’Gaby Sonnabend erkläert, datt, säit dem Ufank vum Konflikt, d’Grande-Duchesse Marie-Adélaïde dat spéidert Lëtzebuerger Rout Kräiz agefouert huet. Esou konnte blesséiert Zaldote vu Fräiwëllege versuergt ginn, egal zu wéi enger Natioun si gehéiert hunn. Donieft presentéiert d’Evamarie Bange eis d’Monumenter zum Gedenken un déi schrecklech Erënnerungen an d’Opopferung vum Militär an den Zivilisten, déi am Éischte Weltkrich hiert Liewe gelooss hunn.

Och fir d’Fraen, déi sech an dëser schwéierer Zäit ëm d’Koordinatioun vum Familljeliewen, de Manktem un Iessen an Aarbecht këmmere missten, war et definitiv keng liicht Situatioun, sou de Renée Wagner. An dësem Kontext gëtt hei eng Lëtzebuerger Madamm ernimmt, déi eng aussergewéinlech Roll gespillt huet: d’Lise Rischard. Si konnt hir grouss Karriär als Spioun fir d’Englänner feieren, wat hei vum Jean Reitz a Nadine Geisler opgegraff gëtt.

A sengem Artikel bezitt sech d’Christiane Grün op d’Nowierkunge vum Krich op den Alldag, wärend d’Josiane Weber den Impakt vum Konflikt op d’Lëtzebuerger Literatur opgräift. A wien dierf hei net feelen? Natierlech de literareschen Zäitzeie Batty Weber!

Zur Zäit vum Krich konnt glécklecherweis d’Kulturwiesen net gestoppt ginn. An de véier Joer vum Konflikt goufen eng Rei artistesch Spektakelen organiséiert, wat de Guy May eis beweist.

„ons stad“ presentéiert net nëmmen all des dramatesch Geschichten, mee och déi renovéiert Auer vun der Méchelskierch. D’Ausstellung Hard Truths weist am Cercle Cité dem Visiteur impressionnant Fotoen op, mee och d’Geschicht vun de leschten 125 Joer vum Jongelycée zu Lëtzebuerg.

Related topics Éischte Weltkrich, Geschicht, Kulturmagazinn, Lëtzebuerg, ons stad
Next post Previous post