Search

You may also like

Spadséierfaarte mam Moto sinn erlaabt
Neiegkeeten

Spadséierfaarte mam Moto sinn erlaabt

Nodeems et eppes Hickhack ginn huet, zum wéini dierf een

EU-Kommissioun vum Parlament bestätegt
Neiegkeeten

EU-Kommissioun vum Parlament bestätegt

Mat engem Mount Verspéidung huet d‘EU-Parlament déi nei EU-Kommissioun vum

Transition Days Podcast: Bewosst duerch d’Liewe goen (Episode 1)
Neiegkeeten

Transition Days Podcast: Bewosst duerch d’Liewe goen (Episode 1)

Wéi kënne mir all zesummen op engem Planéit Liewen? Am

Vernetzt- innovativ – nohalteg: „Onse Mobilitéitsplang fir muer“

Vernetzt- innovativ – nohalteg: „Onse Mobilitéitsplang fir muer“

Gëschter hu Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg d‘Geleeënheet genotzt, fir den Entwécklungsprozess vum Mobilitéitsplang virzestellen. Den Optakt selwer fënnt haut am Kader vun enger Erëffnungsvirféierung am Studio vum Groussen Theater an der Stad statt.

Zil vun dësem Mobilitéitsplang ass et d‘Mobilitéit an der moderner Gesellschaft ze assuréieren an noutwenneg Infrastrukturen ze berécksiichtegen sou wéi déi ënnerschiddlech Offere virzestellen. Dobäi solle sämtlech Notzer d‘Stad an d‘Quartiere gutt erreeche kënnen.

An dofir soll een effizienten ëffentleche Mobilitéitsverkéier suergen. Dëse soll fir e groussen Deel mat ökologesche Verkéiersmëttel bewältegt ginn. Dat ass alt erëm e weidere Schrëtt an ee méi nohaltegt Bewosstsinn. Dobäi sollen d‘Ziler vun dësem Mobilitéitsplang bis 2035 erreecht ginn.

Onse Mobilitéitsplang fir muer

Den Entwécklungsprozess besteet aus véier Phasen:

An där Éischter geet et selbstverständlech ëm d‘Virbereedung. Et muss een Inventar vun der urbaner Mobilitéit erstallt ginn. Duerch Erstellung vun de Grondlagen ass et méiglech, Stäerkten, Schwächen, Chancen sou wéi Risiken an der Mobilitéit ze erkennen.

Am zweete Schratt gëtt een Leitbild fir den zukünftege Mobilitéitsplang erstallt. Dëst soll de Leit eng nohalteg Mobilitéit erméiglechen an esou d‘Liewensqualitéit verbesseren. An der drëtter Phas geet et esou lues ëm d‘Realisatioun vum Projet. Dofir gëtt de Strategiedesign aus den zwou éischte Phasë genotzt. Dëst séchert eng isoléiert a konkret Moossnam fir déi geplangten Ziler sou sécher wéi méiglech ze erreechen. Dës weidere ginn se nach eemol evaluéiert, fir ze bestëmmen ob se och tatsächlech effikass sinn.

An der leschter Phas geet et virun allem drëms, ee Fuerplang auszeschaffen, deen d‘Stad Lëtzebuerg fir déi kommend Jore leede wäert. Déi gesamte Resultater vun dësem nohaltegen Mobilitéitsplang ginn der Ëffentlechkeet am Hierscht 2022 virgestallt. Bleift nach ze soen, datt wärend der Entwécklung vum Projet op d‘Meenunge vun de Bierger gelauschtert gëtt – eng Biergerbedeelegung ass also séchergestallt.

Dës weidere gouf d‘Entwécklung vun dësem Mobilitéitsplang engem temporäre Veräin uvertraut, deen déi néideg Erfarung an dësem Beräich besëtzt an dofir suergt, datt d‘Strategie gutt ëmgesat gëtt. Déi komplex Aufgab ass nawell eng Erausfuerderung, déi déi ënnerschiddlech Beräicher ofdeckt. Dozou gehéiert ënnert anerem d‘Kommunalpolitik, d‘Ëffentlechkeet selwer, regional Acteuren sou wéi ee Mobilitéitsbäirot.

Well d‘Meenung vu jiddwerengem gefrot ass, gëtt ab dem 14. Oktober eng Ëmfro online gesat. Esou ass et all Bedeelegtem méiglech seng Gewunnechten an Zefriddenheet a Bezuch mat der Mobilitéit auszedrécken a wann néideg Verbesserungsvirschléi ze maachen.

Et kann een och eng gedréckte Versioun vun dëser Ëmfro am Stater Gemengenhaus (42, Place Guillaume II, L-2090 Luxemburg) oder beim Infobus (Bâtiment Cercle Cité, place d’Armes / Ecke rue Genistre, L-2012 Luxemburg) sichen ze goen. D‘Ëmfro, déi bis de 14. November gemaach ka ginn, ass absolut anonym.

Opmaacherbild: © VDL Fotothéik / Charles Soubry

Related topics Ëffentlechen Transport, Lydie Polfer, Onse Mobilitéitsplang fir muer, Phasen, Stad Lëtzebuerg, Verkéiersmëttel
Next post Previous post