Search

You may also like

De Kannerfriddenspräis fir d‘Greta Thunberg
Kultur Neiegkeeten

De Kannerfriddenspräis fir d‘Greta Thunberg

Zesumme mam Divina Maloum aus dem Kamerun huet déi 16

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille
Kultur Neiegkeeten

Legendär an onermiddlech: d‘Rolling Stones begeeschtere Marseille

70 järeg „Bope“… déi nach ëmmer legendär an onermiddlech Rolling

Lëtzebuerg krut am Mäerz 132 nei Demanden fir d’Protection Internationale
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg krut am Mäerz 132 nei Demanden fir d’Protection Internationale

Während d’Lag sech a Syrien net berouege wëll, kommen och

On Stéitsch 2019 – Appell u jonk Artisten!

Um 21. September gëtt schonns déi 12. Editioun vum „On Stéitsch“ Festival organiséiert. Mat neien Talenter soll och dëst Joer nees een exzeptionelle Programm gebuede ginn. Majo wéi wier et dann do mat Dir?

Säit 2008 zitt de Festival all Joer zuelräich Visiteuren un, woumat natierlech och de Succès vum Evenement klëmmt. Zesumme mat lokalen a regionalen Artisten soll esou eng Panoplie u verschiddenen Animatiounen op d’Been gestallt ginn, woubäi d’Festival-Stëmmung natierlech net feelen dierf. Mat dëser immenser Atmosphär gëtt vir Grouss a Kleng, Jonk an Al eppes gebueden.

Als Rendez-Vous fir jonk Artisten bitt On Stéitsch den ideale Schoulufank, an zwar mat verschiddene Bühnen, enger Konschtausstellung, Informatiounsstänn a Sports- oder och Kreativatelieren.

Fir nees eng erfollegräich Editioun op d’Been ze stellen appeléiert den SNJ elo un jonk Kënschtler, Sportler, an aner Artisten, déi eng Passioun hunn, sou wéi Assocatiounen aus dem Secteur vun der Jugend. Um Site onsteitsch.lu kann ee sech fir de Festival, deen iwwregens an de Rotondes zu Bouneweg organiséiert gëtt, aschreiwen.

Related topics Festival, Konscht, Musék, On Steitsch, Opruff
Next post Previous post