Search

You may also like

17 Nei Petitiounen: …eng dovunner huet et a sech
Meenung Neiegkeeten

17 Nei Petitiounen: …eng dovunner huet et a sech

Datt een déi sougenannte „Couverture Vaccinale“ net iwwer d‘Fräiwëllegkeet géif

Ungarn: Homophoobt Gesetz a Kraaft gesat
Meenung Neiegkeeten

Ungarn: Homophoobt Gesetz a Kraaft gesat

D‘Ungarn haten zäiteg hir Demande agereecht, fir d‘Subventiounen aus dem

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerg erfreet iwwert eng gutt Aarbechtsmaartsituatioun

Zanter elo zwee Joer schéngt et mat der Konjunktur zu

CGFP prangert onverantwortlech Impfstrategie un

CGFP prangert onverantwortlech Impfstrategie un

D‘Impfcampagne heizuland verleeft nëmme schleefend. An der Bevëlkerung breet sech zouhuelend Frust an Enttäuschung iwwert dës Stagnatioun aus. Dräi Méint no der Zouloossung vum éischten Impfstoff ass Lëtzebuerg meilewäit vun enger wierksamer an ëmfaassender Impfstrategie géint de Covid19 ewech.

D‘Gesondheet ass en ëffentlecht Gutt an zugläich ee Mënscherecht. Eng vun den zentrale Flichte vun der Regierung besteet doranner, d‘Bierger beschtméiglechst ze schützen. Jee länger awer sech d‘Coronaviruskris hinzitt, ëm esou méi stellt sech eraus, datt dëse Schutz an ausräichender Mooss gewäert gëtt.

Trotz senger bescheidener Awunnerzuel a senger gudder finanzieller Ausgangslag gehéiert Lëtzebuerg beim Impftempo zu den Schlussliichter vun Europa. Vun der Regierung gouf et bis ewell weder eng iwwerzeegend Erklärung dofir, nach en éierlecht Ageständnis vun de Versaumnisser.

Nieft dem Debat zz den Impfdrängler stellt sech d‘Fro, firwat net méi Impfdose virhande sinn an no wéi enge Prinzipien d‘Aluedunge verschéckt ginn. E gutt Beispill dofir, wou de Schong dréckt, ass déi onverantwortlech Erugoensweis am Prisong. Do ginn ausschliisslech d‘Häftlinge géint den hannerlëschtege Virus geimpft. D‘Giischtercher, déi méi Zellen am Dag betrieden, bleiwen alles bausse vir. Och de Rescht vun der Beleegschaft gëtt net berécksiichtegt.

Zuelräich Widderspréch

Dës inakzeptabel Zoustänn si kengeswees en Eenzelfall. Esou weigert sech d‘Regierung jo och d‘Enseignante prioritär impfen ze loossen, dat obwuel d‘Léierpersonal deeglech engem héijere Risiko ausgesat ass. Déi vergaange Méint hu gewisen, datt den Infektiounstaux bei den Enseignante wären dem Schoulbetrib iwwert deem vum Rescht vun der Bevëlkerung läit.

Eng fréizäiteg Impfung vun den Enseignante géif net nëmmen den Infektiounsrisk an de Schoulgebaier erofdrécken, mee och d‘iwwerdroe vum Virus bannent der Gesellschaft verréngeren. Virun allem awer géif esou eng Mesure hëllefen, de fir Kanner a Jugendlecher onentbierleche Präsenzunterrecht esoulaang wéi méiglech oprecht ze erhalen.

Den Educatiounsminister Claude Meisch schéngt sech der Problematik bewosst ze sinn. bBedauerlecherweis gëtt et awer bannent der Regierung aner Kräften, déi sech enger fréizäiteger Impfung vun den Enseignanten an Educateure kategoresch widdersetzen.

Fir d‘CGFP ass et zudeem absolut onverständlech, firwat d‘Polizisten net zu der Grupp vun de prioritär ze impfende Persoune gehéieren. Wei vill aner Mataarbechter beim Staat si bei der Ausübung vun hirer Aarbecht all Dag héije Risiken ausgesat a begéinen dobäi och vulnerabel Persounen? Firwat gëtt de Polizisten eng fréizäiteg Impfung verwiert, wärend de CGDIS an der tëscht vëlleg zu Recht de Vaccin erhalen hunn? D‘Lëscht vun dëse Widderspréch kéint sech a ville Beräicher vum ëffentlechen Déngscht belibeg weiderféiere loossen.

D‘Schweige vun de politesch Verantwortlechen

Sinn déi am ëffentlechen Déngscht beschäftegt Leit trotz hirer systemrelevanter Roll zweetrangeg? Sinn déi wou sech Dag fir Dag an den Déngscht vun de Bierger stellen an dobäi hir Gesondheet gefäerden, de Politik vëlleg gläichgülteg? Déi politesch Verantwortlech hüllen sech dësbezüglech a Schweigen.

Bedenklech sinn och déi erschreckend niddreg Impfquote beim Gesondheets- a Fleegepersonal. Dës Tatsaach dierf net einfach esou higeholl ginn. Fir den Trend ëmzedréinen, dierf et d‘Regierung net bei enger hallefhäerzeger Sensibiliséierungscampagne sinn. An Zukunft gëllt et, verstäerkt Iwwerzeegungsaarbecht ze bei de Betraffenen ze leeschten.

Sollt sech dës Virgoensweis als onzouräichend erweisen, kënnt d‘Politik net méi derlaanscht, weider Impfmoossnamen an Erwägung ze zéien. Sech esou engem Debat vu vireran ze verschléissen, géif bedeiten, bëllegend a Kaf ze huelen, datt d‘Liewe vu vulnerabele Persounen duerch Impfverweigerer gefäerdet gëtt.

CGFP fuerdert Treffe mat Regierungsvertrieder

Déi deel plang- a konzeptlos Impfstrategie vu Lëtzebuerg erwächt ëmmer meí den Androck, datt munch politesch Verantwortlecher den Erausfuerderunge vun der Pandemie offensichtlech net gewuess sinn. Statt eng Zweeklasse-Mentalitéit ze fërderen, wier d‘Dräierkoalitioun gutt beroden, séier ëmzedenken. D‘Impfpolitik muss verständlech a koherent sinn. Gett eng vun dëse béide Grondviraussetzungen net erfëllt, senkt d‘Akkzeptanz vun der Bevëlkerung schlagaarteg.

D‘Impfstrategie vun der Regierung sollt grëndlech iwwerschafft ginn – och am ëffentlechen Déngscht! Fir hire Fuerderungen Nodrock ze verléinen, fuerdert d‘CGFP ee gemeinsamt Treffe mat de den zoustännege Regierungsmemberen. En entspriechend Austausch huet d‘CGFP haut schrëftlech ugefrot.

Matgedeelt vun der CGFP, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Aleyna Rentz / unsplash

Related topics CGFP, Enseignanten, Giischtercher, Impfcampagne, Impfstrategie, Police
Next post Previous post