Search

You may also like

Vill Froen am Stater Gemengerot
International Neiegkeeten

Vill Froen am Stater Gemengerot

D‘Sëtzung vum Stater Gemengerot huet sech an groussen Zich emol

What the Fakt – 127 Joer Diesel-Patent
International Neiegkeeten

What the Fakt – 127 Joer Diesel-Patent

Fir vill Leit gëllt de Rudolfs Diesel als Genie, woubäi

Déi gréng decidéiert nees un der Regierung bedeelegt ze sinn
International Neiegkeeten

Déi gréng decidéiert nees un der Regierung bedeelegt ze sinn

Beim Kongress vun déi gréng, de leschte Samschdeg zu Jonglënster,

Onwieder iwwer Südfrankräich

Staarkreen am Gard féiert zu spektakulären Iwwerschwemmungen, eng Persoun gëtt vermësst

Onwieder iwwer Südfrankräich

D‘Meteorologen haten zolidd Wiederwarnungen ausgeschwat an och virun Iwwerschwemmunge gewarnt. D‘Wiederfräsche sollte Recht behalen: an der Regioun ronderëm Nîmes ass am Zäitraum vu grad emol dräi Stonnen, esouvill Ree gefall wéi soss an zéng Wochen. D‘Gemeng Calvisson war bannent enger Stonn ganz vun de Flute verschléckt ginn… an esou gesäit et bal iwwerall aus.

Fir sech mat eegenen Aen ee Bild vun der Situatioun ze maachen, ass de franséischen Inneminister, Gérald Darmanin, nach am Nomëtteg an déi sinistréiert Regioun geflu ginn. Hei huet hien sech mat de Lokalpolitiker an de Bierger ënnerhalen an natierlech de Rettungskräften – déi nach ëmmer am Asaz sinn, a sech schonn op den nächste Schluet virbereeden – fir hiert Engagement felicitéiert.

25 Zentimeter Néierschlag an 180 Minutten, datt ass ee Rekord op deen esouwuel MeteoFrance wéi déi betraffe Mënsche gutt hätt verzichte kënnen. De Staarkreen huet eng 900 Pompjeeë mobiliséiert, et huet bis 18 Auer mindestens 450 Asätz gehat, 60 mol si Mënsche mat dräi Helikopter aus hirer mësslecher Lag befreit ginn. Betraff sinn iwwer siechzeg Gemengen am Departement Gard.

Entwarnung gëtt et nach keng, d‘Meteorologen hunn nach weider Néierschléi ugekënnegt. Am Gard soll et am Virmëtteg nach emol reenen, mee an der tëscht goufen och d‘Nopesch Departementer an Alarmbereetschaft gestallt. Déi aner Woch schonn, soll d‘Kommissioun vun den Naturkatastrophen de Katastrophefall aktéieren, fir datt d‘Gemengen an d‘Leit d‘Assurance kënne spille loossen.

mat indymedia/mrs

Related topics Departement Gard, Gérald Darmanin, Iwwerschwemmungen, Onwieder, Staarkreen, Südfrankräich
Next post Previous post