Search

You may also like

LuxCon 2019: Loosst iech net fléiwen an kommt op de Festival vun der Imaginatioun
International Neiegkeeten

LuxCon 2019: Loosst iech net fléiwen an kommt op de Festival vun der Imaginatioun

De Fall gesat dir hutt iech fir dëse Weekend nach

Cannabis: Nopere wéinst zukünfteger Legaliséierung besuergt
International Neiegkeeten

Cannabis: Nopere wéinst zukünfteger Legaliséierung besuergt

Datt zu Lëtzebuerg, bannent de nächsten zwee Joer de Cannabiskonsum

Äerdbiewen op de Philippinnen
International Neiegkeeten

Äerdbiewen op de Philippinnen

D‘Philippinnen, déi matten um pazifesche „Feierrank“ geleeë sinn, verzeechne generell

Fënnef Mënsche stierwe bei Onwieder a Südfrankräich

Dräi Leit si bei engem Helikopterofstuerz an zwou Persounen an de Flute verstuerwen

Fënnef Mënsche stierwe bei Onwieder a Südfrankräich

Et ass scho fir d‘Drëtt bannent e puer Wochen, datt den Departement Var am Süde vu Frankräich vun den Naturgewalten heemgesicht gëtt. Enn Oktober huet dës Serie un Onwieder ugefaangen a virun enger Woch hu war et déi franséisch Riviera. An ëmmer huet et Affer ginn…

Och gëschter huet wéinst aussergewéinlechem Wieder nees Affer ze bekloe ginn. Onwäit vun der Küstestad Marseille ass en Helikopter vum Zivilschutz ofgestierzt, déi dräi Mann Equipage hunn d‘Accident net iwwerlieft. Laut den Autoritéite war den Helikopter an der Nuecht um Wee an e Rettungsasaz. D‘Maschinn ass géint 1.30 Auer aus bis elo nach ongekläerter Ursaach erofgefall.

OnwiederZwou weider Persoune sinn duerch d‘Onwieder verstuerwen. Esou e Landwirt vu Fréjus, dee vun de Flute matgerappt gouf wéi hien op seng Béischten opgepasst huet. Zu Saint-Paul-en-Forêt war et e Schéifer dee mat senger Jeep iwwert eng Baach wollt a vun de Waassermasse matgeschleeft ginn ass. D‘Gefier an de lieflose Kierper sinn eng 300 Meter weider opfonnt ginn.

An den Departementer Var an Alpes-Maritimes war e Sonndeg déi héchst Alarmstuf ausgeruff ginn. Wéi schonn déi lescht Woch, war et besonnesch d‘Küsteregioun vun der franséischer Riviera, déi vun den Onwieder betraff War. Ganz hefteg war et esou zu Saint-Tropez a Sainte-Maxime, mee och d‘Principautéit vu Monaco gouf net verschount. Et war een dës Kéier awer besser virbereet…

Onwieder

Esou haten d‘Autoritéiten sech op dat schlëmmst agestallt an entspriechend Moossnamen ergraff. Den Zuchverkéier gouf ënnerbrach an och déi grouss Verkéiersachsen si gespaart ginn. Fir d‘Camione war e Fuerverbuet bis haut de Moien 6 Auer ausgeschwat ginn. D‘Leit waren opgeruff ginn, net onnéideg ausser Haus ze goen a sech méiglechst vun de Waasserleef ewech ze halen.

De Reen huet de Moien nogelooss, mee d‘Gefore bleiwe wéinst den Iwwerschwemmunge bestoen. Eng 50 Schoule bleiwen op dësem Méindeg zou. Fir d‘Autoritéiten heescht elo an enger éischter Phas dofir Suerg ze droen, datt et nees eppes wéi Normalitéit ka ginn. An da muss natierlech och nees alles geraumt a gebotzt ginn. D‘Leit aus der Regioun géifen sech iwwert eng Paus freeën.

mat indymedia/lyo

Foto: © Gendarmerie Nationale

Related topics Alpes-Maritimes, Iwwerschwemmungen, Naturkatastroph, Onwieder, Var
Next post Previous post