Search

You may also like

Live aus dem Parc 2020: Mat Optrëtter vum Remo Cavallini, Steven Pitman a Serge Tonnar
International Neiegkeeten

Live aus dem Parc 2020: Mat Optrëtter vum Remo Cavallini, Steven Pitman a Serge Tonnar

Mat der Ofso vun de kulturellen Evenementer am Ufank vun

money
Dossier ENGIE: Lëtzebuerg wiert sech géint d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun
International Neiegkeeten

Dossier ENGIE: Lëtzebuerg wiert sech géint d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun

Zu Bréissel ass d‘EU-Kommissioun der Usiicht, datt Lëtzebuerg dem Energiekonzern

What the Fakt – De Quarks & Co Moderator Ranga Yogeschwar huet Gebuertsdag!
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Quarks & Co Moderator Ranga Yogeschwar huet Gebuertsdag!

Den aus Lëtzebuerg stamenden Ranga Yogeshwar feiert haut säin 59.

Schwäiz: Doudeger bei Onwieder zu Genève

Schwäiz: Doudeger bei Onwieder zu Genève

Schwéier Onwieder mat Stuerm a Knëppelsteng hu gëschter an der Zentralschwäiz fir zolitte Schued gesuergt. Zu Genève goufe Beem entwuerzelt a zwou Persounen hunn de Stuerm net iwwerlieft.

Laut den Informatioune vun der Genfer Kantonspolice, ass eng Fra op engem Boot, datt wéinst dem schlechte Wieder havaréiert ass, ëm d‘Liewe komm. Déi zwou Persounen u Bord sollen nach versicht hunn an den Hafe vu Vesenaz anzelafen, wat hinnen net méi gelongen ass. Dem Mann um Boot huet et gepackt zréckzeschwammen an d‘Police ze alertéieren.

D‘Rettungsequippen déi séier op der Plaz waren, hunn d‘Fra onwäit vum Hafen um Buedem vum Séi fonnt. Obwuel alles versicht ginn ass, an d‘Fra esouguer per Helikopter an d‘Spidol geflu ginn ass, war näischt méi ze maachen. Op der franséischer Säit vum Genfer Séi ass eng däitsch Touristin verstuerwen. Op engem Camping zu Taninges, ass si vun engem Bam erschloe ginn.

Onberechenbart Wieder

Et war gëschter wuel bekannt, datt eng Schlechtwiederfront aus dem Frankräich géif eriwwerzéien, mee esou en Onwieder hat anscheinend keen um Schierm. Am spéiden Nomëtteg dunn awer ass et Schlag op Schlag gaangen. D‘Onwieder hat séier déi ganz Géigend ronderëm de Genfer Séi ënner Waasser gesat a vill Stroossen iwwerschwemmt. D‘Pompjeeë waren am Groussasaz.

Zu Genève hu misse Keller eidel gepompelt a Beem aus de Stroosse geraumt ginn. Zu Freiburg waren d‘Rettungsdéngschter am Dauerasaz, hei och haaptsächlech wéinst Iwwerschwemmungen. Affer si laut Auskunft vun de Servicer awer keng ze bekloen. Zu Thun an am Emmental si Knëppelsteng néiergaangen an zu Bern sollen se d‘gréisst vun engem Héngeree gehat hunn.

Veranstaltunge mussen Ofgebrach ginn

Nodeems sech bis an den Owend eran d‘Onwieder net berouegt huet, hunn eng Rei Veranstaltunge missen ofgebrach ginn. Esou de „Greenfield Festival“ zu Interlaken (Kanton Bern), wou d‘Leit géint 18.30 Auer opgefuerdert goufen sech an hire Gefierer a Sécherheet ze bréngen. Kuerz no 20 Auer konnt de Festival nees weider goen. Schied sinn ausbliwwen an et ass kengem eppes geschitt.

Zwee wieder Open-Air Concerten, Stadsfester an och e grousst Turnfest sinn aus Sécherheetsgrënn ofgebrach, respektiv ofgesot ginn. Bei Wandstéiss vu bis 100 Km/H eng Virsiichtsmoossnam déi net vu Muttwëll geholl ginn ass. Hei si Géigestänn duerch d‘Loft geschleidert ginn, déi eng Gefor fir Leif a Séil bedeit hunn. Wéi d‘Nuecht agebrach ass, war et dann nees wäitleefeg méi roueg.

mat indymedia/brn

Foto: Courtesy © Greenfield Fest.Org.

Related topics Genève, Iwwerschwemmungen, Klimawandel, Onwieder, Schwäiz
Next post Previous post