Covid19-Impfzenter Groussgaass

Op 70 Grand-Rue (Groussgaass) huet um Samschdeg den neie Covid19-Impfzenter seng Dieren opgemaach. Hei ass jo och en Zenter fir zertifiéiert Tester geleeën, d‘Plaz dierft also de meeschte bekannt sinn.

D‘Regierung setzt jo nach ëmmer op d‘Impfung, déi bekanntlech den eenzege Schutz virun engem geféierleche Krankheetsverlaf ass. Wien also interesséiert ass, zäitno a ganz bequeem seng Impfung tëscht zwee geschäftleche Rendez-vousen ze maachen, gëtt hei beschtens bedéngt. Gëschter hat et jiddefalls scho vill Interessenten, wat säitens de Bedreiwer vun dem Popup-Impfstore begréisst gëtt.

Covid19

Den Impfzenter an der Groussgaass ass jeeweils vu Méindes bis Samschdes vun 11 bis 18 Auer op. Et brauch ee kee Rendez-vous. Den Zenter bléift elo emol viraussiichtlech bis den 31. Dezember zu den genannten Zäite fir de Public op.

Dernières nouvelles