Search

You may also like

Auslännerwahlrecht: d‘ASTI gëtt keng Rou!
Neiegkeeten

Auslännerwahlrecht: d‘ASTI gëtt keng Rou!

Wann de Referendum vun 2015 och en zimlech „eendeitegt“ Resultat

Projet „Gravity“: Den éischte Stee fir bezuelbare Wunnraum
Neiegkeeten

Projet „Gravity“: Den éischte Stee fir bezuelbare Wunnraum

Elo ass d’Gemeng Déifferdeng selwer zum Promoteur ginn. Et verfollegt

Chemnitz: Rietsextremisten op Mënschejuegd
Neiegkeeten

Chemnitz: Rietsextremisten op Mënschejuegd

E sëlleche Leit sinn e Méindeg zu Chemnitz (Ost-Däitschland), bei

EUROFOIL: „op den allerleschte Stëppel!“

EUROFOIL: „op den allerleschte Stëppel!“

Zënter Oktober war een an der Direktioun vun der EUROFOIL zu Diddeleng éischter domadder beschäftegt alles an d‘Wee ze leeden, fir datt et zu engem Sozialkonflikt kënnt. Och géintiwwer de Medie war den Toun éischter ugespaant, woubäi et jo duer gaange wier éierlech ze soen, datt ee guer net ermächtegt ass eegen Aussoen ze maachen.

An esou huet d‘Situatioun kontinuéierlech eskaléiert, bis sech dann um Moie vum 1. Mee (ee ganz gutt gewielten Datum) moies um 7 Auer 93% vun den EUROFOIL-Beschäftegten, fir de Streik ausgeschwat hunn. De leschten Termin beim Conciliateur war fir de 6. Mee ugesat, an duerno wier wuel d‘Luucht an den Diddelenger Atelieren ausgemaach ginn. Dat awer wollt d‘US-Holding net.

Am Stolsecteur zitt et nees un, grouss Profitter zeechnen sech um US-Himmel of, an do ass et net fir d‘Produktiounscapacitéiten a Fro ze stellen. Déi vun den Aktionäre gewënschten Ausbeutung vum Salariat muss also op ee spéideren Zäitpunkt verluecht ginn, firwat een dann elo emol an den USA deenen zu Lëtzebuerg erlaabt huet, ee prinzipiellen Accord mam OGBL ze ënnerschreiwen.

Esou ergëtt et sech, datt d‘Errongenschaften aus dem leschte Kollektivvertrag erhale bleiwen, an alle Mataarbechter eng Joresprimm an Héicht vu 500 Euro bis inklusiv 2023 ausbezuelt gëtt. Da sollt et eng däitlech Begrenzung vun der Zäitaarbecht ginn (20 onqualifizéiert an 10 qualifizéiert Aarbechter si virgesinn, dat halbéiert den aktuelle Stand). An dat ass nach laang net alles…

Iert een dann elo awer „Victoire“ jäizt, gëllt iwwert de prinzipiellen Accord ze befannen, wat esou op den éischte Bléck säitens de Personaldelegatioun duerchaus gewënscht ass. Da muss nach de Kollektivvertrag ficeléiert an Ënnerschriwwe ginn. Eréischt wann dat alles iwwerstanen ass, kann e soen, datt d‘Schluecht gewonne gouf. Et ass awer sécher, datt et där Schluechten nach wäert hunn.

Et ass een haut als Salarié wierklech gutt beroden sech gewerkschaftlech ze organiséieren, an dat net nëmmen an de Industrie, wëll och an all deenen anere Secteuren ass de „Mënsch“ eng liicht ze ersetzend „matière première“. Réckendeckung vun der Politik gëtt et eenzeg fir d‘Patronat, wat elo awer dem Fait geschëlt ass, datt och de Salarié als Wieler op der ganzer Linn ëmmer nees verseet.

Foto: Am Oktober war d‘Manifestatioun um Site ganz gutt besicht, an et huet sech erausgestallt, datt d‘Mataarbechter vun der EUROFOIL standhaft bliwwe sinn. D‘Gewerkschaft huet zesumme mat der Personaldelegatioun duergehalen, an déi Beschäftegt waren elo och zum Streik bereet. © Martine de Lagardère / moien.lu (Archiv)

Related topics Accord, Conciliateur, EUROFOIL, Kollektivvertrag, OGBL, Personaldelegatioun, Streik
Next post Previous post