Search

You may also like

Ouni Koherenz kee Konsens
Meenung Neiegkeeten

Ouni Koherenz kee Konsens

Nodeems de Premierminister Xavier Bettel an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert e

Huet sech de Sultan verrechent?
Meenung Neiegkeeten

Huet sech de Sultan verrechent?

Laut dem politesche Wëlle sollte bis zu 250.000 Syrer nees

Coronavirus elo och zu Lëtzebuerg: „Et ass ee ganz normalen Zeenario“
Meenung Neiegkeeten

Coronavirus elo och zu Lëtzebuerg: „Et ass ee ganz normalen Zeenario“

Um Samschdeg Owend huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert matgedeelt, datt mir

Editorial: Op der Sich no Hänn

Editorial: Op der Sich no Hänn

Wann sech d‘Supermarchéen zu Lëtzebuerg nach rezent iwwert déi krass Konkurrenz am Internet geiergert hunn, esou ass et elo nees un der Zäit ze jéimeren, well wuel awer net all Mënsch seng Saachen online keeft. Wann de Client dann awer nees ganz analog an d‘Geschäft kënnt, stellt ee bei der ADEM an dem Eenzelhandel fest: d‘Gerante raume keng Regaler an sëtzen och net an der Kees.

Dobäi kënnt, datt et bekanntlech ëm de maximale Konsum, zwecks Erreeche vum maximale Profit, fir ganz wéineg Privilegéierter an hire Bedéngschtete geet. Et huet jo net genuch Eenzelhandel zu Esch-Uelzecht, a besonnesch u grousse Supermarchéen an Akafszenter feelt et jo. Déi ginn awer dréngend benéidegt, well den Eenzelhandel an der Uelzechtstrooss kritt déi Massen net bewältegt.

Och déi sëllege Geschäfter an der Liichtindustriezon zu Féiz, kréien den immensen Iwwerschoss u Konsumenten net méi an de Grëff. Um Belval datselwecht Bild. Hei konnten awer elo siwen nei Geschäfter/Enseigne ugesidelt ginn, déi nach viru Chrëschtdag sollen hir Dieren opmaachen. Elo kommen also nach nei Konsumtempel derbäi, net nëmmen zu Esch, an et sollt sech gefreet ginn…

Leider huet dëse permanente Wuesstem esou och seng Tücken: besonnesch fir déi „Grouss“ wou ab dem Ament wou am Aarbechtstitel iergendeppes mat „Chef“ kann iwwersat gëtt, d‘Loscht selwer eng Hand unzeleeën éischter ënnerdréckt gëtt. Et brauch also Mataarbechter, an zwar därer déi bereet sinn, net nëmme fir ee klenge Loun, nee och ënner bedenkleche Konditiounen ze schaffen.

Gesicht gëtt vun allem, virzuchsweis Fachkräft: vum Metzler iwwert den en Elektro-Fachverkeefer bis hin zur Caissière oder dem Lagerist. Mee et brauch net nëmme kräfteg Äerm, et brauch och Käpp, déi sollen an der Administratioun agesat ginn, beispillsweis am Beräich vun den neien Technologien. D‘Leit solle flexibel, méiglechst net an enger Gewerkschaft dofir awer geimpft sinn.

De Problem? Déi grouss Loscht bei dësen Entreprisen ze schaffen huet et net. Zumindest net bei de Residenten, déi mat deem Loun deen do versprach gëtt, kaum iwwert d‘Ronne kommen, wa si fir de Loyer mussen opkommen. An d‘Auslänner? Vu datt de Problem mam Personal och soss an der Groussregioun besteet, muss sech kee méi 4 Stonnen an den Auto sëtze fir hin an hir ze pendelen.

Hei deet sech aktuell och nach de Problem mat der Impfung op. Leit déi net geimpft ginn, ginn net méi vun der Adem vermëttelt, woubäi d‘Patronnen op Recommandatioun vun der Obregkeet jo och esou eppes net astellt. An den Eenzelhandel ass net den eenzege Secteur deen op der Sich no Hänn ass. An der Baubranche geet et sech net méi op, am IT-Secteur souwisou net. Ma dann, gutt Jontev.

Illustratioun: © Inigo De La Maza / unsplash

Related topics Aarbechtsmaart, ADEM, Auchan, Cactus, Delhaize, Eenzelhandel, Flexibilitéit
Next post Previous post