Search

You may also like

„Gréng“ a „gréng“ ass nach laang net dat selwecht
International Neiegkeeten Stories

„Gréng“ a „gréng“ ass nach laang net dat selwecht

Beim LCGB war gëschter d‘Rentrée 2020 a wéi dat bei

Duda gewënnt Stéchwahl a Polen
International Neiegkeeten Stories

Duda gewënnt Stéchwahl a Polen

Et huet eppes gedauert bis se a Polen d‘Stëmmen ausgezielt

LCGB: Meenungsaustausch mam portugiseschen Deputéierte Paulo Pisco
International Neiegkeeten Stories

LCGB: Meenungsaustausch mam portugiseschen Deputéierte Paulo Pisco

Vergaangene Freideg huet den LCGB sech mat portugisesche sozialisteschen Deputéierte

Kanns de op meng Planzen oppassen? Kee Problem!

Kanns de op meng Planzen oppassen? Kee Problem!

Wien fir eng länger Zäit an d’Vakanz geet, kennt de Problem mam Netze vun de Planzen. Entweder muss een den Noper ëm Hëllef froen, deen mat immenser Motivatioun an Energie (jo dat war Ironie) un d’Wierk geet, oder et léisst ee säi Grünzeug einfach verdréchnen. Dëse Mann aus England huet seng Roll als Planze-Babysitter e bëssi ze eescht geholl.

Planzen

© Lauren French

D’Lauren French vu London hat scho laang eng Auszäit op der anerer Säit vum Atlantik geplangt. Hire Matbewunner, den Jack, sollt sech an dëser Zäit ëm d’Planzen a Blumme vun der britescher Fra këmmeren. Duerch säin récksiichtsvolle Charakter huet hie sech perfekt fir dës Roll ugebueden. Nëmmen e puer Deeg nom Depart huet d’Lauren dunn dës lëschteg Fotoe geschéckt kritt.

Planzen

Déi Saach mam Humor gleewe mir bei dësem Ubléck direkt! © Lauren French

Den Jack wunnt, nieft den 2 weidere Matbewunner (si hu Vakanz a Kanada gemaach a konnten soumat net op d’Planzen oppassen), zwar eréischt säit kuerzem an der WG, an awer huet de laanghärege Kärel vun Ufank un mat Humor a Sympathie gepunkt.

A sengem Zëmmer huet d’Lauren insgesamt 5 Planzen, déi reegelméisseg genat musse ginn an eventuell och Fleeg brauchen. Hei huet de Matbewunner sech et net entgoe gelooss, dem agedëppten Grügzeug den héchsten Komfort a Luxus ze bidden, dee si wuel jee erliewe wäerten.

Planzen

© Lauren French

„Ech sinn Freides Moies op New York geflunn. Ech krut eng WhatsAppNoriicht um Freideg Owend vun him, an der hie bestätegt huet no de Planzen ze kucken“, erkläert d’Lauren. Heimat hätt hatt awer bestëmmt net gerechent. Esou ee Matbewunner kann ee sech jo nëmme wënschen!

Planzen

© Lauren French

Och d’Internet-Community weist sech begeeschtert, a lueft déi witzeg Iddi vum Jack. Natierlech kommen heibäi och Ufroen, op hien eng Frëndin huet oder net. Do sollt d’Lauren mol besser oppassen, soss kréien d’Planzen déi nächst Kéier keng luxuriéis Vakanzenënnerhalung méi!

Related topics Babysitter, Jack, Lauren French, London, New York, Planzen, Vakanz, Witzeg
Next post Previous post