Search

You may also like

Haut gëtt a Spuenien gewielt…
International Neiegkeeten

Haut gëtt a Spuenien gewielt…

Et ass déi véiert Wal bannent véier Joer, an déi

Chamberwahlen: D‘LSAP geet „Zesummen“ an de Wahlkampf
International Neiegkeeten

Chamberwahlen: D‘LSAP geet „Zesummen“ an de Wahlkampf

De 14. Oktober gi mir wielen, a well anscheinend nëmmen

CCDH: Keng Mannerjäreg am Prisong!
International Neiegkeeten

CCDH: Keng Mannerjäreg am Prisong!

Déi „Consultativ Kommissioun vun de Mënscherechter“ (CCDH) war eigentlech zefridde

Salvini verléiert: Rettungsschëff „open Arms“ zu Lampedusa ukomm

Salvini verléiert: Rettungsschëff „open Arms“ zu Lampedusa ukomm

No dräi Wochen um Mier ass d‘Schëff vun der spuenescher ONG Proactiva Open Arms elo awer an de Hafe vu Lampedusa agelaf. No de verzweiwelten Aktioune vun de Migranten u Bord vun der Open Arms, huet déi sizilianesch Staatsanwaltschaft ugeuerdent d‘Mënschen u Land ze Loossen.

No 19 Deeg um Mier, oder wéi et säitens der ONG betount gëtt: „Gefaangenschaft um Deck vun engem Schëff“, dierfen déi verbliwwen 83 Migranten elo u Land. Esou de Massage via Twitter, an deem e Video ze gesinn ass, wou d‘Freed vun de Mënschen iwwert dës (Nout)léisung ze gesinn ass. Biller déi dem italieneschen Inneminister Matteo Salvini an der Lega Nord géint de Stréch ginn.

Dobäi hat déi spuenesch Regierung dem Schëff ugebueden no Algeciras ze kommen, wou een de Migranten e sécheren Hafe kéint ubidden. Eng Offer déi vun der ONG zréckgewise ginn ass, dat mat der Begrënnung, datt een de Mënschen um Schëff dës Rees net zoumudde kéint. Gëschter huet Madrid annoncéiert e Schëff vun der spuenescher Marine zur Ënnerstëtzung ze schécken…

LampedusaD‘Audaz, esou de Numm vum Schëff, sollt sech mat der Open Arms treffen, an déi uschléissend bis Palma de Mallorca begleeden. Dës Missioun hätt sech iwwert eng Woch higezunn, wat wéi scho betount, ënnert de bekannten Ëmstänn net als valabel Optioun betruecht ginn ass. Dat dierft och de Procureur Luigi Patronaggio esou gesinn hunn, an huet ordonnéiert, d‘Open Arms alafen ze loossen.

Eng sécherlech human Decisioun, déi awer nees an de sozialen Netzwierker mat entspriechendem Haass an Onverständnes begleet ginn ass. Dobäi war de Procureur selwer op der Open Arms a konnt sech vun den hygieneschen Zoustänn um Schëff an dem Zoustand vun de Migrante mat eegenen Aen iwwerzeegen. De Procureur huet dann och d‘Beschlagnahm vum Schëff ugeuerdent.

mat indymedia/rom

Foto: © Open Arms Fund

Related topics Lampedusa, Luigi Patronaggio, Matteo Salvini, Migratioun, Open Arms
Next post Previous post