Search

You may also like

Illinois: Kierch ass Pedophilie
Neiegkeeten

Illinois: Kierch ass Pedophilie

D‘Ausmooss vum Skandal mat de pedophille Paschtéier hëlt an den

money
EU-Budget: Wou kee Wëllen ass, do ass kee Wee
Neiegkeeten

EU-Budget: Wou kee Wëllen ass, do ass kee Wee

Et hat vill Zouversiicht ginn an den EU-Rotspresident Charles Michel,

Schéisserei zu Hanau: den Dag duerno…
Neiegkeeten

Schéisserei zu Hanau: den Dag duerno…

Nodeems e Mann an Hessen 10 Mënschen an uschléissend sech

Open Data: Hei stinn d’Covid19-Donnéen ëffentlech zur Verfügung

Open Data: Hei stinn d’Covid19-Donnéen ëffentlech zur Verfügung

D’Regierung verfollegt weiderhin seng Strategie, Transparenz ze weisen, andeems oppe mat Informatiounen ëmgaange gëtt. Aus dësem Grond gëtt elo Open Data presentéiert, wou Donnéen a Relatioun zur Coronakris zu Lëtzebuerg oppen, einfach a gratis nogesicht an erofgeluede kënne ginn.

Den Numm Open Data (Lëtzb.: oppen Daten) erkläert sech quasi vum selwen. D’Informatiounen op dëser Säit stinn der Ëffentlechkeet fräi zur Verfügung, kënnen erofgelueden a verwäert ginn.

Säitens dem Gesondheetsministère këmmert ee sech all Dag dorëm, datt d’Donnéen zum Covid-19 aktualiséiert ginn. Heizou gehéiert ënnert anerem d’Unzuel vun hospitaliséierte Persounen mat normaler an intensiver Fleeg, d’Zuel un Doudegen, de Chiffer zu de Persounen déi d’Spidol verloossen duerfte oder och positiv op de Covid-19 getest gi sinn.

Erofluede kann een d’Informatiounen op data.public.lu. Ab elo stinn op der Säit www.covid19.lu illustréirend Grafiken zur Verfügung.

Open Data

© Santé

De leschte Stand vum Gesondheetsministère (23.04.2020)

  • Op COVID-19 positiv getest Persounen: 3.665
    • Residenten: 2.979
    • Net-Residenten: 686
    • Duerchschnëttsalter: 46 Joer
    • Ratio Männer/Fraen: 51,1% / 48,9%
  • Persounen, déi zanter dem Ufank vun der Kris getest goufen: 36.891 (dovunner 29.836 Residenten an 7.055 Net-Residenten)
  • Stierffäll: 83
    • Differenz par rapport zum Dag virdrun: +3
    • Duerchschnëttsalter: 83 Joer
    • Medianalter: 85 Joer
  • Hospitaliséierungen (COVID-19 a Verdachtsfäll): 165
    • Normalstatioun: 138
    • Intensivstatioun: 27
    • Entloossungen: 728

Nächst Mise à jour: 24.04.2020 tëschent 17:30 – 18:00

Opmaacherbild: © Glenn Carstens-Peters / Unsplash

Related topics Coronakris, Covid-19, Donnéen, Download, Gesondheetsministère, Open Data, Regierung, Santé, Transpar
Next post Previous post