Search

You may also like

Esch-Uelzecht: de Camionnetten de Krich erkläert
Kultur Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: de Camionnetten de Krich erkläert

Den Handwierker, oder vill méi de Camionnette vu den Handwierker,

Opgepasst! Grousse Schantjen op der A3 – Echangeur Diddeleng Zentrum
Kultur Neiegkeeten

Opgepasst! Grousse Schantjen op der A3 – Echangeur Diddeleng Zentrum

D‘Stroossebauverwaltung weist drop hin, datt de Stroossebelag op den Autobunnsbretelle

Keinachtsbaum – Echt Chrëschtbeemchen-Erliefnis ouni richtege Bam
Kultur Neiegkeeten

Keinachtsbaum – Echt Chrëschtbeemchen-Erliefnis ouni richtege Bam

Jo mir wëssen, et ass nach fréi, fir un déi

Open Market Days: Een erfollegräiche Virgeschmaach op Esch2022

Vum 20. bis den 22. Februar krut een ee multimediale Virgeschmaach op de Kulturhaaptstadprojet Esch2022 gebueden. Vertrieder vun de Medien, aus de Gemengen, der Kulturzeen, der Politik, wéi och BiergerInnen aus der Ëmgéigen, an natierlech net ze vergiessen S.A.R. d’Groussherzogin, déi iwwregens de Patronage iwwerholl huet, wollten sech déi sougenannt Open Market Days net entgoe loossen.

Fir d’Majoritéit vun de 500 Visiteure war et eng eenzeg- an neiaarteg Erfarung. Mat Bléck op d’Joer 2022 krut een eng kulturell „Amuse-Bouche“ zerwéiert, fir een éischten Abléck op de Projet vun der europäescher Kulturhaaptstad ze kréien. Déi fréier Muart-Hal huet sech dofir an ee villfältegen Informatiounsparcours verwandelt, sou datt de Grondstee vum Imagewandel um Lëtzebuerger a franséischen Terrain verdäitlecht konnt ginn.

D’Realisatioun vum Evenement un dëser ongewéinlecher Plaz war dank Delhaize méiglech, déi d’Raimlechkeete gratis zur Verfügung gestalt hunn, ier hei den neie Supermarché entsteet.

Véier Statiounen, masseg Informatiounen

Equipéiert mat spezielle Kopfhörer ass et als éischt duerch een Tunnel gaangen, deen de Visiteure mëttels enger immersiver Sound-Technik een innovatiivt, multidirektionaalt Erliefnis gebueden huet. Begleet gouf dës Erfarung vun engem professionelle Liichtdesign. D’identité sonore vun Esch2022, staamt aus der Fieder vum Museker David Ianni.

Déi zweet Statioun huet mat véier ausgewielte Projeten, déi op de véier Themensailen vun Esch2022 baséieren, een nach méi detailléierten Abléck an d’Zukunft gebueden. Wärend enger Stonn hunn déi véier Spriecher – Nancy Braun, Generaldirektesch vun Esch2022, de Sylvain Mengel, Kulturcoordinateur fir déi franséisch Gemengen (CCPHVA), d’Françoise Poos, Programmdirektesch vun Esch2022 an en Thierry Kruchten, Responsabele fir Tourismus a Mobilitéit – Ziler, Wënsch a Pläng geäussert.

Um Enn vum multimediale Parcours ass unhand vu VR-Technologie gewise ginn, wéi d’Erëffnungsfeier vum 22. Februar 2022 kéint ausgesinn. D’Ofschlossfeier um 22. Dezember 2022 wäert ënnert dem Motto Re-Start stoen: Et geet net drëm ee Festivaljoer auszeriichten, mee zesumme mat de Mënschen aus der Regioun ee Wandel anzelauden, deen an de Joren duerno weider entfaalt a voll manifestéiert gëtt.

Open Market Days

© Stad Esch

Wat kënnt als Nächst?

De Mäerz steet ganz am Zeeche vum Sponsoring. An Zesummenaarbecht mat der strategescher Kommunikatiounsberodungsfirma Binsfeld an dem Netzwierk Ernst & Young, wäert een ee Konzept erstelle fir esou d’Finanzéierung zu den agereechte Projeten auszeschaffen an dës schnellstméiglech ëmzesetzen. Schliisslech wëll een de Projetsdréier iwwert déi finanziell Ënnerstëtzung vu maximal 50 % säitens Esch2022 eng weider Hëllef bidden.

Ganz nom Prinzip vum Matchmaking ginn déi Kreativ mat Entreprisen zesummebruecht. Unhand vu Pitch-Presentatiounen ginn d’Iddie presentéiert fir esou méiglech Investisseure vum Projet ze iwwerzeegen.

Ab Abrëll ginn da Vertrieder vun de Medien all leschten Donneschdeg am Mount op den ënnerschiddlechste Plaze vun der Esch2022-Regioun iwwert relevant Themen informéiert a gi selwer och zum Austausch encouragéiert. Nieft de schonn duerchgefouerten Analysen an Ëmfroen, wäerte Moossnamen ergraff ginn, fir d’Biergerparticipatioun ze fërderen. Ee Partner, mat deem een hei enk zesummeschafft, ass déi spezialiséiert Berodungsfirma Impact Lab.

Méi zu Esch2022

Mat der Stad Esch, weideren 10 Lëtzebuerger Gemengen, dem Verband Pro Sud an 8 franséiche Gemenge vun der CCPHVA-Regioun kënnt d’Europäesch Kulturhaaptstad 2022 an de Minett. Dobäi steet Esch2022 ënnert dem Motto Remix Culture. Aktuell schaffen 13 fest MataarbechterInnen an der Ekipp zesummen, bis 2021 soll d’Team op ronn 30 Memberen wuessen.

D’Ausschaffen an d’Ëmsetze vun Theme kënnt duerch eng enk Zesummenaarbecht mat de Gemengen, de Ministèren an anere Partner zustanen. Verwalt gëtt dat Ganzt d’Vereenegung Capitale Européenne de la Culture 2022 Asbl.

D’Billergalerie fannt Dir uewen © Stad Esch

Related topics CCPHVA, David Ianni, Esch2022, europäesch Kulturhaaptstad, Frankräich, Liichtdesign, Minett, Open Market Days, Terres Rouges, VR-Technologie
Next post Previous post