Search

You may also like

D‘Läschwaasser verdonst iert et d‘Flamen erreecht
International Neiegkeeten

D‘Läschwaasser verdonst iert et d‘Flamen erreecht

„Esou ongeféier kann een sech de Waardesall vun der Hell

surprise
John McAfee a Spunien gestuerwen
International Neiegkeeten

John McAfee a Spunien gestuerwen

De Grënner vun der Software- an Antivirus-Firma McAfee ass dout

Schwéiert Accident op der C106
International Neiegkeeten

Schwéiert Accident op der C106

Wéi d‘Police de Moie matdeelt, ass et um Freidegmuere kuerz

USA leeën „Open Skies“ Ofkommes ad acta

Virum Genfer Sommet“ huet Washington, dat sengerzäit tëscht der NATO an dem Warschauer Pakt getraffen Ofkommes, huet déi géigesäiteg militäresch Loftiwwerwaachung gereegelt

USA leeën „Open Skies“ Ofkommes ad acta

Washington a Moskau sinn sech zanter längerem net méi gréng, an och wann sech de Joe Biden an de Vladimir Putin de 16. Juni zu Genève zum „véier Ae Gespréich“ treffen, esou goufe d‘Jalone fir weideren Dissens vun der virechter Regierung geluecht. De „Big“ Mike Pompeo, hat den Nol am leschte Joer entspriechend déif ageklappt, an déi nei Regierung ass jo och net pro-russesch agestallt.

Elo huet dann déi amerikanesch Vizeausseministesch Wendy Sherman gëschter confirméiert, datt d‘USA den Accord „Open Skies“ – deen 1992 tëscht der NATO an dem deemolege Warschauer Pakt geschloss gouf – net méi wäert ophuelen. Deen Accord hätt seng Zäit gemaach, an ee „Signataire“ géif et jo och net méi. Washington huet Moskau entspriechend informéiert, esou d‘Ministesch.

An esou ginn se dohin, all déi Verträg, déi iergendwéi ëmmer ee Beitrag zum europäesche Fridden (ëmmerhi 75 Joer) geleescht hunn. D‘Decisioune goufen ëmmer zimmlech eesäiteg vun den USA geholl an dorunner schéngt sech dann och näischt geännert ze hunn. Esou bleift dann elo nach just en Ofkommes zur géigesäiteger Waffekontroll iwwreg: New START. Gëllt offiziell nach bis 2026.

Och eng Fro vu Vertrauen

Gutt et gëtt de Warschauer Pakt net méi, a wann seng Atomwaffen sech iwwert de Wiessel gehalen hunn, esou hunn och d‘Amerikaner hiert Arsenal ganz an eiser Noperschaft stationéiert, well et jo den Equiliber brauch. Open Skies hätt e vläicht intelligenterweis sollen nei verhandelen, leider war dat ënnert dem charismateschste vun allen US-Presidenten aus der Neizäit, aus Grënn net méiglech.

Well ee Verträg an der Politik anscheinend net kann am géigesäitege Versteesdemech kënnegen, wat besonnesch an Amerika eng grouss Traditioun huet, gräift een zu Geschichten a Ligen, firwat dann och ëmmer „déi aner Säit“ muss als Verursaacher verkläert ginn. Gutt d‘Russe si keen Deit besser, fleegen awer en anert Verhältnis zu Verträg. A souwisou gëllt nach ëmmer: „Amerika First!“, oder?

De Russen ass et dann och zimmlech egal, esou um Accord „Open Skies“ huet Moskau elo jo net gehaangen. Zu Washington gëtt sech zudeem op allen Niveaue vu Regierung, Kongress an esouguer Senat beméit der Welt verständlech ze maachen, datt sech d‘Russen offensichtlech net beméit hätten den Vertrag anzehalen. Firwat dann nach ëmmer keng Beweiser zu Verstéiss virleien? Ass geheim.

An esou hunn eis amerikanesch Frënn nees Tatsaache geschafen, besonnesch wat hir Matleefer an der NATO-Famill ugeet, dären hir Konsequenzen a leschter Instanz mir Europäer ze erdroen hunn. Ob de Sommet zu Genève, derzou bäidréit de russeschen Zar an den US- Cowboy nees zu enger erdréiglecher Bezéiung ze beweegen? A mussen elo déi europäesch Alliéiert fir d‘USA spionéieren?

mat indymedia/was/bru

Illustratioun: © Hans Dorries / unsplash

Related topics Europa, Joe Biden, NATO, Open Skies, Russland, US-Aussepolitik, USA, Vladimir Putin
Next post Previous post