Search

You may also like

Besseren Zougrëff op d’Fleeg
International Neiegkeeten

Besseren Zougrëff op d’Fleeg

Bei enger Pressekonferenz zu den néie Moossname fir ee besseren

Nationalarchiv: den Depot um Helleggeescht-Plateau ënner Waasser
International Neiegkeeten

Nationalarchiv: den Depot um Helleggeescht-Plateau ënner Waasser

Dobausse brécht d‘Wieder all Temperaturrekorder an et herrscht Dréchent. Do

money
Trump op Staatsbesuch a Japan
International Neiegkeeten

Trump op Staatsbesuch a Japan

Et ass dem Donald Trump säin éischte Besuch am Land

Open Skies: En interessante Standpunkt

Open Skies: En interessante Standpunkt

Nodeems d‘USA groussspuereg ugekënnegt hunn, datt si wëlles hunn sech aus dem Open Skies Ofkommes zréckzezéien, dat well sech Russland net un den Accord géif halen, an och d‘NATO erkläert huet, datt si de Standpunkt vu Washington am Fong deelen, huet sech och de Lëtzebuerger Ausseministère zur Situatioun geäussert.

An engem kuerze gemeinsame Communiqué mat den Ausseminister vun der Belsch, Däitschland, Finnland, Frankräich, Holland, Italien, Schweden, Spuenien an der Tschechescher Republik heescht et: „Mir bedaueren d‘Annonce vun der US-Regierung sech wëllen aus dem Traité vum ‚oppenen Himmel‘ zréckzezéien, obwuel mir hir Suergen am Bezuch op d‘Ëmsetzung vum Traité, säitens Russland deelen“.

Si argumentéieren – esou zumindest eisen Ausseministère – datt: „Den Traité ‚Open Skies‘ ee kruziaalt Element vun der Vertrauensbildung ass, datt iwwert déi lescht Joerzéngten opgebaut ginn ass fir d‘Transparenz an d‘Sécherheet an der Euro-atlantescher Zon ze stäerken“. Si wëllen dann och weiderhin den Accord ëmsetzen, dee wichteg fir eis „Architektur vun der Maîtrise vun de konventionelle Waffesystemer an eiser gemeinsamer Sécherheet“ ass.

Um Dialog mat de Russe géif also festgehalen, esou wéi dat anscheinend och vun den NATO-Memberlänner an aneren europäesche Partner gefuerdert gëtt. Si géife gären eng Léisung fannen, bei där et och ëm d‘Kontrollflich iwwert déi russesch Enklave Kaliningrad geet. Hei hunn d‘Russen de Fluchbetrib ageschränkt, wat esou net vum Open Skies Ofkommes matgedroe gëtt.

sécherDat ass vum Prinzip an och an der Ausféierung esou gesi ganz richteg, mee un a fir sech net méi Zäitgeméiss. Zum enge kaschten dës Kontrollflich ee Verméigen an zum anere gëtt eng ëmfaassend Kontroll längst per Satellit duerchgefouert. Et ass also net esou, wéi wann d‘USA, d‘NATO a jiddereen dee gutt Bezéiungen zum Pentagon huet, net wéisst wat zu Kaliningrad gespillt gëtt.

Vläicht sollt een dann och emol an Erënnerung ruffen, datt dësen Accord sengerzäit mat de Länner vum Warschauer Pakt geschloss gouf. Dee gëtt et net méi, an eigentlech hätt et ënnert dëser Viraussetzung längst zur enger „Reform“ vum Ofkommes misse kommen, mee dat schéngt net zur politescher Strategie vun Europa an/oder der NATO ze gehéieren. Ee risege Manöver (Defender) un de Grenzen zu Russland allerdéngs schonn.

A Russland hu se net wëlles sech op déi nei amerikanesch Rhetorik anzeloossen. Och zu Moskau ass et kengem entgaangen, datt den Donald Trump zanter sengem Amtsuntrëtt esou zimmlech alles u Verträg zerrappt huet, déi eigentlech friddenssécherend waren, och wann se net perfekt waren. Mee esou Verträg sinn och ëmmer d‘Resultat vum beschtméigleche Kompromëss. Ännert sech déi Gesamtsituatioun sollt ee matenaner schwätzen.

Verhandlunge sinn ëmmer besser wéi d‘Erbäiféiere vun enger Konfliktsituatioun, et sief et géif ee ganz Ziler verfollegen. Dat schéngt esou och de Fall fir d‘US-Regierung ze sinn. Den Donald Trump wëll seng Arméi an och säin Atomwaffenarsenal erneieren, firwat hien och den INF-Accord gekënnegt huet. Och dat gouf sengerzäit mat vill Versteesdemech fir d‘USA „bedauert“…

Illustratioun: © Victor Garcia / unsplash

Related topics Jean Asselborn, NATO, Open Skies, Russland, USA, Warschauer Pakt
Next post Previous post