Search

You may also like

Psychesch gesond bleiwen – och mam Coronavirus
Neiegkeeten

Psychesch gesond bleiwen – och mam Coronavirus

Dëst Joer war nawell zimlech hefteg. D’Coronavirus-Pandemie huet eis zanter

Jean Asselborn: D’Verhandlunge mat den USA gi virun!
Neiegkeeten

Jean Asselborn: D’Verhandlunge mat den USA gi virun!

De Rot vun der EU huet gëschter d’Mandater ugeholl, déi

Boris Johnson „King of the World“ ?
Neiegkeeten

Boris Johnson „King of the World“ ?

Wann et richteg ass, datt et eis näischt ugeet, wéi

Open-Source Noweis-Verfare fir Planzen aus neier Gentechnik

Open-Source Noweis-Verfare fir Planzen aus neier Gentechnik

Greenpeace huet um Méindeg, zesumme mat aneren ONGen, Gentechnik-Fräi-Verbänn esou wéi enger Handelsketten, déi weltwäit éischt fräi zougänglech (Open-Source) Noweismethod fir eng Planz där hiert Ierfgutt mat engem Verfare vun der „neier“ Gentechnik (Genome Editing) hiergestallt ginn ass, verëffentlecht.

Dat nei entwéckelt Testverfare widderleet d‘Behaaptunge vun der Gentechnik-Industrie an gewëssen europäeschen Autoritéiten, datt mëttels „neier“ Gentechnik-Verfaren hiergestallt, meeschtens net vun natierlech geziichten ënnerschidden an dohier net no EU-Gentechnikrecht reguléiert kënne ginn. Greenpeace fuerdert déi Lëtzebuerger Regierung op, elo direkt Protokoller ze entwéckelen, déi nei der Liewensmëttelkontroll op dësem Open-Source Noweis-Verfare baséiere fir eng illegal Kontaminatioun vun Importer mat neie Gentechnik-Planzen ze verhënneren.

Mat der neier Method gëtt eng Herbizid-tolerant Raps-Zort nogewisen, déi mat Hëllef vun engem Verfaren der sougenannter „neier“ Gentechnik entwéckelt ginn ass. Den Noweis erméiglecht et de Lëtzebuerger Autoritéiten, entspriechend Kontrollen unzeuerdnen an esou ze verhënneren, datt déi an der EU net zougeloossen Notzplanz illegal an déi Liewens- a Fuddermëttelkette vun der EU gelaangt. Bis ewell gouf et fir EU-Länner keng Method zur Ënnersichung, fir landwirtschaftlech Importer op dësen Deeler vun den USA a Kanada ugebautem Gentechnik-Raps ze testen.

D‘Heike Moldauer, EU-Politikberoderin beim däitsche Verband Liewensmëttel ouni Gentechnik e.V. (VLOG) erkläert: „Déi nei Noweis-Method ass ee Meilestee fir de Schutz vu Konsumenten, Liewensmëttelproduktioun a Landwirtschaft an der EU! D‘Autoritéiten hunn elo d‘Méiglechkeet, net zougeloosse gentechnesch verännert Planzen och tatsächlech ze identifizéieren. Dat erlaabt et Hiersteller a Vermaarter op allen Niveaue – vun Imker iwwer Landwirt, Ziichter bis hinn zur Fudder- a Liewensmëttelwirtschaft – hir Liwwerkette vun dësen neiaartege gentechneschen Organisme fräizehalen an esou déi wuessend Nofro vun de Konsumenten no gentechnikfräie Liewensmëttel och laangfristeg ze erhalen“.

Dës nei Noweis-Method ass e Méindeg no engem ausféierleche Peer-Review an der Fachzäitschrëft „Foods“ publizéiert ginn. Mat dëser Method kann de Gentechnik-Raps vun der amerikanescher Biotechnologie-Entreprise Cibus prezis nogewise ginn. Dobäi handelt et sech ëm eng vu bis ewell zwee mat Hëllef vun neier Gentechnik hiergestallten Notzplanzen, déi an Nordamerika schonn ugebaut ginn. De Cibus-Raps huet an der Europäescher Unioun keng Zouloossung, Importer vun dësem Gentechnik-Raps wieren also illegal. Dat neit Noweis-Verfare gouf scho vun den Experte vum éisträichesche Ëmweltbundesamt validéiert. Et erfëllt all déi europäesch Kritäre fir Noweis-Methode fir gentechnesch verännert Organismen a kann ab elo agesat ginn.

Open

Kontrollzeechen „ouni Gentechnik hiergestallt“ © ARGE Gentechnik-frei

Am Juli 2018 huet den Europäesche Geriichtshaff (EuGH) kloer gestallt, datt och Produiten aus de Verfare vun der neier Gentechnik ënnert d‘Bestëmmunge vun der EU-Gentechnikgesetzgebung falen. Den EuGH huet gesot, nëmmen esou kann dem Versuergungsprinzip Rechnung gedroe ginn, dat an den EU-Verträg verankert ass, an op deem d‘EU-Virschrëften zur Liewensmëttelsécherheet foussen. Dat Urteel verlficht déi lëtzebuergesch an europäesch Autoritéiten ënnert anerem dozou, Importer op d‘Kontaminatioun mat neie Gentechnik-Planzen ze ënnersichen. Dank dem neien Open-Source Noweis-Verfaren ass dat elo fir d‘éischt och praktesch méiglech.

„Nom Urteel vum ieweschten EU-Geriicht fale genomeditéiert Planze kloer ënnert EU-Gentechnikrecht. Dat ass erfuerderlech, fir d‘Konsumenten an d‘Ëmwelt ze schützen. Verschiddener hu behaapt, et wier onméiglech, genomeditéiert Planzen opzespieren, dohier kéinten déi net no geltendem Gentechnikrecht reguléiert ginn. Dat neit Noweis-Verfare liwwert der EU-Kommissioun an der Lëtzebuerger Regierung elo fir déi éischte Kéier d‘Instrumenter dofir. Elo gëtt et keng Ausriede méi – dat neit Noweis-Verfare muss standardméisseg bei Gentechnik-Kontrollen ugewannt ginn“, fuerdert d‘Franziska Achterberg, Direktesch vun der EU-Liewensmëttelpolitik bei Greenpeace.

Matgedeelt vu Greenpeace Lëtzebuerg, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Opmacherbild: Aktioun géint Gentechnik-Raps © Andreas Schölzel/Greenpeace (2004)

Related topics genomeditéiert Planzen, Gentechnik, Greenpeace, Open Source, VLOG
Next post Previous post